Sichen

Dir kéint och nach folgende gefalen

money
Agence-Stierwe bei der BCEE
International dating but not committed games like the hook up online how does a roku express hook up

Agence-Stierwe bei der BCEE

Wéi e Freideg d‘Spuerkeess (BCEE) géintiwwer de Medie bestätegt huet,

Krautmaart: de Koalitiounsprogramm ëmfänglech Resuméiert
International dating but not committed games like the hook up online how does a roku express hook up

Krautmaart: de Koalitiounsprogramm ëmfänglech Resuméiert

D‘Parteie vun der Oppositioun hunn de Koalitiounsprogramm ëmfänglech studéiert an

Mat Baby Driver kënnt jiddereen op héich Touren
International dating but not committed games like the hook up online how does a roku express hook up

Mat Baby Driver kënnt jiddereen op héich Touren

Quiitschend Pneuen, jaulend Motoren a gutt Musek: Esou héiert sech

What the Fakt – de Weltdag vum Waasser

Keen zeréck loossen – Waasser a Sanitärversuergung fir jiddwereen

What the Fakt – de Weltdag vum Waasser

Et geet viru mat den Aktiounsdeeg, déi ronderëm d’Thema Natur dréinen. Haut geet et ëm den Internationalen Dag vum Waasser, bei dem virun allem op dës begrenzt an ëmmer méi knapp Ressource muss opmierksam gemaach ginn. Duerch den drastesche Bevëlkerungswuesstem, aner Konsummuster an de Klimawandel ännert och d’Verfügbarkeet an d’Qualitéit vum Waasser.

Schonn am Joer 1993 huet d’UNESCO de Weltwaasserdag an d’Liewe geruff, fir op d’Bedeitung vun dëser Liewensgrondlag opmierksam ze maachen. Vill Regioune leiden nämlech ënnert staarken Drécheperioden, op anere Plazen huet ee mat staarkem Reen an Iwwerschwemmungen ze kämpfen. Nieft den diverse Schuedstoffer, déi an d’Waasser geroden, wiisst net nëmmen de Bedarf vun Drénkwaasser, mee och d’Verlaangen an der Industrie a Landwirtschaft steigt dramatesch un.

weltwaasserdag

De Weltwaasserbericht

All Joer koordinéiert d’UNESCO fir déi Vereenten Natiounen d’Kreatioun vun engem Weltwaasserbericht. Dobäi ginn Daten zur Bewäertung vun dëser Ressource aus der ganzer Welt gesammelt, wouduerch dann all Joer um Weltdag vum Waasser de Bericht verëffentlecht gëtt.

Esou konnt een am vergaangene Joer feststellen, datt déi global Demande no Waasser ëm 1% geklommen ass. Ronn 3,6 Milliarde Mënschen (51% vun der Weltbevëlkerung) liewen a Regiounen, déi op mannst ee Mount pro Joer vu Waasserarmut betraff sinn. Bis 2050 soll dës Zuel op iwwer 5 Milliarde Mënsche klammen. Och d’Verschmotzung vun alle Flëss an Afrika, Asien a Latäinamerika huet säit 1990 zougeholl, wouduerch d’Qualitéit och an de kommende Joer nach weider ofhuele wäert.

An der Editioun vun dësem Joer kritt een op 21 Säiten weider Informatioune gebueden. Esou hunn 2,1 Milliarde Mënschen keen Zougang zu propperem an ëmmer verfügbarem Drénkwaasser. Ronn 4,3 Milliarde Mënschen kënne keng sécher Sanitäranlagen notzen, wat nees zum Thema „Keen zeréck loossen – Waasser a Sanitärversuergung fir jiddwereen“ passt.

An dësem Kader ginn och zu Lëtzebuerg eng Rei flott Aktivitéiten organiséiert. Nieft enger Pressekonferenz zu Konsdref gëtt e Sonndeg zu Esch-Sauer um Stauséi ee Waasserfest organiséiert. Vun 10:30 bis17:00 Auer ass Grouss a Kleng häerzlech an d’Duchfabrik vum Naturpark Uewersauer invitéiert. Mat diversen Aktivitéiten ronderëm d’Waasser a gratis Entrée kann ee sécherlech ee spannenden Dag um Waasser verbréngen. De komplette Programm fannt Dir HEI.

Ähnlech Sujeten Naturpark Uewersauer, UNESCO, Waasserfest, Waasserqualitéit, Weltdag vum Waasser, Weltwaasserdag, What the Fakt
Nächsten Artikel Virrechten Artikel