Sichen

Dir kéint och nach folgende gefalen

USA begleeden de Regimewiessel a Groussbritannien
https://moien.lu/cancer-dating-site-uk/ Neiegkeeten https://moien.lu/is-internet-dating-harmful-speech/

https://moien.lu/philadelphia-gay-dating-service/

Dem Donald Trump ass u Groussbritannien vill geleeën, schonn eleng

https://moien.lu/matchmaking-hawaii-reviews/
https://moien.lu/cancer-dating-site-uk/ Neiegkeeten https://moien.lu/is-internet-dating-harmful-speech/

Inzeenéiert Empörung amplaz Mataarbecht am Sënn vum Fortschrëtt

Am Ufank vun der ëffentlecher Sitzung huet d’CSV de Mëtteg

Piraterie am persesche Golf
https://moien.lu/cancer-dating-site-uk/ Neiegkeeten https://moien.lu/is-internet-dating-harmful-speech/

Piraterie am persesche Golf

D‘Lag am persesche Golf schéngt sech vun Dag zu Dag

What the Fakt – Wéi d’Alice a säi Wonnerland entstane sinn!

What the Fakt – Wéi d’Alice a säi Wonnerland entstane sinn!

Et war haut viru genau 154 Joer, datt dem britesche Schrëftsteller Lewis Carroll säi Kannerbuch „Alice im Wunderland“ erauskomm ass. D’Wierk mam Originaltitel „Alice’s Adventures in Wonderland“ ass dobäi un enger Bootsfaart inspiréiert ginn, bei der de Caroll senge Geschwëster an de Kanner vum Dekan vun Oxford d’Geschicht ëm d’Alice erzielt huet.

Säit senger Kandheet war den Charles Lutwidge Dodgson, dee mëttlerweil besser bekannt ass als Lewis Caroll an de Papp vum bekannte Mäerchen mam Alice ass, een Händche fir d’Spille mat de Wierder an d’Kreatioun vu Geschichten. Och an der Mathematik, sou wéi am Erstelle vu spannende Spiller konnt hie säin Talent als jonke Bouf beweisen. Säin eenzege Problem war, datt hie gestottert huet, ausser wann e grad mat Kanner geschwat huet.

An esou koum et, datt de Caroll vill immens jonk Frënn hat, déi seng Fantasy-Geschichten extrem genoss hunn. Besonnesch d’Geschicht ëm ee Meedche wat an een Huesebau fält, huet et de Liddell-Kanner, mat deenen hie vill ze dinn hat, besonnesch ugedoen. Nodeems virun allem d’Alice Lidell drop bestanen huet, datt den Dodgson dëst Mäerchen néier schreift, huet de passionéierte Kärel schliisslech am Joer 1862 seng Geschicht un dat 10 Joer jonkt Meedche geschéckt.

Alice

D’Alice Pleasance Liddell an de spéiden 1850er Joer

De Manuskript sollt awer net nëmmen dem Alice selwer gefale, mee och dem englesche Romanauteur Henry Kingsley, dee bei engem Besuch bei de Liddells dëst spannend Wierk entdeckt huet. Gefëllt mat Begeeschterung krut den Dodgson schliisslech ugeroden, säi fantastescht Kannerbuch ze verëffentlechen. Knapp 3 Joer méi spéit huet hien dës Recommandatioun ënnert dem Numm „Lewis Caroll“ eraus bruecht.

Kuerz no der Verëffentlechung hunn dem Alice seng Aventuren am Wunderland immensen Uklang beim Publikum fonnt. Souguer de jonken Oscar Wilde an d’Kinnigin Victoria hu mat Freed all eenzelt Wuert opgesuckelt. Vun der éischter Editioun sinn et just 22 Exemplaire ginn, déi bis haut nach erhale sinn, dovunner 17 Stéck an ëffentleche Bibliotheiken. Natierlech huet d’Fantasy-Geschicht an dëser Versioun un immensem Wäert zougeholl, wouduerch beispillsweis am Joer 1998 eng Éischtausgab fir 1,5 Milliounen US-Dollar verkaaft gi sinn.

D’Kannerbuch „Alice im Wunderland“ gëllt als fréiste Wierk, fir jonk Leit ze ënnerhalen, an net fir si ze ënnerriichten. E bëssi méi spéit, nämlech 1871 ass dunn d’Fortsetzung mam Titel „Through the Looking Glass“ erauskomm. Am Alter vu 66 Joer ass de beléifte Schrëftsteller gestuerwen.

Alice

De Cover vun der Éischtausgab

Alice

Eng Säit vum Original-Manuskript

A wat mëscht d’Alice am Wonnerland?

Wärend seng Schwëster dem Alice eng Geschicht virliest, gesäit hatt bemol eng wäiss Kannéngchen, déi op d’Auer kuckt an dauernd seet, datt se ze spéit kënnt. Virwëtzeg geet dat jonkt Meedchen dem Déier no bis bei de Bau, fällt erof a lant an engem Raum mat zuelräichen Dieren. Duerch een Zaubertrank kann hatt schliisslech duerch eng immens kleng Dier goen a kënnt am Wonnerland eraus, eng Welt déi vun Absurditéite gepräägt ass.

Wäit fort vun doheem erlieft d’Alice, zesumme mat der Grinsekatze, dem Mäerzhues, dem Hutmacher an anere fantastesche Figuren eng Aventure no der anerer. D’Openeentreffe mat der Kinnigin, déi dauernd engem de Kapp ofschloe wëll an immens gären Croquet mat Flamingoe spillt, sollt allerdéngs schonn no kuerzer Zäit an eng negativ Richtung goen. Kënnt dat couragéiert Meedchen lieweg aus der Situatioun eraus?

Och Disney huet 1951 op d’Geschicht mam Alice a senger fantastescher Welt zeréck gegraff an se verfilmt:

Opmaacherfoto: © Walt Disney Studios Home Entertainment

Ähnlech Sujeten Alice im Wunderland, Charles Lutwidge Dodgson, Kannerbuch, Lewis Caroll, Mäerchen, What the Fakt
Nächsten Artikel Virrechten Artikel