Sichen

Dir kéint och nach folgende gefalen

Meenung: Liewenslänglech fir de Metzler vum Balkan, Ratko Mladic
International Kultur Neiegkeeten Stories

Meenung: Liewenslänglech fir de Metzler vum Balkan, Ratko Mladic

De bosnesch-serbesche Generol Ratko Mladic, dee besser bekannt ass als

10. CVM-Meeting zu Steesel: Géint d‘Vergiessen!
International Kultur Neiegkeeten Stories

10. CVM-Meeting zu Steesel: Géint d‘Vergiessen!

Dëse Weekend war zu Steesel den 10. internationale Meeting fir

Wéi gutt kenns du eis Naturparken?
International Kultur Neiegkeeten Stories

Wéi gutt kenns du eis Naturparken?

Ween eis Natur entdecke wëll, deem bidden sech zu Lëtzebuerg

What the Fakt – Loosst den Tubak Iech net den Otem huelen!

What the Fakt – Loosst den Tubak Iech net den Otem huelen!

Den 31. Mee ass de weltwäiten Dag ouni Tubak. Un dësem Dag gëtt besonnesch eis Long als Ootmungsorgan, wat am meeschten ënnert de Konsequenze vum Fëmme leit, ervir gehuewen. Virun allem d’Weltgesondheetsorganisatioun (WHO) a seng Partner hunn all Joer als Zil, op d’Risike vun der Nikotinsucht opmierksam ze maachen a politesch Moossnamen ze fërderen, fir esou de Konsum ze reduzéieren.

Souwuel den aktiven, wéi och de passive Konsum vun Tubak ka schlëmm Konsequenze mat sech bréngen, déi souguer déidlech endege kënnen. All véier Sekonne stierft nämlech eng Persoun duerch d’Inhaltsstoffer vum Tubak.

Mat engem Otemzuch kënnen honnerte Gëfter d’Long beschiedegen. D’Struktur an eise Longen, déi Schläim an Dreck aus dem Kierper transportéiere soll, gëtt duerch den Zigarettendamp beschiedegt., sou datt déi gëfteg Substanze méi liicht an eist Ootmungsorgan an nach méi wäit an eise Kierper andrénge kënnen. No geraumer Zäit gëtt déi normal Funktioun vun der Long ageschränkt, sou datt een duerch d’Schwellung vun den Otemweeër, méi schnell ausser Otem ass an schläimegen Houscht huet.

Tubak

Eng traureg 1. Plaz fir den ze fréien Dout

Tubak gëllt als éischte Grond vun de verfréiten an vermeidbaren Doudesursaache weltwäit. Déi gëfteg Epidemie bréngt all Joer 6 Millioune Leit an d’Graf, wouvun der 600.000 selwer net fëmmen, mee duerch de passive Konsum krank ginn. Wien fëmmt, léist de Risiko un Tuberkulos, Longekriibs oder och COPD (enger chronesch-obstruktiver Bronchite) klammen.

Lëtzebuerg zielt all Joer 2.000 Doudeger pro Joer. Gestuerwe sinn si u Krankheeten déi enk mat de Konsequenze vum Tubak verbonne sinn. 80 Persoune stierwen um passive Fëmmen.

Dëst Joer steet den weltwäiten Dag ouni Tubak ënnert dem Slogan „Tubak an pulmonal Gesondheet“. Aus dësem Grond huet och de Lëtzebuerger Gesondheetsminister sech un d’Fëmmerte geriicht a biet jiddwereen, säi Konsum ze reduzéieren oder am beschte ganz opzehalen.

Tubak

Kee Liewen ouni Sauerstoff

Fir eis Gesondheet an eist Wuelergoe spillen d’Longen eng essentiell Roll. Duerch d’Zoufuer vu Sauerstoff kann eise Kierper déi néideg Leeschtungen am Alldag bréngen: goen, lafen, Sport maachen, schaffen, sou wéi all einfach Beweegung. D’Konsequenze vun de Longen, duerch d’Verschmotzung vum Tubak, sinn dramatesch:

  • Longekriibs: 90 % vum Longekriibs sinn op d’Fëmmen zeréck ze féieren
  • Chronesch Longekrankheeten: Asthma gëllt hei als ee Beispill
  • Aner Kriibszorten: Zongekriibs, Keelkappkriibs, Stëmmbandkriibs,…
  • Infektioune vun den Otemweeër: Virun allem Kanner, déi dem Zigarettendamp ausgesat sinn, kënne schnell eng Bronchite, eng Longenentzündung, eng Mittelohrentzündung oder och Asthma kréien
  • Tuberkulos: Fëmme kann eng latent Tuberkulos aktivéieren. D’Liewensqualitéit vun de Betraffene, gëtt duerch déi medikamentéis a chirurgesch Agrëff immens belaascht, wouduerch einfach Aktivitéite schwéier oder och guer net méi ze realiséiere sinn.

Et lount sech opzehalen!

De Gesondheetsministère wëll an dësem Kader natierlech och iwwert déi positiv Aspeker informéieren, wann ee sech decidéiert, mam Fëmmen opzehalen:

  • 48 Stonnen nom Ophalen: De Kierper kritt méi Sauerstoff, d’Ootemfunktioun verbessert sech
  • 1 Joer nom Ophalen: D’Ootmung ass nees normal an de Risiko vun engem Häerzinfarkt ass op d’Halschent reduzéiert.
  • 10 Joer nom Ophalen: De Risiko, u Longekriibs ze stierwen, ass ëm d’Halschent zeréck gaangen
  • 20 Joer nom Ophalen: D’Risike sinn esou, wéi bei enger Persoun, déi net fëmmt
  • Dës weideren: Suen, déi een duerch d’Ophale spuert, d’Verschwanne vum Gestank an den Hoer, aus dem Mond an aus de Kleeder, sou wéi aner äusserlech Verännerungen

Tubak

Lëtzebuerg am Anti-Tubak-Kampf

Am Joer 2005 huet Lëtzebuerg d’Konventioun vun der WHO am Kampf géint den Tubak ënnerschriwwen. Heibäi ginn all d’Memberlänner encouragéiert eng effikass Anti-Tubak-Politik opzestellen, déi sech duerch eng Rei Reglementatiounen, Legislatiounen a virun allem d’Preventioun bezuelt maache soll.

Den nationale Plang géint den Tubak ass vum Regierungsrot fir d’Period 2016-2020 validéiert ginn an en neit Gesetz zur europäescher Direktiv 2014/40/EU ass um 13. Juni 2017 gestëmmt ginn.

Am Grand-Duché fiert 1 vu 5 Persoune viru mam fëmmen. Den duerchschnëttlechen Alter läit hei tëscht 16 an 34 Joer (Etüd vu Fondation Cancer). Zesumme mat der Krankekeess ass am Joer 2008 ee Programm opgestallt ginn, fir Persounen, déi gären ophale wëlle mat fëmmen. Heibäi gi si professionell beim Entzuch, deen zum Deel rembourséiert gëtt, begleet.

Am Ament ass een am gaangen, de Programm ze optimiséieren an de Remboursement vun de Fraise fir Medikamenter ze erhéijen. Ënnert www.tabac-stop.lu fënnt een all wichteg Informatiounen, an Adressen zum Thema.

Ähnlech Sujeten CNS, Fëmmen, Longekriibs, Nikotin, Tuberkulos, Weltdag ouni Tubak, What the Fakt, WHO
Nächsten Artikel Virrechten Artikel