Sichen

Dir kéint och nach folgende gefalen

money
De 9. Mee huet de Lëtzebuerger fräi!
International Kultur Neiegkeeten Stories

De 9. Mee huet de Lëtzebuerger fräi!

Den Europadag deen all 9. Mee an der europäescher Unioun

Krus de mat? De Wochequiz (Woch vum 4. Dezember)
International Kultur Neiegkeeten Stories

Krus de mat? De Wochequiz (Woch vum 4. Dezember)

  Eng weider beweegte Woch läit hannert eis. Net méi

Kinepolis: Hei rullt de Rubel
International Kultur Neiegkeeten Stories

Kinepolis: Hei rullt de Rubel

Mat dräi Standuerter ass Kinepolis esou eppes wéi de Plazhalter

What the Fakt – De Grondsteen vun der Sagrada Familia gëtt geluecht!

Dem Antoni Gaudi seng "Unvollendete"

What the Fakt – De Grondsteen vun der Sagrada Familia gëtt geluecht!

Wien an déi spuenesch Stad Barcelona reest kënnt un dësem kolossalen Tempel net dolaanscht: d’Sagrada Familia gëlt als lescht Meeschterwierk vum Architekt Antoni Gaudi. Bis haut ass déi réimesch-kathoulesch Kierch nach ëmmer net fäerdeg gestallt. Trotzdeem zielt dëst Bauwierk, mat zéng Millioune Visiteuren all Joer, zu den exoteschen an aussergewéinlechste Gebaier op der ganzer Welt. Genau haut virun 137 Joer ass den éischte Stee geluecht ginn!

Och wann d’Sagrada Familia als dem Antoni Gaudi säi Meeschterwierk gëllt, esou war hie beim Ufank vun der Geschicht net mat dobäi. Et war nämlech de Schrëftsteller Josep Maria Bocabella aus Barcelona, den 1874 mat der Iddi ukomm ass, eng riseg Kierch a senger Heemescht eleng duerch Spenden erbauen ze loossen. Mat sengem Veräin, den hien extra fir dësen Zweck gegrënnt huet, konnt 1882 den Terrain kaaft ginn. Deemools ass de Francisco de Paula del Villar y Lozano als Architekt beoptraagt ginn, woubäi hien eigentlech eng vill méi kleng Kierch virgesinn hat.

Nach am selwechte Joer ass um 19. Mäerz de Grondstee geluecht ginn, woumat de Bau vum haitegen architektonesche Wonnerwierk ageleet konnt ginn. Schnell ass et zu Onstëmmegkeeten a Streidereien tëscht dem Bocabella an dem Villar komm, wouduerch schliisslech den deemools nach onbekannten Antoni Gaudi den Optrag a seng Hänn geluecht krut.

Natierlech stoung de Gedanken, eng Kierch, déi der helleger Famill gewidmet ass, just aus Spenden ze finanzéieren nach ëmmer am Virdergrond. Duerch eng beträchtlech Zomm vun engem anonymen Donateur huet den Architekt sech dozou entschloss den neogotesche Projet nach vill méi monumental an innovativ am Bezuch op Formen a Strukturen ze gestalten.

Sagrada Familia

Déi sougenannt “Gebuertsfassad” stellt d’Gebuert vum Jesus duer © A. Ocram

Ee Liewensprojet fir ee grousse Kënschtler

Schonn iwwer 30 Joer ass zu Barcelona Steen op Stee geluecht ginn, wou den Antoni Gaudi sech decidéiert huet sech just nach der Sagrada Familia ze consacréieren. Doduerch war et vir hien nëmme verständlech, och um Chantier ze wunnen.

Datt seng Kierch fäerdeg gestallt gëtt, sollt de Gaudi net méi materliewen. Um 7. Juni 1926 ass den Architekt um Wee op de Chantier vun engem Tram ugefuer ginn. Dräi Deeg drop ass hien u senge Blessure verscheet. Ganz Barcelona war an Trauer a souguer de Popst huet säin Accord ginn den Antoni Gaudi an der Krypta vun der Sagrada Familia ze begruewen.

