Search

You may also like

Politiker geréit a juristesch Turbulenzen an zitt d‘Handbrems
Neiegkeeten

Politiker geréit a juristesch Turbulenzen an zitt d‘Handbrems

D‘Virwërf géint de gréngen Député-Maire vun Déifferdeng schéngen hir Berechtegung

Däitschland vs. Lëtzebuerg
Neiegkeeten

Däitschland vs. Lëtzebuerg

An de sozialen Netzwierker kuréiert e Bréif vum Christian Stahl,

Nom G7-Sommet vu Biarritz…
Neiegkeeten

Nom G7-Sommet vu Biarritz…

Et war kee Sommet wéi vill anerer, a wann et

What the Fakt – Den Udo Lindenberg spillt zur DDR-Zäit säi legendäre Rock-Concert

What the Fakt – Den Udo Lindenberg spillt zur DDR-Zäit säi legendäre Rock-Concert

Et ass dem däitsche Museker säin éischten DDR-Optrëtt am Kader vun der FDJ-Friddensveranstaltung am Palast vun der Republik, woufir de Rocker laang kämpfe misst.

Den Udo Gerhard Lindenberg gëtt um 17. Mee 1946 zu Gronau gebuer. Den haitege Museker, Schrëftsteller a Moler huet schonn als Kand ugefaange, iwwerall a mat allem ze musizéieren. Eréischt 1971 feiert e säi groussen Duerchbroch a kritt mat däitsche Lidder wei „Andrea Doria“ an „Cello“ säin éischte Milliounevertrag.

Als kënschtlereschen Aktivist huet hien ëmmer den Zäitgeescht op d’Schëpp geholl a sech mat politesche Stréimunge befaasst. Doduerch huet de Lindenberg als éischten däitsche Museker déi grouss Stadie gefëllt. Mat villen Diskussiounen an dem Versprieche fir seng Fans an der DDR ze spille setzt hien sech schlussendlech duerch ee Concert zu Berlin spillen ze dierfen.

Am Publikum duerften awer just ausgewielte FDJ-Membere sëtzen. Trotzdeem hunn d’Lindenberg-Fans sech net ënnerkréie gelooss an de Rocker op de Stroosse vun der däitscher Haaptstad ze feieren. An och just een bestëmmte Reporter duerft de Spektakel festhalen.

De kommunistesche Politiker Erich Honecker gesäit den Lindenberg als Staatsfeind an zweetklassege Schlagersänger un, dem een net traue kann. D’Evenement dierf just statt fanne fir de Sänger zu Propaganda-Zwecker auszenotzen. Hien huet awer aner Pläng a setzt sech dofir an, datt SS 20 Rakéiten ofgeschaaft musse ginn. D’Show beim Palast vun der Republik dierf stattfannen, mee seng versprachen Tournée gëtt ofgesot.

Mat senger rebellescher Attitüd hunn d’Fans vill Risiken a Kaf geholl fir hien ze gesinn a seng Musek ze lauschteren. Nom Mauerfall 1989 haten si endlech d’Chance hiert grousst Idol ze bejubelen. Bis haut ass den Udo Lindenberg een vun de gréissten däitsche Kënschtler, den mat Optrëtter bei MTV-Unplugged, Zesummenaarbechte mat Museker wéi dem Clueso, engem eegene Musical oder de karikaturhafte an ironesche Biller.

Quellen:

Foto: © AP Photo / Philipp Guelland

Related topics Berlin, DDR, FDJ, Musék, Udo Lindenberg
Next post Previous post