Sichen

Dir kéint och nach folgende gefalen

Mir hunn eis um KUKI ëmgekuckt
Neiegkeeten

Mir hunn eis um KUKI ëmgekuckt

Dee vun der Kielener Kulturkommissioun organiséierte Kultur- a Konschtfestival, huet

UN-Sécherheetsrot: En trauregen Dag fir Syrien
Neiegkeeten

UN-Sécherheetsrot: En trauregen Dag fir Syrien

Am UN-Sécherheetsrot hu gëschter Russland a China géint d‘Verlängerung vun

Doudeger bei schwéieren Onwieder an den USA
Neiegkeeten

Doudeger bei schwéieren Onwieder an den USA

Tornadoen a Onwieder hu vill Gebaier zerstéiert, deels ass et

What the Fakt – Viru 17 Joer presentéiert Apple den éischten iPod

What the Fakt – Viru 17 Joer presentéiert Apple den éischten iPod

A manner wéi engem Joer gouf den Player entwéckelt a konnt um 23. Oktober 2001als Mac-kompatibelen Apparat mat enger 5GB Festplack virgestallt ginn. Deemools war den Iddi seng Musek einfach an ëmmer dobäi ze hunn („1.000 songs in your pocket“).

Am Ufank vun den 2000er Joer war d’Museksindustrie verzweiwelt. De Verkaf vu CDe goung ëmmer méi zeréck, d’Musek-Piraterie dofir an d’Luucht. Een Abo-Déngscht unzebidde war zu der Zäit, wéinst komplizéierten Oplage vum Kopéierschutz, relativ onvirstellbar. Apple huet de Moment genotzt an den MP3 Player virun entwéckelt.

De grousse Problem war déi schwéier Bedéngung, wéineg Späicherplaz a keng legal Alternativ fir Lidder erof ze lueden. Doropshi wollt de Steve Jobs, Grënner vun Apple, d’Konzept änneren an nieft dem iPod ee gesamte System mat Online-Shop ubidden.

Him war schnell kloer, datt et de beschte Wee géint illegal Downloads wier eng bëlleg a legal Alternativ ze bidden, och wann seng Konkurrenz den Apple-Grënner deemools nach belächelt an ugezweiwelt huet. An awer sollt d’Konzept, mat flexibele Musekspräisser tëschent 69 Cent an 1,29 Dollar, ee risegen Erfolleg erliewen.

Am Februar 2001 stellt den Jon Rubinstein sengem Chef seng éischt Iddi vum iPod vir, mat enger Festplack vun 1,8 Zoll. Den Jobs äntwert dorobber just „Go for it!“ a stellt een Team zesummen, fir den Player weider ze entwéckelen. No manner wéi engem Joer konnt d’Innovatioun dem Publique presentéiert ginn.

Den éischten iPod huet enorme Succès gefeiert a sou ass an de folgende Joren reegelméisseg een neie Modell eraus komm. Haut ass Apple bekannt vir seng héichwäerteg, mee deier Technik. Mam iPhone, Mac, iPad, iPhone an der neier Apple Watch ass Apple och nom Dout vum Steve Jobs eng vun de féierende Firmen am Beräich Technologie a Betribssystem um weltwäite Marché.

Quellen:

Ähnlech Sujeten Apple, iPod, MP3 Player, Steve Jobs, Technik
Nächsten Artikel Virrechten Artikel