Sichen

Dir kéint och nach folgende gefalen

Dossier Skripal: Beschëllegunge vergëften d‘Bezéiung mat Russland
Neiegkeeten

Dossier Skripal: Beschëllegunge vergëften d‘Bezéiung mat Russland

Eng Rei Memberlänner vun der EU hunn e Freideg ugekënnegt,

Den naturdréiwen aus der Echternacher Brauerei
Neiegkeeten

Den naturdréiwen aus der Echternacher Brauerei

Et ass en „Hellen“ deen de Braumeeschter Mathias Mertes, mat

Nach herrscht Fridden tëscht dem OGBL an dem Aarbechtsminister
Neiegkeeten

Nach herrscht Fridden tëscht dem OGBL an dem Aarbechtsminister

Bei enger éischter Entrevue tëscht dem OGBL an dem neien

What the Fakt – Raum 19 an d’Büst vum Nofretete

What the Fakt – Raum 19 an d’Büst vum Nofretete

Um 6. Dezember 1912 ass an der mëttelegyptescher Stad Amarna ee Sensatiounsfond gemaach ginn. Bei archeologeschen Ausgruewunge gouf an engem ale Kënschtleratelier déi berühmt Büst vun der Nofretete fonnt.

Vun 1911 bis 1914 huet déi Däitsch Orientgesellschaft (DOG) Gruewungen an der anticker Stad vun Achet-Aton, haut Amarna genannt, organiséiert. Zur Regéierungszäit vum Echnaton an Nofretete war Achet-Aton d’Haaptstad vun Egypten. Hei konnt een dann och eng Rei Kënschtlerateliere, vum Sculpteur Thutmosis, fannen.

An engem vun dësen Atelieren, fir genau ze sinn am Haus P47,2 – Raum 19, si Wëssenschaftler schliisslech op eng immens gutt erhale Büst vun der Sonnekinnigin Nofretete gestouss. Dobäi konnt een eraus fannen, datt d’Figur vun 1340 viru Christus stame muss an deemools fir d’Schüler als Virbild vir aner Statuen an dësem Stil gedéngt huet.

Nofretete

D’Büst vum Nofretete

D’Büst vun der Nofretete ass 50 Zentimeter héich a besteet aus engem Kalksteenkär, ëmmantelt mat Gips, Biergkristaller a Wuess. Duerch hir immens gutt erhale Faarwen an déi fein Modelléierung vum Gesicht zielt d’Statue zu den héichrangege Wierker aus dem alen Egypten.

Et ass bemierkenswäert, datt hei kee jonkt Meedchen, mee eng räif Fra duergestallt ass. Duerch déi douce Falen ënnert den Aen an um Kënnberäich, de liicht agefale Baken an de markante Gesiichtszich krut d’Sonnekinnigin eng besonnesch Form vu Schéinheet vum Kënschtler zougewisen.

A wisou soll dat grad d’Nofretete sinn? Majo Wëssenschaftler hunn ëm d’Ausgruewungsplaz Indizien zur Identifikatioun fonnt. Déi speziell Gesiichtszich, mee virun allem déi Blo Kroun zeechnen déi egyptesch Kinnigin aus. Bis dohin huet nach kee vun der Existenz vun dëser weiblecher Schéinheet Bescheed gewosst.

Am Joer 1370 viru Christus ass d’Nofretete zu Mitanni, dat haitegt Syrien, als Kinneksduechter gebuer ginn. Dat jonkt Meedchen huet deemools nach Taduschepa geheescht a sollt mat 15 Joer an Egypten de Pharao Amenophis III. bestueden. Hire Mann stierft awer kuerz no der Hochzäit an esou gëtt déi jonk Fra mam Jong Amenophis IV. bestued. Hiren Numm gëtt uschléissend zu „Nofretete“ ëm geännert, wat esou vill heescht wéi „Dat Schéint, wat do kënnt“.

D’Büst vun der wonnerschéiner egyptescher Herrscherin steet zu Berlin am Egyptesche Musée. Hei ass ee ganze Raum just fir d’Büst ageriicht ginn. Dem Nofretete säi Bléck geet dobäi duerch d’Säll vum Musée, bis bei d’Südkuppel an trëfft hei op d’Statue vum Sonnegott Helios vun Alexandria.

Quellen:

Ähnlech Sujeten Amarna, Archäologie, Egypten, Geschicht, Nofretete, What the Fakt
Nächsten Artikel Virrechten Artikel