Sichen

Dir kéint och nach folgende gefalen

Doudeger bei Protester am Iran, de Regimm warnt
International Kultur Neiegkeeten Stories

Doudeger bei Protester am Iran, de Regimm warnt

Um Méindeg hunn déi iranesch Autoritéiten d‘Manifestanten, déi zanter ëm

UNO: Budgetsrestriktioun fir d’Friddensmissiounen
International Kultur Neiegkeeten Stories

UNO: Budgetsrestriktioun fir d’Friddensmissiounen

Déi véier wichtegst Friddensmissioune vun der UNO „mussen de Rimm

En onrouege Weekend fir d‘Lëtzebuerger Polizisten
International Kultur Neiegkeeten Stories

En onrouege Weekend fir d‘Lëtzebuerger Polizisten

Et war de Weekend vun de Rabbel- a Klatzkäpp. An

What the Fakt – Weltdag vum Semikolon (fir d’Suizid-Preventioun)

What the Fakt – Weltdag vum Semikolon (fir d’Suizid-Preventioun)

Och wann ee beim Numm vum haitegen Aktiounsdag éischter un Orthographie denkt, esou huet dëst Zeechen eng symbolesch Bedeitung. D’Sazzeeche steet nämlech fir d’Preventioun vum Suizid, wouduerch den internationalen Dag vum Semikolon immens eescht ze huelen ass.

D’Initiativ fir dësen Aktiounsdag geet op d’US-Amerikanerin Amy Bleuel zeréck. Am Joer 2013 huet dës Damm, zesumme mam  Project Semicolon, wëllen un hire Papp gedenken, deen duerch Suizid ëm d’Liewe komm ass.

An der Orthographie dréit de Semikolon d’Roll ee Saz ze ënnerbriechen, ouni en wierklech zu Enn ze bréngen. Esou kéint een dëst Symbol och als „Meng Geschicht ass nach net eriwwer“ interpretéieren. Fir et méi wäit ze dreiwen ass sou gesi jiddwereen den Auteur vu sengem eegene liewen, bei deem ee sech dozou entscheet, nach net de finale Punkt ze setzen.

Dobäi kann ee sech schonn denken, datt d’Haaptzil vun dësem Dag dorausser besteet, Mënschen a schwéiere Situatioune bäizestoen a psychesch Erkrankten, déi immens suizidgefäerd sinn. Natierlech soll dobäi och dat ëffentlecht d’Bewosstsinn fir dës Problematik ervir gehuewe ginn. De Projet gleeft drun, datt Selbstmord allgemeng vermeidbar ass, woubäi d’Suizid-Preventioun déi kollektiv Verantwortung vun all Mënsch op dësem Planéit ass.

Zuelen & Fakten

De Begrëff Suizid oder och Selbstmord beschreift d’Aktioun, express den eegenen Dout erbäi ze féieren. Dëst kann entweder aktiv duerch verschidden Handlungen oder och passiv, duerch d’Ënnerloosse vu liewenserhaalende Moossname geschéien. Geet een elo der däitscher Plattform Statista no soll eleng bei eisen däitschen Noperen d’Zuel u Mënschen, déi sech 2016 selwer ëmbruecht hunn méi héich leien, wéi d’Doudesfäll vu Verkéiersaccidenter, Drogen an HIV zesummen.

Déi beléiftst Methoud ass heibäi d’Erhänge, Stranguléieren oder Erstécken, woubäi am heefegsten déi eege Wunneng gewielt gëtt. Och zu Lëtzebuerg gesäit et bei dëser Thematik däischter aus: am Schnëtt setzt all véier Deeg eng Persoun am Grand-Duché sengem Liewen een Enn. Dobäi kommen op all Suizid tëscht 10 an 20 mësslonge Versich, wat och de Ministère als erschreckend Zuel aklasséiert.

Prévention Suicide zu Lëtzebuerger

Sollt ee selwer am Fall sinn oder ee kennen, dee sech d’Liewe geholl huet, bitt Prévention Suicide Hëllef un. Mat vill Informatiouns- a Sensibiliséierungsmaterial soll ee schonn am viraus de Selbstmord verstoen a mierken, datt ee gehollef ka kréien.

All Liewe besteet aus Héichten an Déiften. Bei enger suizid-gefäerder Persoun fänkt alles mat engem Ausléiser un, deen duerch d’Unheefe vu Stressfacteuren, engem traumateschen Erliefnis oder eng Unenanerreiung vun negative Facteure provozéiert gëtt. Duerch scheinbar harmlos Ereegnisser kann d’Faass zum Iwwerlafe bruecht ginn, wat een dann als Beschleunegungsfacteur versteet. Natierlech ass et vun hei aus nach ee Stéck bis zum schlussendleche Suizid.

An enger éischter Phas versiche Betraffener nämlech d’Kris nach iergendwéi opzehalen a Léisungen ze fanne, fir sech besser ze fillen. Wa sech d’Moossnamen allerdéngs als notzlos erweisen, trëtt de Selbstmord als Iddi an de Kapp. No an no baut een den Zeenario ëmmer weider aus. Wann d’Leed ëmmer weider wiisst taucht d’Suizididdi och ëmmer méi reegelméisseg op, wouduerch déi betraffe Persoun ufänkt, säi Plang ze konkretiséieren.

Eréischt ee speziellen Ausléiser bréngt d’Enn méi no. Nodeems immens vill Verloschter a Mësserfolleger sech unenee gereiht hunn. Positiv ass awer, datt d’Agräifen ëmmer méiglech ass, sou datt een engem suizid-gefäerde Mënsch Alternativen zum Dout opweise kann! Sollt Dir driwwer nodenken Iech d’Liewen ze huelen, esou fannt Dir um Site vu Prévention Suicide eng Rei Telefonsnummere vu Bereedschaftsdéngschter, Berodungsplazen a Selbsthëllefgruppen. Donieft existéiert den Nummer vun SOS Détresse (45 45 45), sou wéi de Kanner- a Jugendtelefon (116 111), wann een emol schwätze wëll.

Wéi ee sech selwer an enger Kris hëllefe kann

Bei engem perséinleche „Breakdown“ sollt ee wësse, wéi een dat ellent Gefill vermeiden an/oder ënnerbrieche kann. Heivir schléit Prévention Suicide folgend Tipps fir:

  • Wend Iech un eng Vertrauenspersoun an/oder un ee Fachmann
  • Vermeit Isolatioun (Persounen treffen, déi een oflenke kënnen)
  • Sich no neie Sënnesandréck (beispillsweis u Gewürzer richen, sech beweegen oder ee Film kucken)
  • Entspaant Iech (duerch Otemtechniken an/oder progressiv Entspaanungsübungen)
  • Erstellt ee perséinleche Kriseplang

Weider Informatiounen, Detailer, Fakten an Erklärunge fënnt een op der Internetsäit vu Prévention Suicide. An dësem Kontext hiewe mir nach emol ervir, datt et ëmmer Hëllef gëtt, am Fall wou eng Persoun suizid-gefäerd ass – Zesumme kann een, een Auswee sichen!

Ähnlech Sujeten Berodung, Depressioun, Hëllef, Prévention Suicide, Preventioun, Semikolon, Suizid, What the Fakt
Nächsten Artikel Virrechten Artikel