Sichen

Dir kéint och nach folgende gefalen

dislike
Dem Irak seng Schluecht géint d’Korruptioun
International Neiegkeeten Stories

Dem Irak seng Schluecht géint d’Korruptioun

Mat Täsche voller Geld oder wéinst zweiwelhafte Begnodegungen aus dem

Police, Smartphone a Privatsphär: e kontestéierte Cocktail an den USA
International Neiegkeeten Stories

Police, Smartphone a Privatsphär: e kontestéierte Cocktail an den USA

Wouhinner geet een, wien gesäit een, wat mécht een? D‘Äntwerten

Bass du fit genuch fir dësen Lëtzebuergesch-Test?
International Neiegkeeten Stories

Bass du fit genuch fir dësen Lëtzebuergesch-Test?

Lëtzebuergesch schreiwen huet nach laang net jiddereen an der Schoul

What the Fakt – De Weltdag vun der Ëmwelt

What the Fakt – De Weltdag vun der Ëmwelt

All Joer um 5. Juni gëtt de weltwäiten Dag vun der Ëmwelt lancéiert. Säit senger Entstehung am Joer 1974 gëtt dësen Dag fir d’Sensibiliséierung fir d’Ëmwelt-Problemer an Suergen an der haiteger Welt genotzt. D’Editioun vun 2019 steet ganz am Zeeche vun der Loftqualitéit an der Bekämpfung vun der atmosphärescher Verschmotzung.

Et schéngt evident, datt d’Moossname, fir géint d’Loftverschmotzung unzekämpfen an de verschiddene Regiounen anescht ausfalen, an awer kënnen och individuell Decisiounen – an enger Entreprise an am Privatliewen – een Impakt op d’Verschmotzung hunn an d’Loftqualitéit verbesseren.

De Stroosseverkéier als prinzipiell Emissiounssource

Zu Lëtzebuerg stellt de Stroosseverkéier d’Haaptursaach fir den Ausstouss vu Stéckoxider duer. Virun allem an den urbane Géigenden an am Summer mussen, duerch déi héich Ozonwäerter, reegelméisseg d’Informatiounsprozeduren, déi vun der Legislatioun virgesi sinn, nees ausgeléist ginn. Fir elo déi atmosphäresch Verschmotzung ze reduzéieren, sinn an de leschte Jore verschidde Moossname lancéiert ginn.

Ëmwelt

Den nationale Programm zur Loftqualitéit

Am Joer 2017 ass den nationale Programm vun der Loftqualitéit verëffentlecht ginn. Hei ginn d’Haaptproblemer bei der Loftqualitéit am Grand-Duché identifizéiert an divers Verbesserungsmoossnamen proposéiert. Esou ass beispillsweis eng grouss Campagne zur Miessung vun der Loftqualitéit lancéiert ginn, an dat a Kollaboratioun mat de verschiddene Gemengen.

D’Campagne ass am Kader vum „Klimapakt“, a Kollaboratioun mat der Ëmweltverwaltung ofgelaf. Op 102 Miessplazen ass op 5 Statiounen den Maximalwäert iwwerschratt ginn. Bei 11 weidere Plaze besteet de Risiko de Maximalwäert ze iwwerschreiden. D’Resultater vun der Campagne kann ee sech iwwregens ënnert emwelt.lu a geoportail.lu ukucken.

Bei den offizielle Miessstatiounen, déi nach dobäi kommen, konnt een d’Sénke vun den Emissiounswäerter vum NO2 an de leschte Jore feststellen. Déi wichtegst Reduktioune sinn bei de Statiounen an der Stad Lëtzebuerg, sou wéi de ländleche Géigenden observéiert ginn.

Weider Informatiounen zur Loftqualitéit kann ee sech op der Applikatioun „Meng Loft“ zu all Zäit ukucken. D’App erméiglecht engem den detailléierten Informatiouns-Accès zur lokaler Loftqualitéit, sou wéi verschidde Rotschléi zur Gesondheet an der Mobilitéit. Virun allem bei immens héije Wäerter u Loftverschmotzung sinn dës Conseile wichteg.

Dës weideren kann een weider Informatiounen zur Verschmotzung, dem Ozon a villes méi op www.meteolux.lu fannen.

Ähnlech Sujeten Ëmweltverschmotzung, Loftqualitéit, Loftverschmotzung, Ozon, Stéckoxid, Weltdag vun der Ëmwelt, What the Fakt
Nächsten Artikel Virrechten Artikel