Sichen

Dir kéint och nach folgende gefalen

What the Fakt – Ee Gebuertsdag, fir dee geknuppt gëtt!
Kultur Neiegkeeten Stories

What the Fakt – Ee Gebuertsdag, fir dee geknuppt gëtt!

Wien et nach net matkritt huet: Haut ass Nationalfeierdag! Mat

Fräi Tribün: Politesch Kris am Venezuela
Kultur Neiegkeeten Stories

Fräi Tribün: Politesch Kris am Venezuela

No de rezenten Evenementer déi am Venezuela opkomm sinn, an

EU-Wahlen 2019: Facebook wëll nei Reegele fir d‘Wahlwerbung aféieren
Kultur Neiegkeeten Stories

EU-Wahlen 2019: Facebook wëll nei Reegele fir d‘Wahlwerbung aféieren

De Bedreiwer vum gréisste Sozialnetzwierkreseau op der Welt, wëll virun

What the Fakt – Wëll laache gesond ass!

What the Fakt – Wëll laache gesond ass!

Den 1. Juli ass wuel einfach fir ze laachen. Et ass nämlech den internationalen Dag vum Witz! Vu Blondinnewitzer, iwwer schwaarzen lëschtegen Humor, bis hin zum Flachwitz, haut sinn dës zuelräich Formen a Varianten all erlaabt. Mee wisou gëtt et dëse kuriéisen Aktiounsdag iwwerhaapt?

D’Initiative soll – kee Witz – vum US-amerikaneschen Auteur an Zeechner Wayne Reinagel zeréck goen. Am Joer 1994 huet hien dësen 1. Juli als internationalen Dag vum Witz bestëmmt, well grad haut déi zweet Halschent vum Joer agelaut gëtt an hien e bëssi Reklamm fir seng Sammlung u Witzer maache wollt.

3,2,1, Spaghettiiiiiiii!

Generell geet et awer dorëm, aner Leit mat knackegem Humor zum Laachen ze bréngen an esou hiren Dag ee Stéckelchen méi schéin ze maachen. Laachen an de Sënn fir Humor droe schliisslech dozou bäi, all Situatioun méi angenehm a lëschteg ze maachen. Donieft kann een awer och sech selwer mat engem witzege Buch oder Komedie um Fernseh uerdentlech zum grinse bréngen. Soubal ee Museklkater vu Laachen huet, ass d’Zil op alle Fall erreecht. Mir schloen dofir beispillsweis dem Monty Python säi „Liewe vum Bryan“ fir!

A wéi Dir scho säit dem Dag vum häerzhafte Laachen um 24. Januar wësst, huet Laache souwisou immens Virdeeler fir eis Gesondheet: Et gi Gléckshormoner ausgeschott, Péng ka reduzéiert ginn, et verbessert d’Kommunikatioun a schweesst zesummen (wann ee bei dësen Temperaturen jo nach net genuch schweesst) an eisen Immunsystem gëtt gestäerkt.

Elo ass et awer un Iech lasszeleeën! Wat ass Äre beschte Witz?

Ähnlech Sujeten Blonedinnewitz, Flachwitz, Humor, Internationalen Dag vum Witz, Laachen, What the Fakt
Nächsten Artikel Virrechten Artikel