Sichen

Dir kéint och nach folgende gefalen

Ellergronn: Eemol selwer Schmadd sinn
camilla from love island dating history Neiegkeeten dating on twitter

czech republic dating websites

“De Schmadd, de Schmadd, dee mécht beim Workshop mat!” Esou

popular gay dating apps in europe
camilla from love island dating history Neiegkeeten dating on twitter

Oppene Bréif un de Minister Schneider zum Aktiounsplang fir biologesch Landwirtschaft

Här Minister Schneider, D’Plattform Meng Landwirtschaft begréisst dat am Koalitiounsofkommes gesaten Zil

Dës Strooss a Schwede luet Elektrogefierer op, während een drop fiert!
camilla from love island dating history Neiegkeeten dating on twitter

Dës Strooss a Schwede luet Elektrogefierer op, während een drop fiert!

D‘Schweden hunn e Mëttwoch eng elektrifizéiert Strooss ageweiht, déi mat

What the Fakt – 74 Käerze fir de Rod Stewart!

What the Fakt – 74 Käerze fir de Rod Stewart!

Haut kann een dem britesche Rock- a Pop-Museker gratuléieren. De Rod Stewart feiert haut säi 74. Gebuertsdag. A mat iwwer 100 Millioune verkaaften Tounträger huet hien als erfollegräiche Sänger, mat krazeger Stëmm och all Grond dozou!

Um 10. Januar 1945 ass de Roderick David Stewart zu London op d’Welt komm. Seng éischt grouss Leidenschaft war allerdéngs net d’Musek, mee de Sport. Fir méi genau ze sinn huet de passionéierte Fussballspiller souguer eng Profikarriär beim FC Brentford ageschloen. Bemol koum awer de Wandel a sou huet de jonke Kärel sech, no enger Rees a Paräis, méi zur Musek higezu gefillt. Virun allem um britesche Folk huet hie Gefale fonnt, eng Museksrichtung, déi virun allem Unhänger an der lénker Anti-Atomkraft-Beweegung CND fënnt.

Den éischte klengen optrëtt hat de Rod Stewart schliisslech bei engem Protestmarsch vun dëser Beweegung, wou hien gesongen a Gittar gespillt huet. No enger Rees duerch Europa huet säi Papp hien awer emol dozou bruecht säi Liewensënnerhalt selwer ze verdéngen. Am Joer 1963 huet de Museker zum Rhythm’n’Blues fonnt, huet sech Mondharmonika bäibruecht an ass der Grupp „The Dimensions“ bäigetrueden.

Solo oder Band? D’Entscheedung war wuel net einfach

Den éischte Plackevertrag huet net laang op sech waarde gelooss a sou konnt hien eng Solo-Karriär starten. Mat „Good Morning Little Schoolgirl“ huet de britesche Sänger seng éischt Single erausbruecht. Scho kuerz drop huet hien sech der Band „The Steam Packet“ ugeschloss, et sollt awer net seng lescht Grupp sinn. Et schéngt, wéi wann e sech net esou richteg entscheede konnt, a sou huet de jonke Roderick ëmmer erëm d’Gruppe gewiesselt, och wann se schonn ee gewësse Succès haten.

No der Opléisung vun der „Jeff Beck Group“ huet de Museker sech nees der Solo-Karriär zougewandt. Bis 1975 si fënnef LP’s als Solokënschtler entstanen, woubäi sech d’Lidder „Maggie May“ a „Sailing“ zu Welthits entwéckelt hunn.

Rod Stewart

D’Enn vun de 70er Joer sinn, musikalesch gesinn, fir hien nees méi roueg ginn. No senger Hochzäit mam Alana Hamilton ass säi Meedchen op d’Welt komm. Fir d’Gebuert vu sengem Jong huet de Rod Stewart och d’Aarbechten u sengem Album gestoppt. Säi Bestietnis sollt awer net éiweg halen a sou sinn si 1982 no engem Sträit gescheet ginn.

De musikalesche Verlaf vum britesche Sänger ass gepräägt vun engem stännegen Erop a Erof. Erfollegräich Zäiten hu sech ëmmer nees mat rouege Momenter ofgewiesselt, een neien Album an eng Tour gouf gefollegt vu laange Pausen.

Am Laf vun de Joeren gewënnt hien ëmmer méi Präisser, wéi beispillsweis 1993 eng Auszeechnung fir säi Liewenswierk bei de Brit Awards oder de Grammy am Joer 2005. Als Bandmember vu „Faces“ packt hien et souguer an d’Rock’n’Roll Hall Of Fame. No iwwer 10 Joer presentéiert de Sänger 2013 mam Album „Time“no laanger Paus endlech erëm neit Material. Zwee Joer drop verëffentlecht de Rod Stewart den aktuellsten Album „Another Country“, den hie komplett an Eegeregie entwéckelt huet.

Och eng Berühmtheet gëtt al

Hie selwer seet „Déi wëll Zäite sinn eriwwer. Ech gesinn zwar nach gutt aus, mee kann net méi mam Mick Jagger mathalen. Hien huet einfach méi ee klengen Hënner, an doropper sti Fraen nu emol.“

Wien Fan vum Sänger a senger Musek ass ka sech dëst Joer op seng Tour duerch déi ganz Welt freeën! Ufank Mäerz huet hien 4 Optrëtter an Däitschland ugekënnegt. Uschléissend geet et iwwerHolland, Dänemark a Schweden nees zeréck op Köln. Den Datum vum 18. Mäerz 2019 sollt ee sech da fräi halen, fir bis an d’Lanxess Arena ze fueren. Weider Datumer fënnt een um Site.

Quellen:

Ähnlech Sujeten Brit Awards, CND, Faces, FC Brentford, Grammy, Museker, Rock'n'Roll Hall Of Fame, Rod Stewart, Sailing
Nächsten Artikel Virrechten Artikel