Sichen

Dir kéint och nach folgende gefalen

Begnodegung vum Trump fir den Trump?
Kultur Neiegkeeten internet dating first messages

https://moien.lu/kirkcaldy-dating/

Den amerikanesche President begéint all de Beschëllegungen an der Russland-Affär

best dating apps iphone
Kultur Neiegkeeten internet dating first messages

Den IS vergräift sech un Teheran

Gëschter hunn Attentäter an der iranescher Haaptstad matten am Parlament

14 Gifs, déi einfach perfekt op däi Chrëschtdag passen
Kultur Neiegkeeten internet dating first messages

14 Gifs, déi einfach perfekt op däi Chrëschtdag passen

Di eege Famill ze besichen, fir mat hinnen den Helleg

What the Fakt – Wéi den Jamie Oliver de Bräiläffel an de Grapp krut!

What the Fakt – Wéi den Jamie Oliver de Bräiläffel an de Grapp krut!

De weltwäit bekannte Kach Jamie Oliver huet seng kulinaresch Karriär an engem einfache Pub zu Cambridge ugefaangen. Mëttlerweil gi seng Rezepter, Uleedungen, Tipps an Tricks um ganze Globus souwuel iwwert Fernseh-Sendungen, wéi och Bicher an eege Filmer verbreet. Donieft engagéiert de Kach sech och am soziale Beräich dofir, de Wäert vun der gesonder Ernierung ze vermëttelen. Majo haut feiert den Jamie Oliver säi 44. Gebuertsdag!

Um 27. Mee 1975 huet hien zu Clavering a Groussbritannien d’Liicht vun der Welt erbléckt. Scho seng Elteren haten ee Restaurant, an deem de jonke Kärel gäre geschafft a sech inspiréiere gelooss huet. Duerch seng Etüden um Westminster Catering College duerft den Jamie Oliver wäertvoll Erfarung an diversen éierewäerte Restaurante sammelen. Dozou gehéiert beispillsweis den Etablissement vum italienesche Spëtzekach Gennaro Contaldos, wou den Oliver zesumme mam Tim Mälzer zesumme schaffe konnt.

Iergendwéi ass den talentéierte Kach dunn och an de Fernseh-Beräich gerutscht. Bei engem Documentaire am River Café zu London ass den Englänner eng éischt Kéier bei senger Aarbecht gewise ginn. Et sollt schnell Bierg erop goen an esou krut hie seng eege Kachsendung „The Naked Chef“, woubäi et virun allem ëm d’Simplicitéit vun de Rezepter goe sollt.

Jamie Oliver

© Jamie Oliver

Sozial Engagéiert

Bal genau esou gären wéi Kachen huet den Jamie Oliver d’Musek. Do wonnert et een net, datt de Kach 1989 seng Band „Scarlet Division“ gegrënnt huet, mat der hien duerch ausverkaaften Halen an England, Australien an Neiséiland getourt ass. Déi ganz Opmierksamkeet, déi hien duerch d’Kombinatioun vu sengen Talenter kritt huet, konnt den Englänner fir de gudden Zweck notzen.

Am Joer 2002 huet den Oliver mat der Sendung „Jamies Kitchen“ sozial benodeelegte Jugendlechen, déi och oft keng Aarbecht haten, gehollef, Kachen ze léieren an esou een Job ze fannen. An dësem Kader ass extra de Restaurant „Fifteen“ an d’Liewe geruff ginn, woubäi weider ähnlech Konzepter gefollegt sinn.

Jamie Oliver

© Jamie Oliver

Am selwechte Joer ass de Kach fir säin Engagement mam Titel vum „Member of the Order of The British Empire“ präméiert ginn. An der ganzer Euphorie huet hien allerdéngs net un d’Ophale geduecht, mee de Projet „Jamie School Dinners“ gegrënnt, bei deem d’Iessen an de Schoule verbessert sollt ginn. Duerch 270.000 gesammelt Ënnerschrëften huet déi britesch Regierung schliisslech ee gesonde Plang fir d’Schoulkantinnen op d’Been gestallt.

Och privat rullt et

Den Jamie Oliver ass senger Heemecht trei bliwwen a wunnt mat senger Fra, dem Model Juliette Norten zu London. D’Koppel huet dräi Meedercher an ee Jong kritt. Nach ëmmer gi seng Sendungen an méi wéi honnert Länner gewisen an och seng Kachbicher sinn a n 30 Sproochen iwwersat ginn.

Do freet sech elo just, op hien sech selwer fir säi Gebuertsdag ee flotte Menü mat 5 Gäng zaubert, oder sech um haitegen Dag zerwéiere léisst 😉

Opmaacherfoto: © Jamie Oliver

Ähnlech Sujeten Fifteen, Gastronomie, Jamie Oliver, Kach, Scarlet Division, The Naked Chef, What the Fakt
Nächsten Artikel Virrechten Artikel