Sichen

Dir kéint och nach folgende gefalen

Puerto-Ricaner erliewe wéinst Stuerm Maria Schreckensnuecht
International Kultur Neiegkeeten Stories

Puerto-Ricaner erliewe wéinst Stuerm Maria Schreckensnuecht

Déi ganz Nuecht mat waarde verbruecht, verschanzt a voller Suerg,

Den Aarbechtsmaart weider am grénge Beräich
International Kultur Neiegkeeten Stories

Den Aarbechtsmaart weider am grénge Beräich

Zum 30. September waren op der ADEM 15.893 Leit ageschriwwen

Katalounien: Eng Paus fir d‘Onofhängegkeet
International Kultur Neiegkeeten Stories

Katalounien: Eng Paus fir d‘Onofhängegkeet

„D‘Onofhängegkeet? Suspendéiert!“: dat waren d‘Wieder déi um Dënschdegowend e bëssen

What the Fakt – Salut Darwin, Moien Evolutioun!

What the Fakt – Salut Darwin, Moien Evolutioun!

Mat senge Fuerschungen huet den Charles Darwin ee groussen Deel zum moderne Weltbild bäigedroen. Virun allem säi Mechanismus vun der natierlecher Selektioun, déi d’Entstoe vu verschiddenen Aarten an hirer Upassung wärend der Evolutioun erkläert, ass seng wichtegst Entdeckung. Haut virun 210 Joer ass de begaabte Fuerscher op d’Welt komm.

Um haitegen Dag am Joer 1809 ass den Darwin zu Shrewsbury, als Kand vu räichen Elteren, op d’Welt komm. Esou konnt hien eng immens suergefräi Jugend genéissen, déi räich u Studien, virun allem am Beräich vun der Wëssenschaft, waren. Schonn als Student huet hien sech intensiv mat der Natur befaasst a sech mat der Miereszoologie an de Preparéiere vu Villercher beschäftegt.

Darwin

Den Darwin mat 51 Joer

Op d’Schëff geschéckt

Vun 1831 bis 1836 ass den Charles Darwin u Bord vun der HMS Beagle mat ëm d’Welt gereest. De Kapitän Robert FitzRoy wollt a Südamerika eng Rei Miessungen duerchféieren, woubäi hien d’Hëllef vun engem geschoulte Begleeder gebraucht huet. Bei dëser Aventure huet de jonke Fuerscher seng Opmierksamkeet op alles gelenkt, wat am naturwësseschaftlechen Interessi war. Virun allem seng Notizbicher, déi hien an de fënnef Joer staark gefëllt hunn, sollten him spéider als wichteg Grondlag fir seng Evolutiounstheorie déngen.

Bei senger Missioun huet hien nämlech eng enorm Unzuel u Liewewiesen a Fossilien an diverse Regiounen ënnersicht. Dobäi huet hie vill Gemeinsamkeeten tëscht de verschiddene Liewensforme fonnt. Am Joer 1838 huet de Fuerscher schliisslech seng Theorie vun der Upassung un de Liewensraum duerch Variatioun an natierlech Selektioun verfaasst. Generell erkläert seng Evolutiounstheorie déi genetesch Weiderentwécklung vu Liewewiesen duerch Mutatioun. Positiv Verännerunge setzen sech duerch, negativ Entwécklunge ginn duerch d’Konkurrenz ausgerott.

Darwin

Wësseschaftlech Prouwen vu senger Weltrees © Gerbil

An dat heescht elo…?

D’Naturwëssenschaft notzt d’Evolutioun als Erklärung dofir, wéi d’Liewen op der Äerd entstanen ass. An der Vergaangenheet war éischter de Gedanke vun der gëttlecher Schëpfung dominant, wougéint mëttlerweil – op alle Fall an de westleche Länner – d’Evolutioun sech duerchgesat huet.

An dësem Kader muss ee kloer stellen, datt d’Theorie beseet, datt de fittesten iwwerlieft. D’Ausso, datt just de Stäerkste fir säin Iwwerliewe suerge kann ass domadder bei Säit geluecht. Wichteg ass nämlech net nëmmen déi kierperlech Kraaft, mee och déi geeschteg Leeschtung an d’Upassungsfäegkeet un d’Ëmgéigend an d’Situatioun.

Bis zu sengem Dout huet den Charles Darwin intensiv an aktiv an dësem Beräich vun der Wëssenschaft weider geschafft. Sou huet hie bedeitend Folgewierker verëffentlecht. Um 19. Abrëll 1882 ass de Wëssenschaftler am Alter vu 73 Joer verstuerwen. Bis haut suergt seng Evolutiounstheorie fir liewhaft Diskussiounen, souwuel bei Biologen, wéi och bei Theologen, Philosophen a Politiker.

Darwin

Weider Theorien op ee Bléck

  1. De Kreationismus: D’Bibel gesäit vir, datt Gott d’Welt geschaaft huet. Alles wat mir haut virfannen ass aus senger Hand entstanen a kann net verännert ginn.
  2. D’Katastrophentheorie: Si gëtt och nach Cuvier-Theorie genannt a beseet, datt all extern Ereegnisser dozou féieren, datt Aarte vernicht ginn.
  3. D’Lamarck-Theorie: Duerch nei Eegenschaften an Notzen entwéckelt sech d’Welt virun. Alles wat entsteet kréien nei Generatioune viru verierft.
  4. D’Synthetesch Evolutiounstheorie: Hei gëtt dem Darwin seng Erkenntnis mat der Molekular- a Populatiounsgenetik verbonnen.

Quellen:

Ähnlech Sujeten Charles Darwin, Evolutiounstheorie, Lamarck, Liewewiesen, Wëssenschaft, What the Fakt
Nächsten Artikel Virrechten Artikel