Sichen

Dir kéint och nach folgende gefalen

Bilansgespréicher: Net nëmmen e Buch, mee e wierklecht Konschtwierk
International Kultur Neiegkeeten

Bilansgespréicher: Net nëmmen e Buch, mee e wierklecht Konschtwierk

„De Wanter kënnt, kaf der Buch“ sot ee mer an

Stad Lëtzebuerg: Ee gelongenen Internetoptrëtt
International Kultur Neiegkeeten

Stad Lëtzebuerg: Ee gelongenen Internetoptrëtt

Wat fir deen een laang dauert, ass um Enn fir

ADRIɅN – Video Release vun „Discontinuous“
International Kultur Neiegkeeten

ADRIɅN – Video Release vun „Discontinuous“

Schonn am vergaangene Joer huet de jonke Lëtzebuerger Songwriter ADRIɅN

What the Fakt – RTLplus start zu Lëtzebuerg duerch

What the Fakt – RTLplus start zu Lëtzebuerg duerch

RTL gehéiert zur Geschicht vun eisem Land wéi de Gromperekichelchen zur Schueberfouer. Den Ursprong vum däitsche Fernsehsender RTL läit hei am Grand-Duché. Den offizielle Start vu RTLplus, haut RTL II, war den 2. Januar 1984. Puer Joer méi spéit ass et dunn op Köln gaangen.

Elo fänke mir awer emol ganz beim Ufank vun der Geschicht un. De 15. Mäerz 1933 ass de Radio Lëtzebuerg als éischte Privatsender an Europa mat engem franséischsproochege Programm gestart ginn. Well zur Zäit vum Krich ee Verbuet u kommerzielle Radioen a verschiddene Länner gegëllt huet, ass de Radiosender zum offizielle Sproochrouer ginn, dee bis an d’80er Joer seng Programmer a méi Sproochen ugebueden huet.

Am September 1983 huet Radio Lëtzebuerg, wat säit 1966 schonn RTL genannt gouf, d’Grënnung vum däitschsproochege Fernseh-Programm RTLplus bekannt ginn. No e puer Testsendungen konnt dunn offiziell den 2. Januar 1984 déi éischt Sendung iwwerdroe ginn. Vir haiteg Verhältnisser waren et zimlech katastrophal Verhältnisser, sief et an der Aarbechtsweis, vun der Erfarung hir oder wéi d’Informatiounen iwwermëttel gi sinn. Trotzdeem hu si et un d’Spëtzt vum Fernseholymp gepackt a kënnen hautdesdaags nach ëmmer een enorme Succès verbuchen.

RTLplus

© RTL Television

D’Erfollegsgeschicht zu Lëtzebuerg

De Projet huet 1983 am ehemoolege Philipshaus, no un der Stäreplaz an der Stad Lëtzebuerg ugefaangen. Nodeems den RTL-Generaldirekter Gust Graas an de Chef vum däitschsproochege Radiosprogramm, den Helmut Thoma däitsch Gesellschafter fonnt hunn an de Marché analyséiert haten, stoung den Entschloss fest, een Fernseh-Programm an däitscher Sprooch ze schaafen.

Op der zweeter Etage vum Philipshaus ass ee grousse Büro gelount ginn, an deem elo ronn 10 Leit d’Noriichteredaktioun vum Sender bedreiwe sollten. Et waren alles immens jonk Leit, déi zwar Erfarung mat Medien haten, an awer net mat Kenntnisser am Beräich Fernseh-Ënnerhalung iwwerzeege konnten.

Sou huet de Grupp dat éischt halleft Joer just geüübt, wéi een sech am Fernseh presentéiere soll, wéi een mat der Kamera am Studio ëmgeet oder Beiträg schneit. Duerch déi gutt Bezéiungen tëschent de Fransousen, de Belsch an de Lëtzebuerger hat RTLplus awer schonn ee grousse Virdeel géigeniwwer vun der däitscher Konkurrenz. Sou war déi jonk Equipe och immens dankbar, eng Rei Rotschléi vun den deemolege franséischen Noorichte-Presentatiouns-Ikonen ze kréien. Den éischte Studio vun RTLplus louch zu Bartreng, a sou ass et net verwonnerlech, datt hei d’Team vun RTL Productions oft ausgehollef huet, fir aus deenen „Neien“ Profien ze maachen.

Haart Zäiten fir de Sender

Et war wuel net einfach am Ufank. Sou hunn beispillsweis all Owend d’Kassette mat de Reportage vum Philipshaus op Bartreng gefouert ginn, an dat och nach meeschtens am Beruffstrafic. D’Beiträg vun der deemoleger Bundeshaptstad Bonn huet dann ëmmer d’Noriichte per Motorrad op Lëtzebuerg geliwwert, an dat alles, well et zu dëser Zäit nach kee Satellit gouf, fir Informatiounen ze iwwerdroen.

Um genau 17:27 Auer war et esou wäit: De Sender huet a sengen éischte Minutten iwwerdroen, wéi de Moderator Rainer Holbe de Logo vum Kanal presentéiert. Um 18:53 Auer goung et virun mat „7 vor 7“, der éischter Noriichtesendung bei RTLplus. D’Sendezäit war awer begrenzt vun 17:30 Auer bis 22:30 Auer.

Et war een haart Geschäft, an der déi onerfuere Grupp sech géint den ARD an ZDF huet missen duerchsetzen. Bis 1985 konnte just 200.000 Menage de Sender empfänke, bis schliisslech de Satelittenempfang alles méi einfach gemaach huet.

Den 1. Januar 1988 ass RTLplus schlussendlech an d’Mediestad Köln geplënnert. An der Tëschenzäit ass et de gréisste Sender a ganz Europa ginn, den och haut nach vu groussem Succès gepräägt ass.

Opmaacherbild: D’Gebuertsstonn vun RTLplus: de Moderator Rainer Holbe (l.) entbënnt uschléissend als Dokter verkleet eng Fra vun engem Fernseher. © teutopress GmbH

Quellen:

Ähnlech Sujeten Bartreng, Fernseh, Kultur, Philipshaus, Rainer Holbe, RTL Lëtzebuerg, RTLplus, Stäreplaz
Nächsten Artikel Virrechten Artikel