Sichen

Dir kéint och nach folgende gefalen

Déi grouss europäesch Erausfuerderungen
International Neiegkeeten Stories

Déi grouss europäesch Erausfuerderungen

Während den Ament déi politesch Acteuren domadder beschäftegt sinn sech

Plastikstuten: Den hallefhäerzege Schratt vun der Regierung!
International Neiegkeeten Stories

Plastikstuten: Den hallefhäerzege Schratt vun der Regierung!

Dräi Deeg viru Sylvester léisst den Ëmweltministère via den Informatiounsdéngscht

E positive Joresbilan vir den ACL
International Neiegkeeten Stories

E positive Joresbilan vir den ACL

Bei der Generalversammlung vum Lëtzebuerger Automobilclub (ACL) sinn den Aktivitéitsbericht

What the Fakt – Haut ass Weltkriibsdag!

What the Fakt – Haut ass Weltkriibsdag!

All Joer soll besonnesch um 4. Februar op eng vun den heefegsten Doudesursaache weltwäit opmierksam gemaach ginn: Kriibs a senge verschiddenste Formen. Eleng zu Lëtzebuerg kréien all Joer iwwer 3000 Leit déi schlëmm Diagnos, wou et vill Fuerschung gëtt, mee bis ewell keen Heelmëttel. D’Ziel vum Weltkriibsdag ass et, d’Opmierksamkeet vun de Bierger ze erreechen an iwwert d’Themen, déi mat der Krankheet zesummen hänken, ze informéieren

Opgeruff zu dësem Aktiounsdag huet d’Weltkriibsorganisatioun UICC am Joer 2007. An éischter Linn gëllt et, Gesondheetsorganisatiounen, Entreprisen an ëffentlech Institutiounen opzeklären e geféierlech Viruerteeler an Hallefwëssen ze vermeiden. Dofir gi verschidde Projeten duerchgefouert, bei deem net all ze seelen och d’Prominenz matwierkt.

kriibs

Ee wichtege Schrëtt ass d’Preventioun

Net fir näischt fënnt een zemools an de Cabinete vun den Dokteren Informatiounsmaterial zur Virsuerg. Wat d’Krankheet méi fréi erkannt gëtt, wat d’Aussiichten op Heelung méi grouss sinn. D’UICC gëtt un, datt all Joer iwwer 12 Millioune Leit un enger vun de ville verschiddene Forme vu Kriibs erkranken, ronn 8 Millioune Mënsche stierwen un de Suitten. Och Kanner gi leider net vun der geféierlecher Krankheet verschount.

D’Weltkriibsorganisatioun UICC huet eng Deklaratioun opgestallt, wou bis 2025 verschidden Zieler erfëllt solle ginn, sou datt d’Doudesfäll verréngert ginn an d’Liewensqualitéit vun den erkrankte Persounen nees an d’Luucht geet. An engem éischte Schrëtt sollen d’Gesondheetssystemer besser ënnerstëtzt ginn a weltwäit Systemer opgestallt ginn, déi Zuelen an der Populatioun erfaassen an esou ee besseren Iwwerbléck, sou wéi Schlussfolgerunge liwweren.

An engem nächste Schrëtt geet et dann un d’Bekämpfung vu verschiddene Risikofacteuren, wéi beispillsweis de Konsum un Zigaretten oder Iwwergewiicht. Donieft sollen dann och universell Impf-Programmer agefouert ginn, déi géint d’HPV– an HBV-Infektioun schütze sollen. Generell muss awer och d’Gesondheetspersonal nach besser ausgebilt ginn, jiddweree muss Zougang zu enger gudder Fréierkennung a Fleeg kréien, mee och d’Péng an d’Leed vu betraffene Leit musse besser behandelt ginn.

D’Situatioun zu Lëtzebuerg

Eng nei Campagne, a Kollaboratioun mam ehemoolege Profi-Tennisspiller Gilles Müller, soll op d’Preventioun am Kampf géint de Kriibs opmierksam maachen. Duerch ee gesonde Liewensstil – duerch de Verzicht op Tubak, gesond Iessen a kierperlech Aktivitéit – soll een bis zu 40% vun de Krankheetsfäll evitéiere kennen.

Kriibs ass nach ëmmer déi éischt Doudesursaach beim Mann (32,1%) an déi zweet Doudesursaach bei der Fra (26,7%). Dobäi sinn Longekriibs, Daarmkriibs an Prostatakriibs beim Mann déi déidlechst Zorte fir de Mann. D’Zuel un Erkrankunge geet awer leider net erof – nach ëmmer kommen all Joer 3000 nei Fäll dobäi.

kriibs

D’Aktioune vum Gesondheetsministère

Och zu Lëtzebuerg gëllt et d’Bierger ze sensibiliséieren an ze informéieren. Säit Joren si verschidde Mesure getraff a Projeten op d’Been gesat ginn, fir d’Unzuel u Krankheetsfäll ze reduzéieren. Bis ewell huet d’Fuerschung nach keen Heelmëttel fonnt, fir dës komplex Krankheet ze bekämpfen. Aus dësem Grond ass et u jiddwerengem vun eis, säin Deel zur Preventioun bäizedroen. Am Grand-Duché gi folgend Moossname getraff:

  • Den nationalen Tubak Plang 2016-2020 gesäit fir, Kanner a jonk Erwuessener eng effektiv Preventioun beim Tubaks-Konsum ze bdiden an iwwert d’Gefore vum passive fëmmen opmierksam ze maachen.
  • Ee Entzuchsprogramm soll d’Ophale mat fëmme méi einfach maachen, andeems een professionell begleet gëtt an och eng kleng finanziell Ënnerstëtzung kritt.
  • Den nationale Plang „Gesond iessen – méi beweegen“ well eng ausgeglachen Alimentatioun a physesch Aktivitéite fërderen, sou wéi ausräichend Informatiounen zu Iwwergewiicht an aner Suitte liwweren. An 10 Joer huet GIMB scho 500 Projeten an Aktivitéiten organiséiert.
  • D’Mammografie ënnerstëtzt d’Preventioun, andeems no Symptomer an der Broscht gesicht gëtt. Frae kréien esou eng besser Chance op Heelung, am Fall wou eng Anomalie sollt fonnt ginn. All Joer ginn esou bis zu 120 Fäll vu Broschtkriibs fréizäiteg entdeckt.
  • Säit 2016 gëtt d’Fréierkennung vun Daarmkriibs ënnerstëtzt (PDOCCR). Mam neie Programm kritt all Bierger tëschent 55 a 74 Joer d’Méiglechkeet op eng qualitativ Ënnersichung a Behandlung.

An dësem Kader gëtt drop opmierksam gemaach, datt d’Fondation Cancer verschidde gratis Servicer organiséiert, sou wéi beispillsweis de Food Lab, wéi een zum Net-Fëmmer gëtt oder och FiTeam. D’Fondatioun leet awer och grousse Wäert drop, datt och d’Matmënsche vun enger erkrankte Persoun léieren, mat der Situatioun ëmzegoen. Et ass net nëmme schwéier, fir de Patient mat senger Diagnos eens ze ginn, mee d’Effekter zéien sech bis op de professionellen Niveau, wou d’Aarbechtskollegen deelweis falsch mat der Problematik ëmginn.

Opmaacherbild: (c) i-stock images

Ähnlech Sujeten Daarmkriibs, Fuerschung, Gesondheetsministère, HBV, HPV, Krankheet, Kriibs, Mammographie, What the Fakt
Nächsten Artikel Virrechten Artikel