Search

You may also like

Den ACL presentéiert de Service Rétro-Évaluation
Kultur Neiegkeeten

Den ACL presentéiert de Service Rétro-Évaluation

Ab elo bitt den ACL Diagnostic Center déi sougenannt Rétro-Évaluation

De schlechten Ëmgang mat Antibiotiken ass eng Gefor fir d‘ëffentlech Gesondheet
Kultur Neiegkeeten

De schlechten Ëmgang mat Antibiotiken ass eng Gefor fir d‘ëffentlech Gesondheet

Lëtzebuerg ass EU-Duerchschnëtt wat Mesuren ugeet, déi de Mëssbrauch vun

Eppes ze vill gefeiert, Brigangen, an Autoen déi brennen
Kultur Neiegkeeten

Eppes ze vill gefeiert, Brigangen, an Autoen déi brennen

Nach iert dat neit Joer sech gewisen huet, war eis

What the Fakt – Schnéiballschluechte verbueden!

What the Fakt – Schnéiballschluechte verbueden!

Mir schreiwen den 31. Dezember 1472: d’Enn vun enger wanterlecher Spaassgesellschaft zu Amsterdam? Op alle Fall ass bewisen, datt den hollännesche Magistrat d’Geheie vu Schnéiklatzen an dem genannte Joer verbueden huet.

Et war den Ufank vun der sougenannter „klenger Äiszäit“, eng Period, déi vum 15. bis zum 19 Joerhonnert gedauert huet an ee relativ killt Klima mat sech bruecht huet. De Wanter an Holland war fir Grouss a Kleng mat enormem Spaass gepräägt, well een op de Kanäl Schlittschongfueren an, duerch de ville Schnéi, immens flott Schnéiballschluechte maache konnt. Do war et dann och kee Wonner, datt d’Hollänner d’Medaillelëscht vun den Äisschnellleefer dominéieren.

D’Keisstad Gouda ass beispillsweis regelméisseg ënner Waasser gesat ginn, fir esou grouss Äispisten entstoen ze loossen. De wantervverréckte Bewunner vun der Stad ass d’Fueren op de Kanäl nämlech scho laang net méi duer gaangen. Mee och mat d’Geheie vu Schnéiklätz schéngen si op d’Spëtzt bruecht ze hunn an esou dem hollännesche Magistrat fatzeg op d’Nerve gaange sinn.

Esou huet d’Administratioun vun der Stad kuerzerhand entscheet, datt virun allem zu Amsterdam keng Schnéiballschluechte méi dierfen organiséiert ginn. „Keen dierf méi Schnéiklatze geheien, weder Meedercher, nach Weiber, nach d’Mannespersoun“, heecht et an der Veruerdnung. Eng Ausnam gëtt et wuel awer: Den deemolege Stadschreiwer Jan ter Gouw mierkt un, datt hei déi jonk Bouwen ausgeschloss sinn, wat schonns zimlech ironesch eriwwer kënnt.

Eng aner Method fir mat dem ville Schnéi ëmzegoe presentéieren eis d’Japaner. Am 15. Joerhonnert entscheeden d’Asiaten aus de Schnéiballschluechten eng wanterlech Competitioun ze maachen. Säit 1988 ass „Yukigassen“ souguer ee richtege Sport. De Prinzip ass einfach: Zwou Equippen aus jeeweils 7 Spiller an engem Coach kréien 90 Schnéiklatze fir 3 Minutte géinteneen ze spillen. Wien getraff gëtt flitt eraus. Déi Equipp, déi manner Leit zum Schluss huet oder déi hire Fändel geklaut krut huet verluer. Et gëllt dann och zwou Ronne fir sech ze entscheeden ier een als definitive Siger gëllt.

Säithir trieden all Joer 150 Equippen aus aller Härelänner beim „Yukigassen World Championship“ un, fir an Asien d’Weltmeeschterschaft ze gewannen. Momentan kämpfen d’Organisateure souguer dofir, datt dës wanterlech Aktioun zu enger olympescher Disziplin gëtt.

Quellen:

Related topics Amsterdam, Gouda, Schnéiballschluecht, Verbuet, What the Fakt, Yukigassen
Next post Previous post