Teheran räichert nees Uran un
Nodeems sech d‘Ajatollahen am Iran en neit Atomgesetz vergënnt hunn,
Nodeems sech d‘Ajatollahen am Iran en neit Atomgesetz vergënnt hunn,
Stoppt d’Gewalt géint di friddlech Demonstratiounen am Irak – Ënnert deem Motto
Eeler Leit déi hir Tréinen net kënnen zréckhalen, bluttverschmierte Familljepappen,
Den haitegen Dag steet ganz am Zeeche vum Buch, dem Liesen, der Literatur an de Liesbegeeschterten. Um Weltdag vum Buch an den Auteursrechter huet och Lëtzebuerg sech eng afale gelooss, fir dës Editioun richteg ze zelebréieren. Sidd Dir beispillsweis schonn ären Exemplaire vum „Buch am Zuch“siche gaangen?
Um Kalenner vun de literaresche Feierdeeg fënnt een ënnert dem 23. Abrëll de weltwäiten Dag vum Buch an den Auteursrechter, dee säit 1995 vun der UNESCO gefeiert gëtt. Bei der deemooleger Konferenz zu Paräis war d’Intentioun ee weltwäiten Tribut un d’Bicher an hir Auteuren erweisen an esou jiddwerengem den Accès zur Literatur opzemaachen.
Dobäi geet den Datum eigentlech op déi katalanesch Traditioun vum Hëllege Georg zeréck, dee gäre Blummen a Bicher verschenkt huet. Dobäi kënnt awer och den Doudesdag vum engleschen Dramatiker a Lyriker William Shakespeare am Joer 1616, sou wéi dee vum spueneschen Nationaldichter an Erfanner vum Don Quijote, dem Miguel de Cervantes Saavedra.
Bicher an d’Aktioun vum Liese gehéiert zu de wichtegste Bestanddeeler vun eiser lieweger Schrëftkultur, sou wéi der Vermëttlung vu Wëssen. Dobäi ass natierlech och vun immenser Wichtegkeet, datt d’Rechter vun den Auteure geschützt an oprecht erhale ginn. Bei der 24. Editioun wëll d’UNESCO virun allem d’Protektioun vun indigene Sproochen ervirhiewen, woubäi hir Rechter weider unerkannt solle ginn. Dobäi besteet de staarke Wëllen, lokale Communautéite bäizestoen an se an der Erhalung vun hirem Wëssen an der Sprooch ze ënnerstëtzen.
Esou feiert Lëtzebuerg
Haut kritt all Notzer vum ëffentlechen Transport op de Garen een Exemplaire vum „Ee Buch am Zuch“ ausgedeelt, mat diverse Geschichten a Gedichter ronderëm d’Thema Wunnen, Bauen a sech Doheem fillen – an dat direkt op 3 Sproochen! Hei huet scho vir eng 21. Kéier d’CFL den CNL, d’Initiative Freed um Liesen a vill weider Partner sech besonnesch vill Méi gemaach hunn, fir een fantastescht Wierk zesummen ze stellen.
De Grand-Duché verbënnt den haitegen Aktiounsdag mat eise fënnef Sënner an offréiert Grouss a Kleng eng ganz Panoplie u literareschen Evenementer. Folgendes gëtt ugebueden:
Weider Virliesungen, Evenementer an interessant Aktioune kënnt Dir am offizielle Programm fannen!