Meenung: Liewenslänglech fir de Metzler vum Balkan, Ratko Mladic
De bosnesch-serbesche Generol Ratko Mladic, dee besser bekannt ass als
De bosnesch-serbesche Generol Ratko Mladic, dee besser bekannt ass als
Den italienesche Ministerrot huet e Méindeg en „Dekret-Gesetz“ ugeholl, mat
Et steet een um Quai ze waarden. Et ass kal,
Wien kennt d’Reklamm vun IKEA net, wou d’Chrëschtbeemercher aus der Fënster gehäit solle ginn an esou d’Enn vun de Chrëschtdeeg gefeiert gëtt? De skandinavesche Feierdag ass awer esou vill méi, wéi just dës Aktioun. Wat genau dohannert stécht, gitt Dir hei gewuer.
Souwuel a Finnland an Norwegen, wéi och Schweden steet den 13. Januar ganz am Zeechen vu St. Knut. Den historeschen Ursprong läit awer an Dänemark, wou den Hellege Knut IV, als deemolege Kinnek vum Land, och haut nach als Schutzpatréiner ugesi gëtt. Mat senger Politik huet hien ëmmer zum Virdeel vun der kathoulescher Kierch gehandelt. Trotzdeem gouf hien a senger Kierch erschlo, an domadder zum Märtyrer erkläert, jo souguer helleg gesprach.
Et gi verschidden Theorien dozou, wisou de St. Knut Dag op den 13. Januar fält. Meeschtens fënnt een awer d’Geschicht, datt den Hellegen un dësem Dag am Joer 1068 no Christus gestuerwen ass, wouduerch d’Chrëschtzäit a Skandinavien op 20 Deeg ausgedeent ginn ass. Sécher sinn dës Ugaben awer net.
A wéi gëtt dat elo gefeiert?
A Schweden, Finnland a Norwegen ass et bei Familljen eng feierlech an traditionell Aktioun fir d’Bullen an d’Dekoratioun um Chrëschtbeemchen erof ze huelen. A Schweden gëtt dës Handlung „julgransplundring“ genannt. Virun allem bei Kanner ass et immens beléift de Beemchen vu senger lästeger Deko ze befreien, well dës och oft aus Séissegkeete besteet, déi d’Butzen uschléissend halen dierfen.
Als Ofschloss muss de Bam dann aus der Wunneng fléien. Majo op dës witzeg Aktioun huet sech och déi schwedesch Firma IKEA gestierzt, an esou flitt an der Reklamm vu virun e puer Joer de Beemchen eraus. Et sollt een awer natierlech oppassen, dobaussen keen ze erschloen!
Quellen: