Sichen

Dir kéint och nach folgende gefalen

Den SNE an d’CGFP hunn eng kloer Positioun a Fuerderungen zum Stage am Fondamental !
Kultur Neiegkeeten dating a girl with a busy schedule

questions to ask girl dating site

Wéi Dir et sécherlech aus der Press erfuer hutt, ass

free dating website online
Kultur Neiegkeeten dating a girl with a busy schedule

Och den Eeschtfall muss trainéiert ginn

Wat fir vill Automobilisten tëscht dem Freideg 21:00 an dem

money
Raiffeisen-Bank: mat sech an der Welt zefridden
Kultur Neiegkeeten dating a girl with a busy schedule

Raiffeisen-Bank: mat sech an der Welt zefridden

Déi kooperativ Bank Raiffeisen ass wuel kee Ris op der

What the Fakt – De Rembrandt an den Dokter Tulp

What the Fakt – De Rembrandt an den Dokter Tulp

D’Bild zur anatomescher Virliesung vum Dr. Tulp ass eent vun de bekanntste Biller vum hollännesche Moler Rembrandt. Dohannert stécht eng faszinéierend Geschicht, déi net nëmmen D’Molerei, mee och d’Wëssenschaft opgräift.

Am Januar 1632 ass den 28 Joer alen Adriaan Adriaansz, och nach Aris Kindt genannt, wéinst Déifstahl gehenkt ginn. Doropshin ass am Amsterdamer Waagebouw eng ëffentlech Obduktioun organiséiert, bei der d’Chirurgegild een Abléck an d’Anatomie vum Mënsch sollt kréien. De 16. Januar 1632 ass domadder ee wichtegen Datum, wëll dat medezinescht Event säin Deel zur Wëssenschaft, mee och zur Konscht bäigedroen huet.

Bildung a Warnung zugläich

Bei der Dissektioun vum Déif sengem Kierper konnt jiddwereen, den bezuelt huet, deelhuelen an nokucken. Op der enger Säit sollt esou den ambitionéierte Fuerschungsdrang, den keng Angscht kennt, demonstréiert ginn. Op der anerer Säit sollt dës Zerglidderung vum Mënsch de Bierger eng Léier sinn, wat d’Strof fir ee Verbriechen ass. Mat dësem Evenement geet d’Péngegung nämlech nach iwwert den Dout hinaus.

D’Bild „Die Anatomie des Dr. Tulp“ vum Rembrandt Van Rijn, hollännesche Kënschtler am Gëllenen Zäitalter, hält dat ganzt Spektakel fest. Dobäi mierkt ee schnell, datt et eng reegelrecht Zeremonie a feierlech Prozedur war, fir de mënschleche Kierper ze zerschneiden. Sou steet den Dr. Tulp mam schicken Hutt do, an och déi aner Chirurge sinn immens gutt gekleet.

Wien am Musée Mauritshuis virum Anatomiebild steet, kann sech an d’Siicht vun de Spectateure versetzen, déi deemools mat dobäi waren. Opfälleg ass, datt bei der Dissektioun net mam Ënnerleif ugefaange ginn ass an den Organer, déi als éischt dem Verwesungszoustand zum Opfer falen. Nee, den Dokter Tulp schneit als alleréischt d’Hand op, mat der den Déif klaue wollt. Gëllt dëst als Akt vu Rache? Aner Quelle ginn dovun aus, datt hei bei de Kierperpartien ugefaange gouf, wou d’Medeziner deemools Lymphgefässer a „wäiss Venen“ vermutt hunn.

Dës weideren erkennt och een Amateur, datt weder d’Perspektiv, nach d’Anatomie vum lénken Arem richteg ass. D’Hand ass esou gedréint, datt een amfong an d’Bannesäit kuckt, d’Seene verlafen awer, wéi ob der Uewersäit vum Arem.

Rembrandt

De Kënschtler ass dofir bekannt, Zeenen aus dem Alldag an naturgetreier Aart a Weis ofzebilden. Doduerch ass et éischter onwahrscheinlech, datt de Kënschtler hei einfach ee Feeler gemaach huet. Wien ee Bléck op d’Bild werft gesäit direkt, datt just eng eenzeg Persoun, de Rembrandt selwer, sech d’Läich an de medezinesche Prozess ganz genau ukuckt. Domadder setzt hien sech op een Niveau mam Déif, an net mat de Chirurgen. Et kann een et dann esou wäit interpretéieren, datt de Kënschtler d’Hand express verdréint huet, fir moleresch iwwert d’Behandlung vun der Läich ze lästeren.

De Wee ass laang

Am Joer 1656 huet de Rembrandt ee weidert Bild vun enger Dissektioun erausbruecht. Dës Kéier war et d’Anatomiestonn vum Dr. Jan Deijman déi gemoolt ginn ass. Domadder knäppt de Kënschtler un d’Wierk vum Nicolaes Elioaszoon Pickenoy un, den am Joer 1619 d’Osteologie vum Dr. Sebastiaen Egbertsz thematiséiert huet. Bei dësem Gruppeportrait handelt et sech ëm d’Ënnersichung vun engem Skelett.

D’Anatomie vum Kierper war schonn ëmmer ee grousst a faszinéierend Thema. An awer sollt et nach emol 100 Joer daueren, ier ee Chirurg de Kierper vun enger doudeger Fra obschneiden an ënnersichen duerft.

Quellen:

Ähnlech Sujeten Anatomie, Die Anatomie des Dr Tulp, Dissektioun, Dr Tulp, Konscht, Rembrandt, What the Fakt
Nächsten Artikel Virrechten Artikel