Sichen

Dir kéint och nach folgende gefalen

400 Enseignante bei der Konferenz fir Zesummenaarbecht
hookup toronto

400 Enseignante bei der Konferenz fir Zesummenaarbecht

Zuelräich Enseignanten, Presidente vu Schoulcomitéen, Direktere vu Primärschoulen a Lycéeen,

https://moien.lu/dating-niche-ideas/
hookup toronto

Dës Initiativ suergt zu Bouneweg fir méi Liewensqualitéit

Gutt gelaunt an héich erfreet hunn d’Awunner vun der Bongert-Strooss

moneysurprise
Eurogroupe: véier Kandidate fir de Posten als President
hookup toronto

Eurogroupe: véier Kandidate fir de Posten als President

Haut de Mëtteg gëtt am informelle Krees vun de 19

What the Fakt – Den éischten Terminator kennt viru 34 Joer eraus

What the Fakt – Den éischten Terminator kennt viru 34 Joer eraus

Hasta la vista baby! Dëse Satz misst jiddwerengem bekannt sinn duerch dem James Cameron säi Kultfilm Terminator. Wat aus engem Albdram mat enger metallescher Doudesfigur ugefaangen huet, ass mëttlerweil op der ganzer Welt bekannt.

Am düstere postapokalyptesche Los Angeles vun 2029 sinn d’Maschinnen un der Muecht. De Konzern Skynet setzt ee Killerroboter, den Terminator, an, fir an d’Vergaangenheet zeréck ze reesen an esou dem John Connor, den ee Widderstand plange well, seng Mamm ëm ze bréngen.

Gespillt gëtt den Terminator vum Arnold Schwarzenegger, éisträichesch-amerikanesche Schauspiller an ehemoolege Gouverneur vu Kalifornien. De Regisseur James Cameron hat bis zu dësem Zäitpunkt nëmme beim Piranha II matgewierkt a stoung nach ganz um Ufank vu senger Karriär. Zesumme mam Schwarzenegger gouf den Erfolleg awer, ouni datt si et erwaart hätten, op een enormen Niveau bruecht.

Am ganze Film seet den Terminator just 58 Wierder, wat also net besonnesch usprochsvoll fir de Schauspiller war. Generell hat hie Problemer mat der Aussprooch, wéi beispillsweis beim legendäre Satz „I’ll be back“, wou hien den „I’ll“ duerch een „I will“ ersetze wollt. Den Argument war awer och, datt ee Roboter keng Wierder ofkierzt, mee alles ganz ausschwätzt.

Fir all Apple II Notzer gëtt et dann och nach ee witzegen Easter Egg. Wien an den allgemengen Opfuerderungen „] call -151 *“ agëtt, kann d’Siten an Apps aus der Siicht vum Terminator kucken.

Bis haut sinn fënnef Filmer mam Cyborg erauskomm, dovun de leschten am Joer 2015 mam „Terminator: Genysis“. D’Haaptfigur, den Arnold Schwarzenegger, ass senger Roll trei bliwwen an ass erëm an seng Rëschtung geklomm.

Quellen:

Foto: © Courtesy of Orion Pictures

Ähnlech Sujeten 1984, Anrold Schwarzenegger, Film, James Cameron, Kino, Terminator
Nächsten Artikel Virrechten Artikel