Sichen

Dir kéint och nach folgende gefalen

D‘USA wëlle fir d‘Stationéiere vun Truppen a Material bezuelt ginn
Neiegkeeten

D‘USA wëlle fir d‘Stationéiere vun Truppen a Material bezuelt ginn

Wa sech erweise sollt, datt d‘Aussoe vum fréieren US-Ambassadeur bei

What the Fakt – De Grondsteen vun der Sagrada Familia gëtt geluecht!
Neiegkeeten

What the Fakt – De Grondsteen vun der Sagrada Familia gëtt geluecht!

Wien an déi spuenesch Stad Barcelona reest kënnt un dësem

De Grënner vu Facebook soll och zu Bréissel eng Ausso maachen
Neiegkeeten

De Grënner vu Facebook soll och zu Bréissel eng Ausso maachen

Am Dateskandal ronderëm Facebook, deen duerch Cambridge Analytica ausgeléist ginn

What the Fakt – De René Magritte koum haut virun 120 Joer op d’Welt!

What the Fakt – De René Magritte koum haut virun 120 Joer op d’Welt!

„Ceci n’est pas une pipe“ – wien kennt et net? Op Konschtintresséierten oder net, jiddwerengem vun eis ass wuel d’Bild mat der Päif, déi keng Päif ass bekannt. De Kënschtler René Magritte, den fir seng surrealistesch Konscht bekannt ass, gëtt den 21. November 1898 gebuer. Ab dësem Zäitpunkt kann d’Mënschheet nees een neie legendären an talentéierten Artist begréissen.

Magritte
abc

Schonn als jonke Kärel ass de belsche Kënschtler un der Diversitéit an Ästhetik vu Konscht interesséiert. Aus dësem Grond schreift hien sech zu Bréissel an der Académie des Beaux-Arts an. Nach um Ufank vu senger Karriär gëtt hien zur Zentralfigur vun engem Literatur-Krees, den sech staark un der deemoleger Dada-Beweegung inspiréiert.

An der belscher Haaptstad kommen dem Magritte seng Konschtwierker net esou gutt un. Dowéinst geet hien 1927 op Paräis a schléisst sech hei de Surrealisten un. Duerch säi gudde Kolleg André Breton léiert hie schliisslech och de Max Ernst, de Francis Picabia an de Marcel Duchamp kennen. An dëser Atmosphär kann de belsche Kënschtler säin Talent vollkommen entfalen a säi surrealistesche Stil endlech ausprägen.

Surrealismus – a wat ass dat dann?

Generell bezeechent de Begrëff eng Stréimung an der Literatur, Konscht, Musek a Fotografie, déi ëm 1920 zu Paräis entstanen ass. D’Wuert Surrealismus erkläert sech, wann een et iwwersetzt, scho bal selwer: alles geet iwwert d’Wierklechkeet hinaus. D’Kënschtler wollten an hire Wierker net nëmmen dat duerstelle, wat ee gesäit, mee och Dreem, Visiounen an dat Fantastescht. Wien elo nach kee Bild virun Aen huet sollt sech vläicht dem Salvador Dali säi Bild „D’Bestännegkeet vun der Arennerung“, mat de schmelzenden Aueren ukucken.

De Magritte als Ingenieur vum Onméiglechen!

Beim Surrealist ass d’Grenz tëscht Fantasie a Wierklechkeet komplett gesprengt ginn. Sou hänkt hie beispillsweis iwwerdimensional Äppel an een Zëmmer fir d’Monstrositéit vum Alldag ze weisen. Een ëmmer zeréck kommend Element ass och d’Anonymitéit vu Mënschen, déi entweder hiert Gesiicht mat enger Meloun oder engem Duch verstoppen.

Dëst Stilelement kënnt awer och engersäits vun dem tragesche Verloscht vu senger Mamm. De jonke Mann huet si no hirem Suizid am Waasser fonnt, mam Nuetshiem iwwert dem Kapp. Dëst Bild muss hien enorm gepräägt hunn.

Oft huet de Kënschtler awer och aner Surrealisten duergestallt, eng Lokomotiv déi duerch de Kamäin era gefuer kënnt oder een hellbloen Himmel, obwuel et Nuecht ass. Säi bekanntste Bild ass awer nach ëmmer „Ceci n’est pas une pipe“, wat zur Serie vum „Verrot vun de Biller“ gehéiert.

Magritte

A wisou ass et dann elo keng Päif?

Enn vun den 20er Joer huet de belsche Kënschtler eng Rei vu Sprooch-Biller erschaf, déi op den éischte Bléck extrem einfach wierken, an awer immens komplex an hirer Bedeitung sinn. Op sengem berühmtste Bild gesäit een eng realistesch duergestallte Päif, drënner, a schéiner Schreifschrëft, datt dat keng Päif ass.

A wéi kann dat da sinn? Majo d’Erklärung läit an der Relatioun tëscht Bild a Géigestand. Biller weisen eng aner Realitéit op, sou datt den duergestallten Objet just een Ofbild vun der Wierklechkeet ass, mee net den tatsächleche Géigestand. De Magritte, den souwuel u Literatur a Konscht interesséiert war, huet hei also och d’Sprooch ënnersicht. Et ass eppes, wat de Mënsch geschaf huet, wouduerch mir engem belibegen Objet also och ee ganz aneren Numm kéinte ginn. Nom Magritte kann also een Hutt och Schnéi heeschen.

„Ceci n’est pas une pipe“ ass 1928 entstanen an huet ee Format vu 60 x 81 Zentimeter. Mëttlerweil gehéiert et zur Sammlung vum County Museum of Arts zu Los Angeles. Lescht Joer konnt een dem Magritte seng Konschtwierker zu Frankfurt am Schirn Musée bestaunen

1930 geet de Surrealist zeréck op Bréissel. Elo, als bekannte Kënschtler a wichtege Vertrieder vun der Konschtstréimung gëtt hien och vun de Belsch, déi hie jo ufanks belächelt hunn, unerkannt a gefeiert. Ganzer 35 Joer méi spéit organiséiert de Museum of Modern Arts zu New York eng grouss Retrospektiv, déi dem Magritte déi endgülteg international Unerkennung bréngt. De 15. August 1967 stierft de Surrealist am Alter vun 69 Joer zu Bréissel.

Quellen:

Ähnlech Sujeten André Breton, Ceci n'est pas une pipe, Gebuertdag, René Magritte, Salvador Dali, Surrealismus, Verrot vun de Biller, What the Fakt
Nächsten Artikel Virrechten Artikel