Sichen

Dir kéint och nach folgende gefalen

Wat ass um Streckeradar esou schwéier ze verstoen?
International Kultur Neiegkeeten Stories

Wat ass um Streckeradar esou schwéier ze verstoen?

Et gouf, et kann een et net anescht soen, grouss,

Barcelona gedenkt sengen Affer
International Kultur Neiegkeeten Stories

Barcelona gedenkt sengen Affer

D‘Autoritéiten hate gehofft um Méindeg d‘Identitéit vun de Membere vu

Midterm Elections: „Wielt Republikaner oder d‘USA si verluer“
International Kultur Neiegkeeten Stories

Midterm Elections: „Wielt Republikaner oder d‘USA si verluer“

E Samschdeg huet den US-President d‘Amerikaner gewarnt, datt am Fall

What the Fakt – De Super-GAU vun Tschernobyl

What the Fakt – De Super-GAU vun Tschernobyl

Dëse Virfall gëllt als schlëmmsten Accident an der friddlecher Notzung vun der Atomkraaft. Um 26. Abrëll 1986 sollten déi düster Visioune vun de Géigner real ginn: Duerch eng onglécklech Verkettung vu Feeler ass et schliisslech zum Super-GAU (GAU = „Grösster anzunehmender Unfall“) komm.

De Reakter 4 vum Atomkraaftwierk Tschernobyl war grad emol 2 Joer am Betrib. An der deemoleger Sowjetunioun gouf dës Musteranlag an héchsten Téin gelueft, obwuel de Fachleit d’Mängel bewosst waren. Am Westen wousst ee relativ wéineg iwwert d’Funktiounsweis vum geféierleche Reakter. A wann eppes schif geet, da sollt et grad hei immens schlëmm Konsequenze mat sech bréngen!

Geplangt war ee Sécherheetstest, bei deem am Reakterblock 4 iwwerpréift sollt ginn, ob d’Turbinnen bei engem Stroumausfall d’Zäit bis zum Ulafen vun den Dieselgeneratoren – wat ongeféier eng Minutt dauere sollt – iwwerstinn. Wier dat net de Fall, kéint de Reakter net méi genuch gekillt ginn, wouduerch et zu enger Kernschmelze komme géif. Schonn ee Joer virdrun war een ähnlechen Test an engem aneren Block mësslongen.

Um 25. Abrëll 1986 ass de Reakter 4 fir d’Revisioun erofgefuer ginn, woubäi Schrëtt fir Schrëtt d’Leeschtung reduzéiert ginn ass. Am Ganzen soll de Reakter op ee Véirel vu senger normaler Kapassitéit erofgefuer ginn, wat awer eréischt méi spéit wéi geplangt de Fall war, wëll jo och d’Stad selwer nach mat Stroum huet misse versuergt ginn.

Tschernobyl

Et war emol keng hallef Stonn no Mëtternuecht um 26. Abrëll, datt d’Leeschtung aus ongekläerte Grënn op manner, wéi 1 Prozent erofgaangen ass. Bei dëser geféierlecher Situatioun war et allerdéngs verbueden, d’Anlag nees ganz ze starten, wëll d’Reaktivitéit sech extrem steigere géif an eng Xenon-Vergëftung antriede kéint.

No an no hëlt d’Personal Steierstiew ewech, fir esou d’Kettereaktioun ofzebremsen. Schliisslech ware just nach 18 vun den insgesamt 211 Steierstiew erausgefuer, wouduerch de Reakter an engem immens onstabillen Zoustand war. Fir de stellvertriedende Chefingenieur vum Kraaftwierk, dem Antolij Djatlow, sollt dëst awer kee Problem sinn, an esou wëll hien den Testlaf, trotz Kritik vun anere Mataarbechter, ufänken. Just 36 Sekonne méi spéit huet déi fatal Reaktioun ugefaangen.

D’Leeschtung klëmmt nämlech onkontrolléiert, wouduerch d’Steierstiew nees all sollen erausgefuer ginn, fir esou de Reakter ofzeschalten. Duerch ee Konstruktiounsfeeler ass d’Leeschtung allerdéngs weider extrem eropgaangen, amplaz ofzesénken, wouduerch bei Temperature vun iwwer 2000°C d’Brennelementer mam Waasser reagéiert hunn. Et koum schlussendlech zu 2 Explosiounen, déi d’Schutzplack vun 3000 Tonnen ewech gesprengt hunn. Duerch déi austriedend Wollek ginn radioaktiivt Jod-131, Cäsium-134 an Cäsium-137 honnerte Kilometer an d’Ëmwelt geschoss.

Tschernobyl
Tschernobyl

Héich Wäerter an Europa

D’Miessstatiounen a Schweden, Finnland an Norwegen weisen ongewéinlech héich Wäerter u Radioaktivitéit op, an dat eréischt 2 Deeg nom Accident. Ouni ee Wuert vun der Sowjetunioun héieren ze hunn, kommen éischt Vermuddungen iwwert eng nuklear Katastroph an der Regioun op. Um 21:00 Auer mellt d’Noriichtenagentur Tass, datt et zu engem Virfall am Atomkraaftwierk Tschernobyl komm ass, woubäi vill Mënschen zu schued komm sinn.

Och bei eis huet d’Radioaktivitéit seng Spueren hannerlooss. Bei Liewensmëttelkontrollen gëtt tonneweis belaascht Material festgestallt. Elo eng Zalot aus dem Gaart ze huelen, wier éischter ongënschteg. Trotzdeem ginn Enn September Block 1, Block 2 an 3 nees a Betrib gesat.

Tschernobyl

De Reakter mam Sakofag zum Schutz 2017 © Tim Porter

Ähnlech Sujeten 26. Abrëll 1986, Atomkraaftwierk, Nuklearkatastroph, radioaktivt Material, Tschernobyl, What the Fakt
Nächsten Artikel Virrechten Artikel