Sichen

Dir kéint och nach folgende gefalen

Fëmme kann déidlech sinn – d’Ophalen ass awer esou schwéier…
International Neiegkeeten Stories

Fëmme kann déidlech sinn – d’Ophalen ass awer esou schwéier…

Ech fëmmen. Schonn op mannst 20 Joer laang. A mäi

D’Chamberleaks weisen, datt Lëtzebuerg nach net ganz an der digitaler Welt ukomm ass
International Neiegkeeten Stories

D’Chamberleaks weisen, datt Lëtzebuerg nach net ganz an der digitaler Welt ukomm ass

Eng Saach wëll ech viraus schécken: De Chambersite ass net

D’Nuecht nom „Harvey“: een Doudegen a schwéier Iwwerschwemmungen
International Neiegkeeten Stories

D’Nuecht nom „Harvey“: een Doudegen a schwéier Iwwerschwemmungen

Den Orkan Harvey huet op mannst ee Mënsch d’Liewe kascht

What the Fakt – de weltwäiten Dag géint Tuberkulos

What the Fakt – de weltwäiten Dag géint Tuberkulos

Wéi all Joer gëtt um 24. Mäerz den internationalen Dag am Kampf géint Tuberkulos zelebréiert, fir esou op dës Krankheet opmierksam ze maachen a sensibiliséieren. All Joer erkranke Millioune Mënschen op der ganzer Welt un Tuberkulos.

Historesch gekuckt geet den Aktiounsdag op d’Joer 1882 zeréck. Deemools hat den Dr Robert Koch seng Entdeckung vun de Bakterie als Wuerzel vun der Krankheet, mëttlerweil och nach Kochbazill genannt, verëffentlecht.

Och wa bei eis, wéi och an de Länner an eiser noer Ëmgéigend d’Krankheet net esou ausgebreet ass, esou bleift et trotzdeem an den Entwécklungslänner mat 95% vu Stierwesfäll, eng vun de schlëmmste Krankheeten. Genau 7 Länner totaliséieren 65% vun de Krankheetsfäll, woubäi Indien op éischter Plaz am Ranking steet. Uschléissend kënnt Indonesien, China, d’Philippinnen, Nigeria, Pakistan a Südafrika.

Virun allem Leit, déi a schlechte sozio-ekonomesche Situatioune liewe sinn betraff. Sou sinn et liicht verwondbar Populatiounen (Migranten, Flüchtlingen,…) oder och Persoune, déi un HIV erkrankt sinn, déi un Ënnerernierung oder Diabetis leiden, déi am schnellsten d’Krankheet kréie kënnen. Esou kann een Tuberkulos all mäerdereschst Infektiounskrankheet weltwäit betitelen.

tuberkulos

All Dag stierwen 4.500 Persounen un Tuberkulos

Weltwäit weist ee Véierel vun der globaler Populatioun latent Tuberkulos op. Dës Persoune sinn vun de Bakterien infizéiert, weisen awer keng Krankheetssymptomer op. Doduerch gi si net als ustiechend consideréiert. Huet een allerdéngs een ufällegt Immunsystem, sou ass de Risiko krank ze gi méi héich. Esou sinn et beispillsweis HIV-Erkrankt, déi 20 bis 30 Mol méi oft iergendwann och un Tuberkulos erkranken.

D’Weltgesondheetsorganisatioun (WHO) schätzt, datt all Joer 600.000 vun den neie Krankheetsfäll géint den Antibiotik, den zur Bekämpfung vun der Infektiounskrankheet agesat gëtt, immun géint d’Medikament sinn.

De Slogan 2019 „Et ass Zäit“ vum internationalen Dag am Kampf géint Tuberkulos weist drop hin, datt de Problem urgent ass an een d’Zieler vun WHO onbedéngt schnellstméiglech erfëlle muss. Si gesinn nämlech eng Reduktioun vun 95% vun den Doudesfäll duerch dës Krankheet fir bis 2035.

Ähnlech Sujeten Entwécklungslänner, HIV, Infektiounskrankheet, internationalen Dag am Kampf géint Tuberkulos, What the Fakt
Nächsten Artikel Virrechten Artikel