Sichen

Dir kéint och nach folgende gefalen

What the Fakt – De skandinavesche Feierdag Knut
International Kultur Neiegkeeten Stories

What the Fakt – De skandinavesche Feierdag Knut

Wien kennt d’Reklamm vun IKEA net, wou d’Chrëschtbeemercher aus der

Ouschteren am Préizerdaul – Hei leeft den Hues!
International Kultur Neiegkeeten Stories

Ouschteren am Préizerdaul – Hei leeft den Hues!

Wien kennt schonn net déi legendär Beachparty am Préizerdaul oder

Bréissel wëll géint Google eng Milliarde-Geldstrof verhänken
International Kultur Neiegkeeten Stories

Bréissel wëll géint Google eng Milliarde-Geldstrof verhänken

Um haidege Mëttwoch bereet sech d‘EU vir, eng nei Geldstrof

What the Fakt – Wat war dat ee Casanova!

What the Fakt – Wat war dat ee Casanova!

Wa riets ass vun engem Casanova, huet een direkt d’Bild vun engem Verféierer am Kapp. Wat vill Leit net wëssen: den Här Casanova huet tatsächlech existéiert, war italieneschen Diplomat, Paschtouer, Schrëftsteller an huet natierlech esou munche Fraen de Kapp verdréit. Haut virun 221 Joer ass de Fraenheld schliisslech gestuerwen.

Gebuer ginn ass den Giacomo Casanova um 2. Abrëll 1725 zu Venedeg. Als jonke Kärel huet hien Theologie a Jura studéiert, wat ee sech bei esou engem spéidere Womanizer ufanks guer net virstelle kann. Talent an Intelligenz hat en awer wuel, an esou krut e scho mat 16. Joer den Dokter an de Rechtswëssenschaften.

No sengem kuerze Wierken als Paschtouer ass de Chevalier de Seingalt – wéi hie sech selwer genannt huet – duerch Europa gereest, woubäi hien duerch seng räich Bildung gären als Gaascht an de Kinneks- a Fürstenhaiser invitéiert ginn ass. Net jdidwereen konnt den intelligente Charmeur awer esou gutt leiden, wéi déi Adeleg.

Hei war et beispillsweis dee Staatsinquisitor Condulmer, deen de Casanova an de Bing bruecht huet. Déi extrem Zouneigung an den staarken Interessi um Condulmer senger Fra huet den Inquisitor nämlech a Roserei a Jalousie versat, wouduerch hien den Giacomo wéinst „Gottlosegkeet“ hannert Schlass a Rigel brénge konnt. Mee de Prisong sollt ee liicht Spill fir de Casanova sinn, dee just ee Joer méi spéit flüchte konnt.

Casanova

Den Giacomo Casanova, gemolt vum Alessandro Longhi (ëm 1774)

Vun enger Léift zur nächster

No senger Aarbecht als Lotteriedirektor zu Paräis, wat him mat der Zäit ze turbulent an ustrengend ginn ass, huet den Chevalier de Seingalt an der Bibliothéik vum Graf Waldstein am Schlass Dux zu Böhmen geschafft. Endlech hat hien esou d’Zäit, fir säi Liewe mat allen Erliefnisser néier ze schreiwen. Seng eege Biographie ëmfaasst iwwer 5.000 Säite, déi an diverse Bänn opgedeelt sinn.

Och haut nach kann een säi perséinlecht Wierk liesen, woubäi een nieft dem héije kulturhistoresche Wäert och esou munchen iwwert seng erotesch Aventure gewuer gëtt. Natierlech kann een net soen, op all Detail der Wourecht entsprécht, an awer bleift weder u sengem Charme an Humor, nach u senger sexueller Potenz an Ausdauer een Zweiwel. D’Wëssenschaft ass sech eeneg, datt dëse schmocke Kärel duerch raffinéiert Komplimenter Frae kenne léieren an erobere wollt.

Casanova

Gemolt vum Raphaël Mengs ëm 1760

A bei all dëse klengen Aventuren hunn Gefiller scheinbar ni eng Roll gespillt. Schonn no kuerzer Zäit huet de Casanova sech der nächster Fra zougewand, wouduerch säin Numm mëttlerweil als Bezeechnung fir all Mann steet, deen dauernd op der Sich no neie Liebschaften ass.

Laut senge Memoirë soll de Casanova wuel „just“ mat 116 Fraen eppes gehat hunn. Trotzdeem ginn Historiker a Biografe vun enger däitlech méi grousser Unzuel aus. Hie selwer schreift: „De Kult vun der Sënnesloscht war mir ëmmer d’Haaptsaach: Nimools huet et fir mech eppes méi Wichteges ginn. Ech hu mech ëmmer méi fir dat anert Geschlecht gebuerge gefillt. Dofir hat ech et esou gär an hu mech vun ëm léiwe gelooss, sou vill et gaangen ass.“

A senger Liewenszäit huet den Giacomo Casanova ganzer 7 Sprooche beherrscht an huet nieft senger Biografie philosophesch Dissertatiounen an Theaterstécker geschriwwen. Am Joer 1798 ass den Dichter, Paschtouer, Schrëftsteller a Fraenheld zu Böhmen gestuerwen.

Ähnlech Sujeten Fraenheld, Giacomo Casanova, Venedeg, Verféierung, What the Fakt, Womanizer
Nächsten Artikel Virrechten Artikel