Sichen

Dir kéint och nach folgende gefalen

Washington wëll en neit Atomwaffenarsenal
International Kultur free dating site in greece dating a minute man

oral herpes and dating

Well den Donald Trump d‘Atomwaffenarsenal vun den USA konsequent erneiere

Dës Serie bréngt 90er Joren erëm – awer mat Stil!
International Kultur free dating site in greece dating a minute man

Dës Serie bréngt 90er Joren erëm – awer mat Stil!

Netflix mécht säi Porftolio u Serien ëmmer méi breet an

Den ACL kënnt de Mënsche mat reduzéierter Mobilitéit entgéint
International Kultur free dating site in greece dating a minute man

Den ACL kënnt de Mënsche mat reduzéierter Mobilitéit entgéint

Den Automobilclub zu Lëtzebuerg ass innovativ a fortschrëttlech. Mat engem

What the Fakt – Dat vegetarescht Duerf EDEN zu Berlin!

What the Fakt – Dat vegetarescht Duerf EDEN zu Berlin!

Um 28. Mee 1893 hunn 18 Persounen déi sougenannt „Vegetaresch Uebstbaukolonie Eden“, eng Siidlung extra fir Vegetarier gegrënnt. Mat dem eegenen Ubau op de Felder vun Oranienburg huet dës Grupp sech esou naturreng a frësch wéi méiglech selwer versuergt. D’Geschicht weist, wéi d’Veggie-Liewen zu Berlin säin Ufank geholl huet.

Am vegetaresche Restaurant „Ceres“ am Berliner-Tiergarten huet haut virun 126 Joer ee Krees vun 18 Liewensreformer d’Iddi vun enger eegener Siidlung op d’Been gestallt, an der een op fleescheg Produite verzichte sollt. Bis Enn August si weider 8 Membere bei Eden dobäi komm, an esou konnt een ufänken no enger gëeegenter Plaz zur Néierloossung ze sichen.

Nërdlech vu Berlin a knapp dräi Kilometer westlech vun Oranienburg konnt ee schliisslech fir 225 Mark pro Eenheet ganzer 40 Hektar Land kafen. Nodeems den Terrain ab dem 12. Juli 1893 de vegetaresche Membere gehéiert huet, konnt ee mat den Aarbechten an dem Planze vun Uebstbeem ufänken. Knapp 5 Joer méi spéit war et schonns méiglech mam ugebauten Uebst Jus a Gebeess hierstellen.

EDEN

© Eden Gemeinnützige Obstbau-Siedlung eG

Pünktlech zur Joerhonnertwend konnt een 15.000 Uebstbeem a 50.000 Bieresträicher, 3.000 Hieselter, 200.000 Äerdbierplanzen an 20.000 Rubbarbsstäck zielen. Domat ass natierlech och d’Recolt eropgaangen. Trotz dëse positiven Zuelen hu sech net genuch vegetaresch Membere fonnt, déi um Projet vun der Grupp deelhuele wollten. Et huet ee schliisslech decidéiert, d’Wuert „vegetaresch“ ze sträichen, sou datt och Karnivoren, déi sech bewosst ernieren an d’Aarbecht ënnerstëtzen, Eden bäitriede konnten.

Alternativ awer gesond

D’Visioun war et, laut de Grënner, datt „d’Bewunner vun dëser Siidlung Alkohol an Tubak meiden. Visiteure gi gebieden net ze fëmmen, fir datt d’Jugend kee schlecht Beispillt virgewise kritt.“ Fir d’Wirtschafts- a Sozialhistorikerin Judith Baumgartner war awer nach ee weideren Aspekt wichteg: „Et war net nëmmen de Genosseschaftsgedanken, mee datt een hei esou eng kleng Welt fir sech war. Datt et Jugendherberge gouf, datt et hei eng Bibliotheik gouf. Et si Crèchen ginn, et si Schoule ginn, déi och scho ganz reformpädagogesch aktiv waren. Et gouf Stageplazen, och kulturell Méiglechkeeten, wéi Summerfester, Äppelfester, Sangveräiner. All dat huet Eden och dësen immens soziale Charakter ginn.“

D’Beschreiwung „Naturreng“ ass bestoe bliwwen an esou huet d’Mëschung aus individueller a kollektiver Aarbecht een richtege Succès bruecht. Als éischt waren et de Jus an de Gebeess, déi de Marché erreecht hunn. Mat 150 Tonnen Uebst a Geméis konnt ee seng Offer weider ausbreeden. Besonneschen Erfolleg huet de sougenannt „Eden-Planzebotter“ erlieft, dee just aus rengem Planzefett bestanen huet.

EDEN

© Eden Gemeinnützige Obstbau-Siedlung eG

Et gëtt se nach ëmmer

An den 1930er Joer sinn d’Iddien, d’Prinzipien an d’Produite vun Eden a ville Reformhaiser a Geschäfter verbreet ginn, sou datt déi alternativ a reformatoresch Grupp ee wirtschaftlechen Opschwong erliewe konnt. An jo, och haut nach gëtt et déi naturno Siidlung!

D’Duerf bei Berlin zielt 1.500 Awunner aus allen Alterskategorien. De Rainer Gödde, gebiertegen Edener erkläert: „Ech hoffen, datt jiddwereen, deen heihi plënnert, ganz schnell begräift, datt hire Schatz hire Gaart ass – hir Fläch, aus der si gesond liewe kënnen. Aus der si Kraaft zéie kënnen. Da bleift Eden op mannst nach déi nächst 125 Joer erhalen. An dat wënschen ech mir.“

Ähnlech Sujeten Berlin, Eden Gemeinnützige Obstbau-Siedlung eG, Uebstbeem, Vegetaresch, What the Fakt
Nächsten Artikel Virrechten Artikel