Sichen

Dir kéint och nach folgende gefalen

dislike
Editorial: Wann et ufänkt „onanstänneg“ ze ginn – 222 Millioune fir ee Mënsch
International Kultur Neiegkeeten Stories

Editorial: Wann et ufänkt „onanstänneg“ ze ginn – 222 Millioune fir ee Mënsch

De Paräisser Fussballclub PSG (Paris St.Germain) bezilt fir den Transfert

Handelskrich mat den USA: d‘EU setzt sech zur Wier
International Kultur Neiegkeeten Stories

Handelskrich mat den USA: d‘EU setzt sech zur Wier

Haut Freideg, leeft d‘Konteroffensiv vun der EU géint d‘USA un.

UniGR: iwwert d‘Grenzen eraus…
International Kultur Neiegkeeten Stories

UniGR: iwwert d‘Grenzen eraus…

Gutt Nouvelle vun der Bildungsfront: zum 1. Januar lancéieren déi

What the Fakt – Sechs Awards fir de Forrest Gump!

What the Fakt – Sechs Awards fir de Forrest Gump!

Laf Forrest, Laf! – Allerdéngs soll en net virun de sechs Academy Awards, déi de Film bei den Oscarverleiungen 1995 kritt huet flüchten. Domat huet den US-amerikanesche Spillfilm, mam Tom Hanks an der Haaptroll sech nämlech als grousse Gewënner vum Evenement eraus gestallt!

Datt een net vun Natur aus den héchsten IQ muss hunn fir eppes an der Welt ze beweegen huet de Forrest Gump eis am Joer 1994 op beandrockend Aart a Weis gewisen. Nieft diverse Präisser, wéi 3 Golden Globes, engem Screen Actors Guild Award oder och dem People’s Choice Award war dëse beréierenden an ofwiesslungsräiche Film vum Robert Zemeckis an insgesamt 13 Kategorien fir den Oscar nominéiert.

An androcksvolle 6 Kategorien konnt de Forrest punkten an de begéierte Präis mat Heem huelen. Dozou hu gehéiert:

  • Bescht Bild
  • Beschte Schauspiller an der Haaptroll
  • Beschten Regisseur
  • Bescht Geschicht
  • Bescht Filmbearbeschtung
  • Bescht visuell Effekter

Méi wéi just eng Geschicht

Wien sech de Film schonn emol ugekuckt huet, deen war wuel faszinéiert vun der immenser Diversitéit an der Geschicht, poeteschen Dialoger, wou och „D’Liewen ass wéi eng Këscht Knippercher“ gehéiert oder schrecklech emotionalen Zeenen.

Esou erzielt de Film „Forrest Gump“ déi aussergewéinlech Liewensgeschicht vum Protagonist Tom Hanks, deen heibäi de selwechten Numm, wéi de Film dréit. Mat engem IQ vu 75, wouduerch déi meescht Mënschen als domm géifen duergestalt ginn, bréngt hien seng zuelräich Talenter un d’Liicht, déi hien am Laf vu sengem Liewen usammelt.

Als Dëschtennisprofi, als Zaldot am Vietnam-Krich oder och als jonke Kärel, den seng kierperlech Behënnerung besiigt, iwwerzeegt hien net nëmme seng Elteren. Donieft kritt de Forrest mat, datt de Gouverneur Wallace versicht, schwaarz Studente beim Betriede vun der Universitéit ze hënneren an deckt, ouni et ze wëssen, de Watergate-Skandal op. Dat eenzegt, wat ëmmer konstant bleift, ass d’Léift zu senger Jugendfrendin Jenny.

Mat engem Budget vu 55.000.000 US-Dollar huet de Regisseur alles aus der Handlung erausgeholl. Esou sollt ee sech mat genuch Nuesschnappecher equipéieren, iert een iwwerhaapt ufänkt ze kucken. Näischt geschitt ouni Grond, an esou kréien kleng Actiounen, wéi einfach lasszelaafen, eng riseg grouss Bedeitung, wat och nach haut als Inspiratiounsquell dénge kann!

Ähnlech Sujeten Academy Awards, Film, Forrest Gump, Oscar, Tom Hanks, What the Fakt
Nächsten Artikel Virrechten Artikel