Sichen

Dir kéint och nach folgende gefalen

D’Policegewerkschaft net vun der Reform iwwerzeegt
International Kultur Neiegkeeten Stories

D’Policegewerkschaft net vun der Reform iwwerzeegt

D’Gesetz vun der Policereform, dat bis ewell op all politeschem

Dank dem Brexit ass d‘EU esou beléift wéi laang net méi
International Kultur Neiegkeeten Stories

Dank dem Brexit ass d‘EU esou beléift wéi laang net méi

Laut der leschter Ëmfro, steet fest: d‘EU ass esou beléift

Keng Quotefraen an der Chamber!
International Kultur Neiegkeeten Stories

Keng Quotefraen an der Chamber!

D’Wale vum 14. Oktober 2018 hu gewisen, datt d’Initiativ vu

What the Fakt – Alles am grénge Beräich um St. Patrick’s Day!

What the Fakt – Alles am grénge Beräich um St. Patrick’s Day!

De 17. Mäerz steet ganz am Zeeche vum iresche Feierdag. De Lá Fhéile Pádraig, wéi d’Iren et nennen, gëtt mëttlerweil och a villen aneren Deeler vun der Welt gefeiert, sou datt pünktlech zum St. Patrick’s Day alles a Gréng, zesumme mat de Kobolde ronderëm leeft.

Den hellege St. Patrick ass de Schutz- an Nationalhëllegen vun allen Iren, egal ob si an Nordirland, Wales, der Republik, Schottland oder soss anzwousch op der Äerd wunnen. Am 5. Joerhonnert huet dëse Mann déi heednesch gällesch Stämm zum Chrëschtentum bekéiert. Fir de Rescht ass relativ wéineg iwwert den Hellege bekannt, wouduerch schonn iwwert säi Gebuertsdatum gestridde gëtt.

Fest steet allerdéngs, datt d’Veréierung vum St. Patrick bis an 7. Joerhonnert no Christus no verfollegt ka ginn. Mat diverse Mythen a Soe gëtt de besonnesche Feierdag zelebréiert. Sou soll de n Hellegen d’Schlaangen aus Irland verdriwwen hunn an den Iren unhand vum Kléiblat (Shamrock) d’Dräifaltegkeet erkläert hunn. A soumat gëtt um 17. Mäerz déi gréng Insel nach ee Stéck méi un dëser knalleger Faarf gesiedegt!

st patrick's day

Dobäi soll de 17. Mäerz angeblech gewielt gi sinn, well de St. Patrick un dësem Dag am Joer 461 gestuerwen ass. Wéi awer scho gesot, ass iwwert de chrëschtleche Mann wéineg gewosst. Mëttlerweil gi weltwäit grouss Paraden, Fester an lëschteg Aktiounen organiséiert, déi – wéi soll et och anescht sinn – ee ganz liichte Soupçon u Gréng a masseweis Kléiblieder an de Mënschemasse verbreeden. Eleng zu New York City a Boston an den USA hunn 32 Millioune Bierger iresch Virfaren, déi natierlech dësen Dag mat feiere mussen.

Ee gréng gefierwte Floss

Datt d’Amien eng mat der Dänn hunn ass spéitstens säit dem Trump gewosst. Scho säit dem Joer 1762 gëtt déi traditionell St. Patrick’s Parad zu New York organiséiert. Deemools huet d’Stad nach zu England gehéiert, wouduerch de Brauch viru gelieft huet an och haut nach honnertdausende Mënschen den Ëmzuch erwaarden.

Verschidde Metropole mussen do nach een drop setzen, wouduerch Chicago säit e puer Joer schonn, fir genau ze sinn säit 1962, hire bekannte Floss, den Chicago River, gréng afierft. Um Samschdeg Muere gëtt domat ugefaangen d’Waasser an een Hauch vu Gréng ze transforméieren, wouduerch de Floss 1 bis 2 Deeg dës Faarf behält.

Déi sougenannt Plumbers Unioun fiert dofir mat op mannst 2 Booter iwwert den Chicago River a verbreet d’Liewensmëttelfaarf wärend 45 Minutten. Dobäi gi 40 Pond um Pudder, den als éischt orange ass an a Kombinatioun mam Flosswaasser gréng gëtt, verbraucht. Dausende Leit ginn erwaart fir dëse Spektakel vun de Stroossen an de Brécken aus mat ze verfollegen.

Quellen:

Ähnlech Sujeten Chicago River, gréng, Irland, Kléiblat, St Patrick's Day, What the Fakt
Nächsten Artikel Virrechten Artikel