Sichen

Dir kéint och nach folgende gefalen

money
D‘EU a Singapur ënnerschreiwen e Fräihandelsaccord
Kultur https://moien.lu/herpes-dating-sweden/

streaming hookup app

E Freideg huet d‘EU zu Bréissel mat Singapur e Fräihandelsaccord

Editorial: Stell der vir et sinn Europawahlen an et ass jidderengem egal
Kultur https://moien.lu/herpes-dating-sweden/

Editorial: Stell der vir et sinn Europawahlen an et ass jidderengem egal

D‘Wierfel si gefall, rien ne va plus, wéi de Fransous

Blame! wäicht vum Virbild of – an dat ass gutt esou!
Kultur https://moien.lu/herpes-dating-sweden/

Blame! wäicht vum Virbild of – an dat ass gutt esou!

Vun deene villen Anime-Adaptéierungen, déi een sech am Joer 2017

What the Fakt – Virun 41 Joer stierft de King of Rock’n Roll

What the Fakt – Virun 41 Joer stierft de King of Rock’n Roll

Mat senger neier Interpretatioun vum Rhythm and Blues a sengem groussen Talent gëtt den Elvis Presley zum erfollegräichsten a berühmtste Solokënschtler vu sengem Joerhonnert. Den US-amerikanesche Sänger, Museker a Schauspiller verkierpert mat senger sënnlecher, aggressiver a rebellescher Aart de Rock’n Roll perfekt.

Um 8. Januar 1935 gëtt den Elvis Aron Presley als Jong vun engem Baamwollplécker an enger Néiesch zu Mississippi gebuer. Säin Zwillingsbrudder, den Jesse Garon, stierft scho bei der Gebuert. No sengem Ofschloss un der Highschool am Joer 1953 hëlt hie senger Mamm als Gebuertsdagscadeau bei Memphis Recording Service eng Plack mat den Titelen „My Happiness“ an „That’s when your heartaches begin“ op.

Zu dem Zäitpunkt beweist hie schonn eng gewësse Professionalitéit, Individualitéit an Talent. Seng Mamm encouragéiert hire Jong eng Demo opzehuelen, mat der hie spéider wierklech ënnert Vertrag geholl gëtt. Et ass de groussen Duerchbroch fir den Elvis Presley, den elo oft um Radio ze héieren ass an 1955 schonn iwwert 160 Concerte gespillt huet.

Elvis PresleyKuerz drop hëlt hien d’Plack mam legendäre Lidd „Heartbreak Hotel“ op, wat dem Museker zu internationalem Erfolleg a senger éischter gëllener Schallplack féiert.

Och d’Filmindustrie gëtt op de Kënschtler opmierksam a sou kritt hien ee Vertrag vu Paramount Pictures a fänkt mat den Dréiaarbechten zu „Love me tender“ un. 32 weider Filmer folgen an verhëllefen dem Elvis Presley zu ëmmer méi Erfolleg.

De Showbusiness an de grousse Succès hunn allerdéngs net nëmme positiv Säiten. Gesondheetlech a kierperlech gëtt hie kee gudden Androck méi of. Et gi Spekulatiounen op de Kënschtler Drogen an divers Pëllen anhëlt. Duerch seng Scheedung vum Priscilla verschlechtert sech d’Situatioun.

Trotz Warnung vun den Doktere geet den Elvis op Tour, mee et sollt seng läscht sinn. Den 29. Abrëll 1977 brécht de Sänger op der Bühn zesummen a kënnt an d’Spidol. Um 26. Juni vum selwechte Joer spillt hien zu Indianapolis säin definitiv leschte Concert.

Mat 42 Joer verstierft de King of Rock’n Roll um 16. August 1977 un Häerzversoen. Zesumme mat senger Mamm gëtt hien op sengem Grondstéck „Graceland“ bäigesat.

Och no sengem Dout lieft d’Legend virun. Seng Lidder a Filmer spille bis haut nach all Joer 40 Milliounen US-Dollar an, déi seng Witfra Priscilla, säi Meedche Lisa Marie a seng Enkelin Danielle kréien.

Quellen:

Ähnlech Sujeten Elvis Presley, Elvis the Pelvis, Graceland, King of Rock'n Roll, Lisa Marie Presley, Love me tender, Musék, Rock'n Roll, What the Fakt
Nächsten Artikel Virrechten Artikel