Sichen

Dir kéint och nach folgende gefalen

Schwindelfräi? Da loosst iech des Vue net entgoen!
Neiegkeeten

Schwindelfräi? Da loosst iech des Vue net entgoen!

Den am Joer 2013 gebauten City Skyliner huet fir déi

Besuch vum Boris Johnsson: D’Ried vum Xavier Bettel (Video)
Neiegkeeten

Besuch vum Boris Johnsson: D’Ried vum Xavier Bettel (Video)

Vu que, datt de Boris Johnsson sech net der Press

Nee! Zum Klimakiller EU-Mercosur
Neiegkeeten

Nee! Zum Klimakiller EU-Mercosur

„Datt méi europäesch Ausseminister, dorënner och de Jean Asselborn, d‘Fräihandelsofkommes

What the Fakt – Walt Disney keeft virun 6 Joer Star Wars op

What the Fakt – Walt Disney keeft virun 6 Joer Star Wars op

Fans vum Yoda, R2-D2 an Chewbacca konnten 2012 deck feieren. Den US-Mediekonzern Walt Disney keeft d’Firma Lucas Film op, an domat och d’Rechter u Star Wars. Dräi Joer méi spéit koum dunn den neie Film „Star Wars: The Force Awakens“ eraus.

Um 30. Oktober 2012 ass et offiziell: Vir ronn 4 Milliarden Dollar gëtt Lucas Film opkaaft. D’Halschent vum Kafpräis gëtt boer bezuelt, de Rescht a Form vun Aktien. Fir Disney war et, nom Iwwerhuele vu Marvel a Pixar, déi drëtt grouss Errongenschaft. Fir den Geroge Lucas, dem bis dohi Lucasfilm gehéiert huet, war et wichteg nach zu Liefzäite matzekréien, datt d’Geschicht vu Star Wars viru geet an de Public weiderhi begeeschtere kann.

Zu där Zäit hat Disney scho konkret Pläng vir ee siwenten Deel ze produzéieren. Datt eng 8. an 9. Episoden net feelen dierft war awer och kloer. Sou koum bei dëser Trilogie 2015 „Star Wars: The Force Awakens“ eraus, zwee Joer drop „Star Wars: The Last Jedi“. 2019 kënnen d’Fans vun der Saga sech op eng weider Episode freeën.

Star Wars ass eng vun den erfollegräichste Filmreihen, déi jeemools produzéiert gouf. An awer kann d’Geschicht liicht verwierend sinn. Tëschent 1977 n 1983 sinn d’Episoden 4 bis 6 erauskomm, tëschent 1999 an 2005 den eigentlechen Ufank vun der Geschicht mat den Episoden 1 bis 3.

An engem fiktiven Universum kämpfe Gutt a Béis géinteneen, déi duerch déi hell an déi donkel Muecht representéiert ginn. Generell erzielen déi éischt zwou Trilogië vum Ënnergang vun der galaktescher Republik, dem Opstig vum Imperium an der Revolutioun géint d’Imperium. Eng kuerz a knackeg Zesummefaassung ze maachen erweist sech awer als schwéier. D’Filmreihen sinn a sech relativ komplex an hunn och ëmmer hir eegen Handlungen.

Do kann een nëmme soen: kuckt Iech d’Filmer einfach un a loosst Iech begeeschteren. Dat wichtegst ass awer „May the force be with you“!

Quellen:

Ähnlech Sujeten George Lucas, Lucasfilm, Science Fiction, Star Wars, Walt Disney, What the Fakt
Nächsten Artikel Virrechten Artikel