Sichen

Dir kéint och nach folgende gefalen

Freedefeier op Silvester: Fantastescht Geknupps oder Ëmweltatastroph?
International Neiegkeeten

phone swap dating show snapchat episodes

Haut den Owend geet nees ee Joer op een Enn.

https://moien.lu/sugar-daddy-dating-rules/
things to talk about while dating
International Neiegkeeten

EU-Sommet: Spuenien keen (offiziellt) Thema

Datt sech vum EU-Sommet (19-20. Oktober) net vill ze erwaarde

Cargolux: Budapest gëtt elo duebel sou oft ugesteiert!
International Neiegkeeten

Cargolux: Budapest gëtt elo duebel sou oft ugesteiert!

Déi wëchentlech Flicht vu Cargolux an déi ungaresch Haaptstad Budapest

What the Fakt – UNICEF gëtt gegrënnt

What the Fakt – UNICEF gëtt gegrënnt

Et ass hiert wichtegst Ziel de Kanner an Nout z hëllefen an hinnen esou méi eng liewenswäert Zukunft ze bidden. Aus dësem Grond kënne mir all immens houfreg sinn, datt um 11 Dezember 1946 d’Kannerhëllefsorganisatioun UNICEF an d’Liewe geruff ginn ass.

UNICEF ass d’Ofkierzung fir „United Nations International Childrens Emergency Fund“. Et ass déi éischt Hëllefsorganisatioun déi sech zur Nokrichszäit fir d’Kanner an Europa, déi ënnert Honger a Krankheet gelidden hunn, agesat huet. Mëttlerweil setzen si sech generell fir Kannerrechter an, onofhängeg vun der Hautfaarf, Relioun oder Hierkonft. Zu knapp zwee Drëttel gi si vu fräiwëllege Regierungsbeiträg finanzéiert. De Rescht kënnt vu Spenden, an zemools elo zu de kommende Feierdeeg, vu Chrëschtkaarten.

Laut UNICEF ginn 250 Millioune Kanner tëschent 5 a 14 Joer als bëlleg Aarbechtskraaft mëssbraucht. Nach ëmmer ginn et vill ze vill Kannerzaldoten, Krankheeten, déi mat der richteger medezinescher Versuergung kéinte geheelt ginn, mee och net genuch oder guer keng Schoulen, virun allem an Entwécklungslänner oder a Krichsgebidder.

Fir dem entgéint ze wierke setzt UNICEF sech, als schnell Nouthëllef, fir dat laangfristegt Wuelergoe vu Jongen a Meedercher op der ganzer Welt an. An 150 Länner gëtt dofir gesuergt, datt d’Kanner medezinesch versuergt kenne ginn, si proppert Drénkwaasser zur Verfügung hunn, d’Butzen an d’Schoul goe kënnen oder viru Gewalt an/oder Ausbeutung protegéiert ginn.

UNICEF

E puer Zuelen

Mat der Erfarung vu 70 Joer huet UNICEF, duerch sengen erfollegräiche Programmer, säin Deel dozou bäigedroen, datt an de leschten 30 Joer d’Kannerstierflechkeet halbéiert konnt ginn. Laut hire Statistike kritt bal all zweet Kand op der Welt eng Impfung vun UNICEF, sou datt Krankheeten, wéi Kannerlämung sou gutt wéi ausgerott konnte ginn. An de leschten dräi Joer sinn dann och 43 Millioune Kanner mat Schoulmaterial equipéiert ginn. Iwwer 2,5 Millioune schwéier ënnerernierte Kanner sinn 2016 vun der Hëllefsorganisatioun mat Liewensmëttel versuergt ginn.

Liewe retten

Wéi scho gesot kann dës Hëllefsorganisatioun just duerch Spenden hir Zieler erfëllen. Wien Dag fir Dag bis an de leschte Wénkel vun der Welt geet, fir de Klengsten an Nout ze hëllefen, huet enorm vill Responsabilitéit ze droen a muss och een immense logisteschen Opwand bedreiwen.

Wousst dir beispillsweis, datt bal all 10 Sekonnen ee Kand un Honger stierft? Eng erschreckend Zuel an een onzoumuttbaren Zoustand! Fir Liewe retten ze kënnen ass UNICEF op finanziell Ënnerstëtzung ugewisen. Aus dësem Grond fënnt een um Site vun der Organisatioun eng Rei u Méiglechkeete fir selwer aktiv ze ginn. Egal op eng eemoleg Spend, ee Benevolat oder eng Patenschaft, all Cent zielt hei. Kuckt dach emol laanscht: www.unicef.lu.

Zemools elo zu dëser besënnlecher Zäit sollt een drun denken, datt et net jiddwerengem esou gutt geet wéi eis. Amplaz vun deieren, onnéidege Cadeaue kann ee sech iwwerleeën, op een vläicht een Deel vu sengem Budget fir de gudden Zweck investéiert, fir esou d’Welt ee klengt Stéckelche besser ze maachen.

Quellen:

Ähnlech Sujeten Honger, Kannerhëllefsorganisatioun, Kannerzaldoten, Krankheet, Krich, Spenden, Unicef
Nächsten Artikel Virrechten Artikel