Sichen

Dir kéint och nach folgende gefalen

Hurrikan Dorian: Et war kee Frëndschaftsbesuch
International Kultur kiis fm dating https://moien.lu/games-dating-online/

online dating burgersfort

Den Hurrikan Dorian huet nach ëmmer net ganz vun de

Luxembourg Mini Maker Faire – 1580 Persounen hunn deelgeholl!
International Kultur kiis fm dating https://moien.lu/games-dating-online/

Luxembourg Mini Maker Faire – 1580 Persounen hunn deelgeholl!

Déi éischt Luxembourg Mini Maker Faire huet mat 1580 Participanten

Ass de Bettel dem Trump säi Kniecht?
International Kultur kiis fm dating https://moien.lu/games-dating-online/

Ass de Bettel dem Trump säi Kniecht?

Nom US-Ambassadeur zu Berlin, Richard Grenell, ass et elo deen

What the Fakt – Den Tom Hanks a säin 63. Gebuertsdag!

What the Fakt – Den Tom Hanks a säin 63. Gebuertsdag!

Spéitstens duerch seng Roll am Film „Forrest Gump“ ass den US-amerikaneschen Acteur a Produzent zum weltwäite Star ginn. Een Oscar fir seng komplex Film-Personnagen ze kréien, ass fir hie scho laang näischt Neies méi. Kee Wonner mat esou Meeschterwierker wéi „The Da Vinci Code“ oder och „Terminal“. Haut huet de Schauspiller nach eppes Weideres ze feieren: säin 63. Gebuertsdag!

Um 9. Juli 1956 ass den Thomas Jeffrey Hanks nämlech a Kalifornien op d’Welt komm. No der Scheedung vu sengen Elteren huet de jonke Bouf mat sengen zwee Geschwëster beim Papp gewunnt, wärend just de méi jonke Brudder Jim Hanks bei der Mamm opgewuess ass. Scho wärend der Zäit an der High School huet den Tom seng Passioun an Interessi fir d’Schauspillerei fonnt, wouduerch et net verwonnerlech ass, datt hien uschléissend Etüden an dësem Beräich ugefaangen huet.

Als Bühnebildner, Liicht- an Tountechniker, sou wéi als Acteur konnt hien zu Cleveland beim Great Lakes Theater schaffen. Allerdéngs huet de passionéierte Kärel no méi gestrieft. D’Hoffnung ass gewuess, datt an der Metropol New York divers Film- a Fernseh-Rolle fir den Hanks eraussprangen. No verschiddene Rollen a Serien, wéi „Bosom Buddies“ oder „Happy Days“ huet hie schliisslech den haitege Regisseur Ron Howard kenne geléiert, duerch deen den Acteur seng éischt grouss Haaptroll bei „Splash – Eine Jungfrau am Haken“ ergattere konnt.

De groussen Duerchbroch ass ee gutt Joerzéngt méi spéit komm: No diverse Komödien ass den Hanks mam Liebesfilm „Schlaflos in Seattle“ emol an een anere Beräich ofgedaucht. Lues awer sécher huet hien seng Plaz an de méi eeschte Rolle fonnt, wouduerch hien, no senger Duerstellung am AIDS-Drama „Philadelphia“ als immens jonke Schauspiller säin éischten Oscar als Haaptduersteller entgéint huelen duerft.

No „Forrest Gump“ ass et fir den US-Amerikaner steil Bierg erop gaangen. A groussen erfollegräiche Produktiounen, wéi „Apollo 13“ oder „Der Soldat James Ryan“ duerft hie säin Talent beweisen, an esou kéint een d’Lëscht u Filmer nach laang weider féieren. Egal ob e fir eng Roll 20 Kilogramm ofhuele misst, bis e schliisslech ënnererniert gewierkt huet, engem Personnage just seng Stëmm léine sollt oder grouss Klassiker nom Buch vum Stephen King an Dan Brown verkierpere sollt, den Tom Hanks huet et hi kritt, mat vill Higab, Talent an Léift zum Beruff.

Tom Hanks

Och privat rullt et!

Scho säit 31 Joer sinn de Schauspiller an d’Rita Wilson bestuet, an dat ganz ouni Exzess a Skandal. D’Hanks-Koppel wëll d’Privatliewen aus der Ëffentlechkeet eraushalen. Wat si awer verroden ass, datt Éierlechkeet zielt. „D’Geheimnis vum matenee glécklech sinn hu mir scho viru ville Jore geléiert“, sou de verléiften Acteur. Och no der Broschtkriibsdiagnos huet den Hanks seng Fra net hänke gelooss an hir an dëser schwéierer Zäit Courage a Léift geschenkt.

Zesummen hu si zwee Jongen: den Chet an den Truman. Aus dem éischte Bestiednis mam Smantha Lewes ass d’Elizabeth Anne Hanks an de Colin Hanks ervir gaangen. An viru kuerzem ass déi glécklech Koppel souguer scho fir drëtt Grousseltere ginn.

Do kann een nëmme gratuléieren zu esou vill Erfolleg, Gléck a Freed um Liewen. Un dësem Punkt wënsche mir natierlech och alles Guddes fir de Gebuertsdag – mat esou enger grousser harmonescher Famill gëtt dat bestëmmt ee spannenden Dënschdeg!

Ähnlech Sujeten Forrest Gump, Oscar, Schauspiller, Tom Hanks, What the Fakt
Nächsten Artikel Virrechten Artikel