Gemengewahlen 2017: 36.000 Wieler hunn d‘Wale verschlof
Datt een zu Lëtzebuerg laut Gesetz muss wiele goen, huet
Datt een zu Lëtzebuerg laut Gesetz muss wiele goen, huet
D‘Gehälter am Gesondheetswiese bei eise belschen Nopere sinn net déi
Wat wier d‘Welt ouni de Guy Majerus, eise Braumeeschter vun
Der Verbreedung vu Krankheetserreeger soll de Kampf ugesot ginn. Dofir huet d’Weltgesondheetsorganisatioun (WHO) de 5. Mee zum Internationalen Dag vun der Handhygiène erkläert! Eist Gräiforgan richteg ze wäschen ass nämlech eng vun den einfachsten an effektiivste Methoden, fir Infektiounen ze reduzéieren.
Zur Sensibiliséiert huet d’WHO de fënneften Dag vun dësem Mount als Aktiounsdag vun der Handhygiène gewielt. An hei steet d’fënnef fir eis fënnef Fanger un der Hand, woubäi ganz passend fënnef Punkte fir Entreprisen zur verbesserter Hygiène, virun allem an de Gesondheetsberuffer, bäidroen:
A ville Situatioune gëtt den einfache Geste, sech d’Hänn ze wäsche vergiess oder ignoréiert, woubäi d’Iwwerdroung vu Bakterien esou ënnerbonne ka ginn. Och d’Ausbreedung vu multiresistent Bakterië ka begrenzt ginn.
Am Kampf géint d’Antibiotikeresistenz
An dësem Kader lancéiert de Gesondheetsminister Étienne Schneider, zesumme mat der Familljeministesch Corinne Cahen déi 6. Editioun vun der nationaler Campagne fir Handhygiène. Heibäi soll och un den Nationalen Antiobiotikaplang (2018-2022) geduecht ginn, woubäi de Motto vun der Campagne den Numm „Kämpft géint d’Antibiotikeresistenz -Et läit an Ären Hänn“ dréit.
D’Resistenz géint Antibiotike betrëfft nämlech jiddwereen. Duerch eng falsch Verwendung gëtt d’Entwécklung vu resistente Bakterië gefërdert, wouduerch d’Medikament seng Wierkung verléiert. Duerch d’Wäsche vun den Hänn kann d’Zuel vun den Infektiounen an soumat och den Asaz vun Antibiotik reduzéiert ginn.
D’Campagne riicht sech un déi breet Ëffentlechkeet an ënnersträicht, wéini et besonnesch wichteg ass, sech d’Hänn mat Seef ze wäschen (anscheinend schéngt dëst nämlech net selbstverständlech ze sinn):
Donieft gëtt sech awer och un d’Fleegepersonal an d’Medeziner gewend. No all Kontakt mat engem Patient sollen d’Hänn mat enger alkoholesch-wässereger Léisung desinfizéiert ginn. Als einfach an effektiv Method kënnen esou nämlech och immens Käschte gespuert ginn, doduerch datt keng medezinesch Behandlung gebraucht gëtt.
D’WHO schätzt, datt 7-10% vun de behandelte Patienten op mannst ee Mol eng Infektioun duerch eng medezinesch Behandlung entwéckele wäerten. Ee Groussdeel vun de Krankheete kéint duerch d’Verbesserung vun der Handhygiène an duerch Moossnamen zur Preventioun a Kontroll vun Infektioune verhënnert ginn.
Informatiouns- a Sensibiliséierungsmaterial
Didaktescht Material (Posteren & Broschüren) ginn a Kliniken, sou wéi Ariichtunge fir eeler Mënschen a Persoune mat Behënnerunge verdeelt, fir esou och d’Fleegepersonal ze sensibiliséieren. An dësem Joer ginn d’Posteren a Broschüren och un Dokteren a Phsyiotherapeute verschéckt.
Natierlech bleiwen d’Campagne vun de vergaangene Joren (säit 2009) relevant! D’Material vu „Propper Hänn – Sécher Hänn“ fannt Dir um Gesondheetsportal.