Sichen

Dir kéint och nach folgende gefalen

Giel Invasioun an der Péitruss – 18. Editioun vum Duck Race
International Kultur Neiegkeeten Stories

Giel Invasioun an der Péitruss – 18. Editioun vum Duck Race

Duerch den Dout vum Grand-Duc Jean ass dëst Evenement op

What the Fakt – den europäeschen Dag vum Noutruff 112
International Kultur Neiegkeeten Stories

What the Fakt – den europäeschen Dag vum Noutruff 112

Wisou den Dag vum Noutruff op den 11. Februar fält,

QUIZ: Wéi gutt kenns du eis Regierung?
International Kultur Neiegkeeten Stories

QUIZ: Wéi gutt kenns du eis Regierung?

What the Fakt – Mam Salzmarsch an d’Onofhängegkeet

What the Fakt – Mam Salzmarsch an d’Onofhängegkeet

Duerch d’Verduebelung vun der Salzsteier si virun allem Bauere vum Subkontinent immens getraff ginn. Ee Grond méi fir den indesche Friddenskämpfer Mahatma Gandhi um 12. Mäerz 1930 op de sougenannte „Salzmarsch“ opzebriechen.

Salz war zu dëser Zäit eng vun de wichtegsten Akommesquelle vun de Briten, vun der déi indesch Bevëlkerung allerdéngs kee wirtschaftleschen Notzen hat, trotz räichem Virkommen an der Regioun. Domat louch de Monopol vum Gewënn vum wäisse salzege Pudder eleng an den engleschen Hänn. Duerch ee Gesetz sinn d’Steiere vum indesche Salz esou drastesch geklommen, datt een Aarbechter dräi Deeg huet misse schaffen, just fir d’Steier ze bezuelen.

Salzmarsch

März 1930 – de Gandhi a seng 78 Frënn briechen op.

Mat sengem Salzmarsch, den Deel vun der bekannter Satyagraha-Campagne war, wollt de Gandhi virun allem een Zeeche setzen. Schonn am viraus hat de Friddenskämpfer d’Regierung opgefuerdert, déi héich Salzsteier ofzeschafen. Nodeems si dës Fuerderung ignoréiert hunn, ass de Gandhi, zesumme mat 78 Partisanen a Frënn opgebrach, fir vun Ahmedabad ronn 385 Kilometer bis op Dandi, um arabesche Mier ze trëppelen. Op dëser Rees hu sech ëmmer méi Mënschen aus diversen Dierfer a Stied dem Marsch ugeschloss an hu schonn no 24 Deeg hiert Ziel erreecht.

Ee Widderstand ouni Gewalt

Nodeems de grousse Grupp um Mier ukomm ass, huet de Gandhi sech als éischt dozou entscheet schwammen ze goen an um Strand Salz zesummen ze schären. Mat dësem Symbol sollt bewise ginn, datt all Inder dësen natierleche Mineralstoff gratis gewanne kann. Duerch d’Press hunn d’Partisanen d’Bevëlkerung vu ganz Indien opgefuerdert et hinnen nozemaachen – an dat hunn d’Mënschen sech net zwee Mol soe gelooss.

Salzmarsch

Datt Salz ophiewen esou eng grouss Wierkung kéint hunn ass kaum ze gleewen.

Domat hunn iwwert 50.000 Inder dat bestoend Gesetz gebrach an ouni Steiere Salz getosch a verkaaft. De Gandhi selwer ass duerch dës Actioun an de Prisong komm a gouf – trotz eegener Ofneigung géint Gewalt – vun de Polizisten net grad geheemelt. Trotz senge schwéiere Blessure gouf et keng aggressiv Géigemoossname vun der Bevëlkerung. Nee, si hunn sech dozou entscheet, roueg mam Salzhandel virun ze fueren. Schliisslech kann een de Feind mat engem Grinse méi treffen, wéi mat engem Knëppel.

Och déi global Ëffentlechkeet krut de Spektakel am Oste lues awer sécher mat. Vun der britescher Brutalitéit schockéiert gouf esou groussen internationalen Drock opgebaut, datt de Gandhi am Januar 1931 fräi komm ass. Schonn zwee Méint drop ass indescht Salz nees steierfräi verkaaft ginn an de Friddenskämpfer gouf souguer vun der britescher Regierung op d’Verhandlungen a London invitéiert. Zanterhier gëllt de Salzmarsch als wichtege Schrëtt um Wee zur indescher Onofhängegkeet, déi si iwwregens de 15. August 1947 feiere konnten.

An dësem Kontext sollt een drun erënneren, datt och d’Spannen an d’Wiewen ee Monopol vun den Englänner war. Aus dësem Grond huet den indesche Pazifist seng Kleedung selwer aus Bamwoll hiergestallt an esou säi Protest géint de briteschen Imperialismus ausgedréckt. Dobäi muss een awer soen, datt d’Wiewe fir de Gandhi eng perséinlech a reliéis Meditatioun war.

Quellen:

Ähnlech Sujeten Groussbritannien, Indien, Mahatma Gandhi, Onofhängegkeet, Pazifismus, Salzmarsch, What the Fakt
Nächsten Artikel Virrechten Artikel