Sichen

Dir kéint och nach folgende gefalen

What the Fakt – De skandinavesche Feierdag Knut
Auto International common early dating mistakes dating inner circle hookup bloomington il

online dating membership costs

Wien kennt d’Reklamm vun IKEA net, wou d’Chrëschtbeemercher aus der

déi Lénk: D’Widderspréch vun de Gréngen bei der Ëmwelt
Auto International common early dating mistakes dating inner circle hookup bloomington il

déi Lénk: D’Widderspréch vun de Gréngen bei der Ëmwelt

De Projet zum Reamenagement vum Boulevard Roosevelt, deen um 22.

Frankräich: e roude Schal géint d‘Gewalt?
Auto International common early dating mistakes dating inner circle hookup bloomington il

Frankräich: e roude Schal géint d‘Gewalt?

Laut deene, vum franséischen Inneministère virgeluechten Zuelen, hat de Mouvement

What the Fakt – D’Enn an d’Weiderliewe vum VW-Käfer

What the Fakt – D’Enn an d’Weiderliewe vum VW-Käfer

Et ass een Auto, den mat vill Nostalgie verbonnen ass. De VW-Käfer ass och haut nach ee Kultauto mat ville Bewonnerer a Sammler, déi dëst Gefier net ausstierwe wëlle loossen. Virun 41 Joer ass de leschten Käfer an Däitschland vum Band gelaf – een Ofschid mat villen Tréinen.

No 16.255.500 Exemplaren war et um 19. Januar 1978 fäerdeg mam berühmten Auto aus dem Drëtte Räich vum Adolf Hitler. Deemools hat den däitschen Diktator d’Visioun vun engem bëllegen Volleks-Auto. D’Iddi vum Kultwon kënnt awer ursprénglech vum Béla Barényi, wourauser de Ferdinand Porsche an den 20er Joer de sougenannten „Kraft durch Freude Wagen“ entwërft.

Käfer

De Prototyp VW30 vun 1935 © Volkswagen

Am Joer 1939 sollt schliisslech den éischte VW-Käfer vum Band lafen. Zur Zäit vum Zweete Weltkrich sollt dunn awer als éischt de Kübelwon op de Stroosse rullen. Eréischt 1947 kréie Privatpersounen d’Méiglechkeet d’VW-Modeller ze kafen. Schnell gëtt de klenge Käfer zu engem richteg beléiften Auto an d’Wirtschaftswonner aus Wolfsburg ass net méi ze bremsen.

Mëtt vun de 50er Joer kann Volkswagen schonn dat Milliounsten Exemplar feieren an och d’USA fanne Gefalen um Kultauto. An der Reklamm heecht et net fir näischt „Er läuft und läuft und läuft…“. 1964 entscheet de Konzern sech dozou, een neit Wierk an der Hafestad Emden ze bauen. Mat den Eenzeldeeler, déi nach ëmmer aus Wolfsburg koumen, sinn an der neier Hal ronn 10 Käferen den Dag gebaut ginn.

Ënnert de Leit, déi deemools zu Emden geschafft hunn sinn Frëndschaften entstanen. De Willi Kurowski, deen d’Hal matgebaut huet a spéider als Carrossier an der Hafestad geschafft huet seet: „Et war eng super Komerodschaft a vill Frëndschaften hale bis haut!“

Eng Ära geet op een Enn

D’Produzente vu Volkswagen waren der Meenung, datt den Erfolleg vum Kultauto éiweg unhale géif. Si sollte sech iren: De Marché an d’Technik huet sech verännert a sou huet de Käfer schnell al ausgesinn. Hätt VW deemools net d’Iddi vum Golf gehat, wier d’Firma wuel Faillite gaangen. Zu Emden ass schlussendlech den 19. Januar 1978 déi lescht Knutschkugel vum Band gelaf. Et sollt awer nach bis 2003 daueren, bis a Mexiko de leschten loftgekillte Boxermotor am Ur-Volkswon montéiert gëtt. Méi wéi 21,5 Milliounen Exemplaire vum Kultauto sinn säit 1938 weltwäit aus de VW-Halen gefuer.

Käfer

De berühmte Boxermotor gëtt och haut nach bei Porsche benotzt, och wann en do zwee Zylinder méi huet.

Ee Mythos – eng Léift

Mam Film „Herbie – ein toller Käfer“ ass den Auto personifizéiert an onstierflech gemaach ginn. De beléiften Oldtimer gëtt och haut nach mat horente Präisser gehandelt an esou kann ee bei engem raren Brezelkäfer, den duerch seng gedeelten hënnescht Fester säin Numm kritt huet, a guddem Zoustand mat 30.000 € a méi rechnen.

Käfer

Déi berühmte Brezefelfënster eng richteg Raritéit © Volkswagen

De VW-Käfer ass net fir seng Schnellegkeet bekannt. An awer gëtt en och haut nach gären am Motorsport bei Rallyen a Laangstreckecourse benotzt. Schonn am Joer 1954 ass de Kultauto beispillsweis beim „Mille Miglia“ wéinst senger gudder Traktioun op der Rennstreck gefuer. Och am 21. Joerhonnert fannen d’Fans vum Kultauto nach Gefalen dorunner, mam Bug iwwert den Nürburgring oder aner bekannte Pisten ze briederen.

Käfer

De Käfer bei der Mille Miglia 1954 © Volkswagen

Mai-Käfer Treffen zu Hannover

D’Fans vum beléiften Oldtimer fanne sech op der ganzer Welt zesummen, fir hiert léifste Stéck op véier Rieder ze weisen, Stécker a Gadgeten ze kafen an ze verkafen oder einfach Erfarungen auszetauschen. Eent vun dësen Treffen fënnt dëst Joer, schonn an der 36. Editioun, um 1. Mee zu Hannover statt. Dausende Käferen a Bullien kommen, op Initiative vum Henry Hackerott, den selwer ëm den Erhalt vum Kultauto beméit ass, zesummen fir um Mai-Käfer Treffen ee flotten Dag ënnert aneren Bug-Fans ze verbréngen.

Käfer

Restauréieren amplaz Vergiessen – Och zu Lëtzebuerg gëtt um Bug geschafft © Lucas Kern

Mat dobäi ass och de Lëtzebuerger Käfer-Club. Am Joer 1988 hu sech 10 Käfer-Frënn zesumme fonnt an hunn dëse Veräin gegrënnt. Säithir sinn ëmmer méi Leit dobäi komm an esou ass et ee vun de beléiftste Clibb am Grand-Duché. Mat flotten Tier duerch Lëtzebuerg, Ausflich an der Grouss-Regioun an Besich vun Treffen an der Ëmgéigend hu si räichlech Programm a super Aktivitéiten ze bidden. Hei ass jiddwereen Wëllkomm, deen d’Léift um Käfer deelt!

Käfer

Mam Käfer iwwert den Nürburgring, och dat machen d’Membere vum käfer-Club gären © Lucas Kern

Opmaacherbild: Erhuelung um Floss – aus der Reklamm vum KDF-Won 1939 © Bundesarchiv

Quellen:

Ähnlech Sujeten Hitler, Käfer-Club Lüetzebuerg, Mille Miglia, Volkswagen, VW-Käfer, What the Fakt
Nächsten Artikel Virrechten Artikel