Sichen

Dir kéint och nach folgende gefalen

Walfer: ee Weekend laang d‘Haaptstad vun der Literatur
Kultur Neiegkeeten Stories

Walfer: ee Weekend laang d‘Haaptstad vun der Literatur

Et dierf ee vun de Walfer Bicherdeeg hale wat ee

OGBL: Den Index an d’Pensioune mussen erhale bleiwen!
Kultur Neiegkeeten Stories

OGBL: Den Index an d’Pensioune mussen erhale bleiwen!

An der aller Seeërei zu Dikrech huet sech den OGBL

Irma bréngt apokalyptesch Zerstéierung
Kultur Neiegkeeten Stories

Irma bréngt apokalyptesch Zerstéierung

Tëscht „Albdram“ an „Apokalyps“, de Monsterorkan Irma, dee weider duerch

What the Fakt – Den éischten Ëmzuch fir Rosenmontag zu Köln

What the Fakt – Den éischten Ëmzuch fir Rosenmontag zu Köln

All Kölner ass ewéi bänzeg op déi fënneft Joreszäit. Och an der Ëmgéigend fannen sech esou munch Jecken, déi d’Fueszäit an origineller Verkleedung matfeiert, an dat – sou ass een et vun de Kölner gewinnt – am ganz grousse Stil! Haut virun 196 Joer huet déi éischt Kavalkade um Rosenmontag zu Köln stattfonnt.

Déi begeeschter Fuesgecken aus der däitscher Stad mat K fänke jo scho, wéi bekannt, den 11.11 um 11:11 Auer un, de Karneval ze feieren. Mat vill Kölsch, faarwege Kostümer an Musek vun den Höhner, Brings oder Kasalla gëtt déi fënneft Joreszäit zu Köln ugefaangen. Traditionell end d’Fuesend mam Ëmzuch um Rosenmontag.

Dobäi ass d’Geschicht vum Karneval scho bal esou al, wéi d’Stad selwer. D’Griichen an d’Réimer hunn deemools hiert Fréijoersfest, zu Éieren vum Dionysos a Saturn gefeiert. D’Germanen hunn zur Wantersonnewend béis Geeschter verdriwwen an d’Chrëschten hu schliisslech den heednesche Brauch vun der Faaschtenzäit iwwerholl, den als Karneval (carne vale = Äddi Fleesch) agelaut gëtt.

Am Mëttelalter hat d’Kölner Bevëlkerung dunn Blutt geleckt an esou hu si sech vu Kierch a Staat d’Freed net huele gelooss fir d’Faaschtnuecht mat Verkleedungen a Masken ze feieren. Och zur Zäit vun der Franséischer Revolutioun kruten si d’Erlaabnis hir närresch Traditioun virun ze féieren. An der Romantik koum dunn d’Iddi vum haitege Prënz dozou.

Kölner Karneval

Dem Ëmzuch zu Rosenmontag um Neumarkt zu Köln (1836)

1823 war et endlech esou wäit! Dat sougenannten „Festordnende Komitee“ war gegrënnt ginn an sou konnten d’Jecken den 10. Februar hiren éischte Rosenmontagsumzug ënner dem Motto „Thronbesteigung des Helden Carneval“ feieren. Ab dësem Zäitpunkt waren d’Kölner net méi ze bändegen an esou ass eng Karnevalsgesellschaft no der anerer entstanen.

Mat Spaass am Gewulls

Mëttlerweil ass „d’r Zoch“ zu Köln de gréissten Ëmzuch a ganz Däitschland, an natierlech och den Héichpunkt vun der Karnevalssessioun. Dëst Joer steet d’Kavalkade ënnert dem Numm „Uns Sproch es Heimat“. Wärend fënnef Stonne kann een déi faarweg a pompös dekoréiert Ween, Danzgruppen a verkleete Veräiner op enger Streck vu 7,5 Kilometer duerch déi ganz Stad no verfollegen.

Iwwert 1 Millioun Leit erfreet sech all Joer um Ëmzuch, den mat Duerstellungen zu aktuellen Themen aus der Politik, Sport a Wirtschaft total faszinéiert. D’Traditioun gesäit et vir, datt d’Blauen Funken den Ëmzuch ufänken, d’Kölner Dreigestirn mëscht de Schluss.

Kölner Karneval

© Superbass

Et sollt een dann och drun denken, genuch Säck matzehuelen, fir déi sëlleg Séissegkeeten opzefänken. D’Kölner kennen u Fuesend keng Grenzen a schéissen gären hir „Kamelle“ a grousse Quantitéiten. Sou gëtt all Joer ronn 150 Tonnen Material vun de Ween gehäit. Dovun si 700.000 Kilogramm Schockela, 22.000 Kilogramm Knippercher an 300.000 Kilogramm Petzien an aner léif Klengegkeeten.

Wann een och d’Musek net onbedéngt gäre sollt hunn, muss een de Kölner Kanrveal ee Mol am Liewe matgemaach hunn. D’Atmosphär rappt een einfach mat a mat e puer Kölsch kënnt een souwisou a Feierstëmmung! Kölle Alaaf!

Opmaacherbild: Déi blo-gëlle Garde beim Ëmzuch © Volker Urban

Quellen:

Ähnlech Sujeten Brings, Fënneft Joreszäit, Fuesend, Höhner, Kasalla, Kavalkade, Kölner Karneval, Querbeat, Rosenmontag, Traditioun, What the Fakt
Nächsten Artikel Virrechten Artikel