Sichen

Dir kéint och nach folgende gefalen

Virginia Beach: Doudeger bei Schéisserei an enger Administratioun
https://moien.lu/gong-yoo-dating-lee-dong-wook/

Virginia Beach: Doudeger bei Schéisserei an enger Administratioun

An der Küstestad Virginia Beach (VA) sollen op mannst eelef

are kronk and yzma dating
https://moien.lu/gong-yoo-dating-lee-dong-wook/

penelope cruz dating list

Mat enger symbolträchteger Zeremonie hunn de franséische President, Emmanuel Macron,

Chamberwahlen: déi Demokratesch Partei an d‘Mobilitéit
https://moien.lu/gong-yoo-dating-lee-dong-wook/

Chamberwahlen: déi Demokratesch Partei an d‘Mobilitéit

Am Kontext vun der Presentatioun vum Wahlprogramm, huet déi demokratesch

What the Fakt – Doudesdag vum Pop-Art Kënschtler Roy Lichtenstein

What the Fakt – Doudesdag vum Pop-Art Kënschtler Roy Lichtenstein

Ee vun de wichtegste Vertrieder vun der Pop-Art Bewegung, de Roy Lichtenstein, ass haut virun 21 Joer gestuerwe. Nieft dem Andy Warhol an dem Claes Oldenburg huet och de Lichtenberg sech mat sengem Stil an den Alldag vum American Way of Life agemëscht an eng onperséinlech Konscht, déi d’Grenzen tëschent Konschtwierker an Alldag verschwanne léist, geschaaft.

De Roy Lichtenstein gouf 1923 zu Manhatten gebuer a studéiert spéiderhi Konscht op verschiddenen Universitéiten an Amerika. 1960 fënnt de Kënschtler zou senger eegener an onverwiesselbarer Molweis, bei der hie Comictrips a grelle Faarwen an groussformatege Zeenen imitéiert.

Inhaltlech an technesch brécht hien den Traditioune vun der Molerei. Deck schwaarz Linnen, knalleg Faarwen an gepunkt Fläche (Rasterpunkten) gi säi Markenzeechen. Nodeems de Galerist Leo Castelli op hien opmierksam gëtt, fänkt dem Lichtenstein seng grouss Karriär un an hie ka vu senger Konscht liewen.

Den Alldag bitt him vill Material, wat hien a senger Konscht ka verschaffen. Sou handelen seng Konschtwierker beispillsweis iwwert d’Gedankegäng vu Fraleit, Accidenter oder ganz banale Saache wéi Iessen oder Wunnengsgéigestänn. No enger Zäit bedéngt de Lichtenstein sech och un Biller vum Cézanne oder anere grousse Kënschtler als Virlag fir seng Wierker. An enger spéiderer Phase ginn d’Biller erëm méi abstrakt.

1997 stierft de Roy Lichtenstein un enger Longenentzündung zu New York. Seng Konschtwierker kann een beispillsweis am Museum Ludwig zu Köln bewonneren.

Quellen:

Ähnlech Sujeten Andy Warhol, Konscht, Pop Art, Roy Lichtenstein
Nächsten Artikel Virrechten Artikel