Neijoerschreceptioun vun der Stad Lëtzebuerg
De groussen Theater an der Stad war gëschter Owend strubbelvoll,
De groussen Theater an der Stad war gëschter Owend strubbelvoll,
Während d’Rumeur ronderëm d’Opkafe vu Fox duerch Disney ëmmer méi
Nach iert de Coronavirus dem russesche Gesondheetssystem de Stecker gezunn
Um 2. Juli 1998 ass d’Buch mam Originaltitel Harry Potter and the Chamber of Secrets bei der Editioun Bloomsbury verëffentlecht ginn. Knapp 11.000 Exemplairë sinn dobäi erausgaangen. An eiser Géigend huet ee sech allerdéngs nach bal ee Joer gedëllege missen: Déi däitsch Ausgab ass nämlech eréischt am Mäerz 1999 erauskomm.
Et sollt dem Haaptpersonnage Harry Potter säin zweet Schouljoer ginn. Nodeems hien de Steen vun de Weese fonnt huet ass et nees zeréck bei seng Muggel-Fleegeelteren, d’Dursleys, gaangen. De Jong, deen hei méi gedult, wéi erwënscht war, huet sech immens op dat neit Schouljoer gefreet, mee den Hauself Dobby probéiert hie virun der Rentrée zeréckzehalen. Hogwarts wier ze geféierlech ginn, an esou erlieft de jonken Zauberer tatsächlech eng Rei Uschléi, déi wuel duerch ee schrecklech Monster, dat an der Kammer des Schreckens haust, zustane komm sinn.
Zesumme mat senge beschte Kollegen, dem Ron an dem Hermine, probéiert hie méi dozou erauszefannen. Schliisslech entdecken si souguer den Zougang zu der Kummer, dee scho säit Joerdausende gesicht ginn ass.
Den zweete Band vun der magescher Geschicht
Scho mat jonke 5 Joer hat d’Joanne Rowling gespuert, datt si vir de Beruff vun der Schrëftstellerin gemaach ass an huet deemools schonn eege Fantasiegeschichten entwéckelt. Gedeelt huet d’Meedchen seng Wierker awer just mat der Schwëster, aus Angscht erniddregt ze ginn.
Op Wonsch vun den Elteren huet d’Rowling spéider Franséisch studéiert. Hiert Gléck sollt si awer weder an dëser Sprooch, nach am Job als Sekretärin vun Amnesty International fannen. Dauernd houngen hir Gedanke bei erfonnte Figuren an deenen hire Geschichten, déi natierlech och ëmmer iergendwéi opgekritzelt gi sinn. „Ech wollt ëmmer Schrëftstellerin ginn, obwuel ech dat seelen engem erzielt hunn. Ech hat Angscht, datt ee soe géif, et wier hoffnungslos“, sou d’Joanne selwer.
A schliisslech koum dat entscheedent Bild an de Kapp vun engem jonke Kärel, deen net wousst datt en een Zauberer wier. D’Iddi huet dobäi ëmmer méi konkret Formen ugeholl, sou datt d’Zuchverspéidung vun iwwer 4 Stonne fir déi jonk Fra guer net emol sou schlecht war. Gedanklech ass lues awer sécher eng geheimnisvoll Welt voller Magie entstanen, déi duerch déi dräi Frënn Harry, Ronn an Hermine, d’Zauberschoul Hogwarts, Muggels an de Lord Voldemort um Liewe gehale gëtt.
D’Schrëftstellering J. K. Rowling – Foto: Debra Hurford Brown © J.K. Rowling 2018
Eng Iddi am Kapp ze hunn a se ëmzesetzen, sinn zwou verschidde Saachen. An esou ass déi jonk Fra wärend dem Schafensprozess duerch den Dout vun hirer Mamm zréckgeworf ginn. Mat nëmme 45 Joer ass si un Multiple Skleros gestuerwen. An genau doduerch ass och den Harry schliisslech zum Weesekand ginn, wouduerch och Theme wéi schmäerzhafte Verloscht an Dout eng grouss Roll an der Geschicht spillen.
Fir den néidegen Ofstand ze kréien ass d’Rowling a Portugal gaangen, fir als Schoulmeeschtesch ze schaffen an d’Buch fäerdeg ze kréien. Hei huet si sech an ee Fernsehjournalist verléift, mat dem si nom Bestietnis och ee Kand krut. D’Gléck sollt leider net halen, an esou ass déi jonk Mamm no der Trennung nees zeréck an hir Heemescht Groussbritannien gaangen.
Hei huet si missen all Cent ëmdréien, eng Dagesmamm konnt si sech net leeschten an eng Plaz an der Crèche krut si och net fir hiert Kand. Tëscht Sozialhëllef a Sue-Leinen bei Kollege war déi eenzeg Hoffnung den Harry a seng magesch Welt, an déi si sech an all fräier Minutt zeréck gezunn huet. No zuelräichen Nuechten ouni Schlof an immenser Aarbecht mam Stëft a Computer konnt endlech den éischte Band „Harry Potter und der Stein der Weisen“ u verschidden Editeure geschéckt ginn.
Ee weidere Réckschlag stoung allerdéngs virun der Dier: Et wollt keen d’Buch verëffentlechen. No engem Joer huet sech schliisslech Bloomsbury erbaarmt, de Roman erauszebréngen. Trotz immenser Kritik säitens dem Verlag sollten si schnell vum Géigendeel iwwerzeegt ginn. Just dräi Deeg no der Verëffentlechung huet een US-Verlag déi sensationell Zomm vun 100.000 Dollar fir d’Rechter bezuelt. Nach ni virdru konnt een onbekannt Kannerbuch esou ee Resultat erreechen. Schnell ass déi ganz Welt op d’Erfollegsgeschicht opmierksam ginn, an esou ass mëttlerweil jiddwerengem d’Geschicht mam Kampf géint de Lord Voldemort bekannt, egal ob als Buch oder och als Film.
Zu gudder Lescht nach eng schéin Anekdot: De leschte Saz am finale Band laut folgendermoossen „Alles gëtt gutt“!