Sichen

Dir kéint och nach folgende gefalen

What the Fakt – Wéi aus enger Visioun den Europa-Park entstanen ass
International Kultur Neiegkeeten Stories

What the Fakt – Wéi aus enger Visioun den Europa-Park entstanen ass

Bei hirer Rees duerch d’USA sinn de Franz Mack a

What the Fakt – De Saturn a seng Réng
International Kultur Neiegkeeten Stories

What the Fakt – De Saturn a seng Réng

Den technesche Fortschrëtt erlaabt et eis, d’Bild vun eiser Ëmwelt,

Moskau a Kiew hunn d‘Staatsbiergerschaft an der Promotioun
International Kultur Neiegkeeten Stories

Moskau a Kiew hunn d‘Staatsbiergerschaft an der Promotioun

Mëtt leschter Woch hat de Vladimir Putin per Dekret entscheet,

What the Fakt – D’Weltausstellung vun 1958 mam Atomium!

D'Fouer vum Atomzäitalter

What the Fakt – D’Weltausstellung vun 1958 mam Atomium!

Vum 17. Abrëll bis den 19. Oktober 1958 ass an der belscher Haaptstad Bréissel d’Expo 58, wat och déi éischt Weltausstellung säit 1939 sollt sinn, organiséiert ginn. Den offizielle Motto war „Fir eng mënschlech Welt“. Mam Start vun der Sputnik 1 knapp 6 Méint virdru presentéiert sech d’Sowjetunioun hei als technologesch Féierungsmuecht.

Ganz am Zeeche vum ongebremste Glawen un de Fortschrëtt huet de 17. Abrëll 1958 de belsche Kinnek Baudouin I. d’Weltausstellung opgemaach. Um Bréisseler Heysel-Gelänn ass quasi eng nei Stad opgeriicht ginn: 51 Staaten ware mat 80 Pavillone vertruede, d’Gaaschtland sollt d’Halschent vum Terrain anhuelen. Nieft de Weltmuechten USA an der deemoleger UdSSR waren och Marokko, Brasilien, Thailand, Japan oder nach de Vatikan vertrueden.

D’Häerzstéck vun der Expo

Wat fir d’Fransousen den Eiffeltuerm ass, sollt ab dësem Zäitpunkt fir d’Belsch den 102 Meter héijen Atomium ginn. D’Wierk stellt een 165-milliardefach vergréissert Eisenatom duer, dat an engems als Symbol fir den Atomzäitalter dénge sollt. Als Mëttelpunkt vun der Weltausstellung ass den Atomium bis haut ee Besuchermagnéit vun der belscher Haaptstad bliwwen.

atomium

De Bau huet méi wéi 15 Milliounen DM verschlongen an eigentlech hat ee sech decidéiert, datt d’Wierk no der Ausstellung nees ofgerappt gëtt. Dobäi konnt den Alpha-Eisekristall schonn deemools mat e puer Superlative punkten: 35 Meter ass déi längst Rolltrap laang, 18 Meter bedréit den Duerchmiesser pro Kugel an de Lift schéisst seng Passagéier mat 5 m/sek an d’Luucht.

Wärend 6 Méint huet d’Expo 58 ronn 42 Millioune Visiteuren ugezunn. Dobäi konnten 1,7 Milliounen Autoen op de Parkplaze gezielt ginn. Zu dësem Evenement ass iwwregens och de Ring ronderëm den historesche Stadkär gebaut ginn, woufir divers Gebaier hu missen ofgerappt ginn. Dëst Ënnerfaangen huet den Numm „Bréisseliséierung“ kritt.

atomium

Méi zum Atomium

Wien den Artikel bis heihi gelies huet, dee schéngt wuel immens interesséiert um Bréisseler Unzéiungsmagnéit ze sinn. Ee Grond méi, nach weider op dëst Wierk anzegoen. Den Alpha-Eisekristall soll fir déi friddlech Notzung vun der Kernenergie an den optimistesche Geescht vun der Zäit a Saache wëssenschaftlechen an technesche Fortschrëtt stoen.

Ganz dem Original no besteet den Atomium aus 12 Kanten an 9 Kugelen. Als kleng Anekdot tëschenduerch: dës faszinéierend „Gebai“ war ursprénglech méi grouss geplangt gewiescht. Allerdéngs misst een et schliisslech wéinst der Fluchsécherheet ëm 24% verklengeren. An de baussechte Réier ginn d’Visiteure mat Rolltrape viru beweegt, an der Mëtt fënnt een dann de Lift, deen een bis an déi iewescht Kugel befërdert. Hei fënnt een ee Restaurant, sou wéi och eng Aussiichtsplattform, vu wou aus een eng wonnerbar Siicht iwwert d’Diecher vu Bréissel, den ehemolegen Terrain vun der Expo an de Park Mini-Europa huet.

D’Iddi zum Atomium stamt vum Ingenieur André Waterjeyn. Ëmgesat ginn ass d’Konstruktioun allerdéngs vun den Architekten André a Jean Polak. Vun 2004 bis 2007 ass den Alpha-Eisekristall renovéiert ginn, woubäi déi al Aluminiumfassade duerch eng Inox-Haut ersat ginn ass. Donieft sinn och LED-Luuchte mat agebaut ginn, wouduerch een den Atomium nuets schéi beliicht entdecke kann. Säit 2006 ass dat nationaalt Symbol vun der Belsch och op der 2 €-Mënz drop.

Ähnlech Sujeten Alpha-Eisenkristall, André Waterjeyn, Atomium, Belsch, Bréissel, Expo 58, Weltausstellung, What the Fakt
Nächsten Artikel Virrechten Artikel