Verjéngt fënnt d’DP no iwwer 30 Joer de Wee zeréck op Fréiseng
Fir d‘Gemengewahlen huet sech d‘Demokratesch Partei zimlech am ganze Land
Fir d‘Gemengewahlen huet sech d‘Demokratesch Partei zimlech am ganze Land
Wärend d’Mënschheet eng Aart Stëllstand erlieft, beweist d’Natur weiderhin, wat
No deeglaangem Hin an Hier, huet den Donald Trump en
Haut virun 172 Joer ass d’Margarete Steiff zu Giengen un der Brenz op d’Welt komm. No héijem Féiwer konnt d’Kand d’Been net méi beweegen, sou wéi de rietsen Aarm just nach ënnert schlëmmer Peng belaaschten. Een Dokter konstatéiert schliisslech, datt d’Meedchen u Kannerlämung erkrankt ass.
Wat anerer als schwéiert Schicksal ugesinn, huet dem jonke Margarete d’Liewensfreed net ewech huele kënnen. Mat Hëllef an Ënnerstëtzung, sief et vun den dräi Geschwëster an Nopeschkanner, déi d’Meedche bis an de Klassesall bruecht hunn, oder och duerch den eegene Wëllen seng Plaz op der Welt ze fannen, konnt hatt mat Energie a Freed ervirstiechen.
D’Péng konnt d’Margarete emol net vun der Formatioun als Néiesch ofhalen. Mat 17 Joer konnt hatt stolz an der Dammeschneiderei vun de méi ale Schwëstere Marie a Pauline schaffen. Doduerch, datt seng Geschwëster puer Joer drop d’Heemescht verlooss hunn, konnt déi talentéiert Fra de Grondsteen zur Selbststännegkeet leeën.
Esou huet hatt d’Elterenhaus ëmbaue gelooss, datt déi mëttlerweil erwuesse Fra souguer eng eege kleng Schneiderei opmaache konnt. Mat den éischte Sue konnt sech dunn endlech eng richteg Bitzmaschinn kaaft ginn. Mat all Fuedem ass si esou dem Erfolleg méi no komm.
Hei iwwregens den Elefäntle © Flominator
Duerch ee gudde Rot huet d’Madamm Steiff schliisslech ee Filzkonfektiounsgeschäft opgemaach. Duerch den immense Succès konnt si schonn no kuerzer Zäit begaabt Mataarbechter astellen. Hire selwer kreéierten Elefäntle, deen eigentlech als Nolekësse geduecht war, huet den Ufank vun eppes ganz Groussem duergestallt.
Dat kleng Stoffdéier war nämlech virun allem bei de Kanner esou beléift, datt schonn e puer Joer méi spéit d’Steiff GmbH entstanen ass, woubäi de klenge Petzi mam Rüssel den absolute Liebling war. Iwwer 5000 Elefäntle si bis dohinner ewell u begeeschtert Kanner gaangen.
Esou eng Geleeënheet léisst ee sech als intelligent Geschäftsfra net duerch d’Lappe goen! Esou entsti mat vill Passioun ënnert dem Motto „Fir Kanner ass just dat Bescht gutt genuch“ eng ganz Kollektioun u Stoffpetzien. Mat Mais, Huesen, Giraffen a villem méi sinn d’Aen zum Fonkele bruecht ginn.
De Kampf vum Margarete Steiff ëm Unerkennung a Succès ass iwwregens och verfilmt ginn. D’Wierk dréit de selwechten Numm, wéi d’Fra selwer
Wousst Dir, datt den éischte Plüschbier vun der Firma Steiff kënnt? De Lieblingsneveu Richard Steiff huet der talentéierter Fra ëmmer nees op een Neits Entwërf fir nei Kreatioune geliwwert. An schliisslech war e gebuer: 1902 koum den weltwäit éischten Teddy „Bär 55 PB“ mat beweeglechen Äerm a Been eraus. Trotz Skepsis säitens dem Margarete huet de Richard säi Bier op enger Foire presentéiert…a voll an dat Schwaarzt getraff!
Een Amerikaner huet direkt 3000 Exemplaire vun de kuschelege Biere bestallt, wouduerch de Petzi och op der anerer Säit vun der Welt populär ginn ass. Säin Numm „Teddy“ krut hien iwwregens duerch den amerikanesche President Theodore Roosevelt.
Fir och weiderhi mat Exklusivitéit a Qualitéit un der Spëtzt ze bleiwe kruten d’Petzien hiren Ouerrank – ah nee de Knapp an d’Ouer. Am Joer 1907 huet Steiff mat senge 400 Mataarbechter, 1800 Heemaarbechter, 973.999 Teddyen an 1.700.000 Spillsaachenartikelen de Ruff als Weltfirma gewonnen.
Mat 61 Joer stierft d’Margarete un enger Longenentzündung. Fir d’Famill ass et keng einfach Zäit, an awer huet den Neveu et gepackt, d’Entreprise um Lafen ze halen, sou datt eis och haut nach dat plüschegt Original erhale bliwwen ass.
De Richard Steiff mam “Bär 55 PB”
Wat dëse Vuitton-Bier wuel kascht?
Wien haut nach ee Steiff-Petzi doheem huet, dee ka sech glécklech schätzen an huet souguer vläicht ee wäertvolle Schatz bei sech. Am Joer 2010 ass beispillsweis een Teddybier mat integréierter Wiermfläsch vun 1910 fir ganzer 28.000 € verkaaft ginn. Ee vun de staark limitéierte Bieren aus der Jubiläumseditioun mat gëllener Nues an Aen ass souguer fir 79.000 € iwwert den Dësch gaangen. Op éischter Plaz steet awer nach ëmmer de Louis Vuitton Teddy, deen am Joer 2000 fir 1.978.000 € verkaaft ginn ass – fir de gudden Zweck versteet sech.