Sichen

Dir kéint och nach folgende gefalen

Cannabis: Legal eng Kiffen?
International Neiegkeeten Stories

Cannabis: Legal eng Kiffen?

Et ass net well am Koalitiounsaccord vun DP, déi gréng

Feminine Generalstreik bei den Eedgenossen
International Neiegkeeten Stories

Feminine Generalstreik bei den Eedgenossen

An der Schwäiz haten d‘Gewerkschaften d‘Fraen opgeruff um Punkt 15.24

De Vizepresident vum EU-Parlament kritt de Stull vrun d‘Dier gestallt
International Neiegkeeten Stories

De Vizepresident vum EU-Parlament kritt de Stull vrun d‘Dier gestallt

De Ryszard Czarnecki, polneschen nationalkonservativen a schwéierst ëmstriddene Vizepresident vum

What the Fakt – De Weltdag vun de Mierer

What the Fakt – De Weltdag vun de Mierer

Den haitegen 8. Juni steet ganz am Zeeche vun eise Mierer. Viru genau 10 Joer hunn déi Vereenten Natiounen de sougenannte World Ocean Day eng éischt Kéier gefeiert. Mee ëm Vakanz um Strand an d’Schwammen am Mier geet et hei allerdéngs net.

D’Initiativ fir den Aktiounsdag geet scho bis op den 8. Juni 1992 zeréck. Bei der UN-Konferenz zur Ëmwelt an der Entwécklung (UNCED) zu Rio de Janeiro ass de Schutz vun den Ozeaner, allen Aarte vu Mierer a Küstegbidder, sou wéi de Schutz, eng rational Notzung an Entwécklung vu senge liewege Ressourcë fir eng éischt Kéier, no der Konferenz zu Stockholm 1972, global diskutéiert ginn. Op iwwer 30 Säite ginn d’Moossnamen an d’Ziler detailléiert erkläert.

Et huet allerdéngs nach weider 17 Joer gedauert, bis datt déi Vereenten Natiounen den Weltdag vun de Mierer um 8. Juni proklaméiert hunn an esou weltwäit d’Opmierksamkeet fir déi ekologesch Erausfuerderungen a Berdreeung vum Mier als Liewensraum schafen. Och fir de Mënsch spillen d’Ozeaner nämlech eng essentiell Roll, zemools a Punkto Ernierung a Klima.

Weltdag vun de Mierer

D’Bedeitung vun eise Mierer

Méi wéi 70 Prozent vun eiser Äerduewerfläch ass vu Waasser bedeckt, wouduerch mir eis Äerd och de „bloe Planéit“ nennen. Eise Wand, mee virun allem eis Mierer verdeelen d’Wiermt vun de Sonnestralen, soubal dës duerch eis Atmosphär duerchdréngen, op der ganzer Äerduewerfläch. Ee Beispill heivir ass de Golfstroum, wou duerch Mieresstréimunge waaremt Waasser aus den Tropen a Richtung vun de kale Pole geleet gëtt. D’Waasser hëtzt op sengem Wee déi kal Loft op, wouduerch de Golfstroum ronn 2000 Mol méi Wiermt produzéiere kann, wéi all europäesch Kraaftwierker zesummen.

Ouni dës natierlech Heizung wier et a ganz Nordeuropa 10 Grad Celsius méi frësch. Duerch d’Reguléierung vum Klima kann eist Uebst a Geméis, souwéi aner Produiten, déi zu eiser Ernierung bäidroen, anstänneg wuessen. Et ginn awer nach vill méi Grënn, wisou eis Mierer vun esou grousser Bedeitung sinn:

  • 80% vum Liewen op der Äerd fënnt ënnert der Mieresuewerfläch stattdessen
  • Méi wéi d’Halschent vun eisem Sauerstoff, dee mir all Dag anootmen, gëtt un de Weltmierer produzéiert
  • Eis Ozeaner absorbéieren ongeféier d’Halschent vum weltwäite CO2-Ausstouss
  • Eis Mierer bidde senge Bewunner eng Schutzfunktioun, beispillsweis duerch Korallen a Séigras
  • D’Mier bitt ALL Liewewiesen ee Liewensraum, sief et de Waasserbewunner, wéi och de Mënschen, déi sech vum Fësch ernieren a vun der Sauerstoffproduktioun profitéieren

Weltdag vun de Mierer

Den Ursprong vum Mier

Et geet een dovunner aus, datt den „Ur-Ozean“ scho viru 4,3 Milliarde Joer op eisem Planéit entstanen ass. Deemools war eis Äerd 300 Millioune Joer jonk an nach kachend waarm, wouduerch och Waasserdamp, Kuelendioxid a Stéckstoff entstanen ass. An de Kratere vu Vulkanen an Asteroidenaschléi sinn déi éischt Pullen entstanen.

Mat der Zäit huet d’Gestengs sech lues awer sécher zersat, wouduerch a verschidde Mierer – et war schliisslech schonn eng laang Zäit vergaangen – Salz gespullt ginn ass, wouduerch een och elo nach all Joer ronn 4 Milliarden Tonne Salz duerch eis Mierer sammele kann.

Ähnlech Sujeten CO2, Sauerstoff, UN, UNCED, Weltdag vun de Mierer, What the Fakt
Nächsten Artikel Virrechten Artikel