Sagrada Familia

D’Krypta am Joer 1886

An d’Zukunft geplangt

D’Bauzäit hat den Architekt vun Ufank un op 200 Joer festgesat. Ee kompletten Entworf fir d’Kierch huet hien allerdéngs den nofolgende Generatiounen net hannerlooss. Si sollten nämlech och hir eegen Iddien mat abezéie kennen. Nom Dout vum Gaudi hunn zuelräich Architekten um Monument gewierkelt, sou datt d’Aarbechten un der Basilika och a schwéieren Zäiten, wéi beispillsweis am Biergerkrich, ëmmer weider lafe sollten.

Ee Wierk voller Geheimnisser

Am Joer 2016 huet d’Sagrada Familia 4,5 Millioune Visiteuren ugezunn, déi net nëmme wéinst der eenzegaarteger Architektur d’Basilika betrueden hunn. Besonnesch ass, datt d’Basilika mat diverse Geheimnisser d’Leit magesch an hire Bann zitt. Eréischt am Joer 2026 soll d’Meeschterwierk fäerdeg gestallt sinn, an zwar um 100. Doudesdag vum Gaudi.

Grouss Geheimnisser sollen an der Kierch zu Barcelona verbuerge sinn, wëll de Gaudi wuel a Relatioun mat de Freimaurer stoung. Nieft dem typesche Symbol mam Wénkelmooss an dem Zierkel loossen sech divers weider Freimauerer-Zeeche fannen: D’Sagrada Familia huet dräi Entréeën. Wéi bei all Freimaurer-Kathedral gëtt et ee Portal fir Kandidaten, eng fir Memberen an eng fir d’Cheffen. D’Fassad vun der Passioun huet ee magesche Véiereck vu 4 mol 4 Meter. D’Zomm vun den Zuele bannendran ergëtt ëmmer 33, wat den Alter vum Jesus bei sengem Dout an Gradmooss vum Uerden duerstellt.

Donieft gëtt et an der ganzer Basilika keng eenzeg riicht Linn, wat un d’Natur erënnere soll. Esou gi beispillsweis d’Seilen Richtung Plafong, wéi ee Bam mat ville Bamkrounen. Den Architekt selwer huet och dru gegleeft, datt Béi d’Linne vum Gott, richt Linnen déi vum Mënsch wieren.

Wann d’Wierk endlech fäerdeg ass, zielt d’Sagrada Familia 18 Tierm. Dovu symboliséieren déi 12 méi kuerz Tierm d’Apostelen, déi véier anerer sti fir d’Evangelisten (Engel, Stéier, Léif an Adler). Ee weideren Tuerm soll déi Helleg Maria duerstellen, wougéint den Zentraltuerm mat enger Héicht vun 172,5 Meter als héchste Punkt vun der Kierch dem Jesus gewidmet sinn.

Sagrada Familia

© Ralf Roletschek

Riseg Dimensiounen

D’Basilika besteet aus engem kräizfërmege Grondrëss an zielt vum Süde bis an den Norde ronn 90 Meter, vun Osten no Weste sinn et 45 Meter. Virun allem bei der Héicht vun der Kierch kënnt ee sech immens kleng fir: Haapt- a Querschëff sinn 45 Meter héich. Op den Emporen an de baussechte Kiercheschëffer solle jeeweils 1500 Sänger an zwee Chéier Plaz hunn.

Sagrada Familia

Eleng de Plafang ass schonn ee Meeschterwierk © Alvesgaspar

D’Krypta zielt eng Fläch vun 120 Quadratmeter, gëtt vu 7 Kapellen ëmrond an ass selwer ee Ronnbau, An enger vun dëse Kapelle läit den Architekt begruewen. Bis ewell huet d’Sagrada Familia nach keng Uergel, déi hirer Gréisst gerecht gëtt. Et gëtt awer geschat, datt een iwwer 8000 Uergelpäife brauche wäert, fir de Raum ganz mam Klang fëllen ze kënnen.

An der spuenescher Stad sollt een dem Antoni Gaudi säi Meeschterwierk op alle Fall besichen, och wann et nach ëmmer ee Chantier ass. Als besonnesch interessant gëtt den Ofstieg iwwert déi enk Trap duergestallt, bei dem een deelweis souguer un der Baussemauer laanscht geet. A wien heivir Entrée bezilt, den finanzéiert zu 100% d’Aarbechten un der Basilika mat!

Ähnlech Sujeten Antoni Gaudi, Barcelona, Basilika, Fräimaurer, Kierch, Sagrada Familia, What the Fakt
Nächsten Artikel Virrechten Artikel