Sichen

Dir kéint och nach folgende gefalen

Boko Haram seng Bluttspur gëtt méi laang
International Kultur online matchmaking score https://moien.lu/best-hookup-spots-atlanta/

perri diversity celebs go dating

Zanter Abrëll hunn déi hannerlëschteg Uschléi an Ugrëff vum Grupp

De Streik am Frankräich bréngt e schwaarzen Dënschdeg
International Kultur online matchmaking score https://moien.lu/best-hookup-spots-atlanta/

De Streik am Frankräich bréngt e schwaarzen Dënschdeg

Nom Warnschoss vum 22. Mäerz geet et haut am Frankräich

Bei neie Sanktioune kéint den Iran d‘Atomofkommes kënnegen
International Kultur online matchmaking score https://moien.lu/best-hookup-spots-atlanta/

Bei neie Sanktioune kéint den Iran d‘Atomofkommes kënnegen

En Dënschdeg huet den Iran domadder gedréit, den Accord iwwert

What the Fakt – De weltwäiten Dag vun der Meteorologie

Zesumme mat der Sonn, der Äerd an de Wierder

What the Fakt – De weltwäiten Dag vun der Meteorologie

Säit der Konventioun vun der Weltorganisatioun fir Meteorologie (WMO) am Joer 1950 gëtt dësen Dag wéinst de Wierderdaten a -prognosen vun de verschiddene meteorologeschen Déngschter zelebréiert. Just duerch hir Informatiounen aus der Loft- a Schëffsfart, sou wéi der Landwirtschaft kann d’Wierderfuerschung als globale Projet virugedriwwe ginn. Am Studio sinn dofir haut eis Kandidate Sonn, Äerd a Wierder zu Gaascht, fir mat eis iwwert hir Entwécklung ze schwätzen.

E bësse Spaass muss sinn – dofir sollt een de leschte Saz net ze eescht huelen. Trotzdeem soll grad haut op d’Wichtegkeet vun den Wiederdaten opmierksam gemaach ginn. Am Joer 1873 war et déi international Organisatioun fir Meteorologie, déi gegrënnt ginn ass, ier 1950 dunn WMO nogezunn ass. Duerch eng Konventioun, déi den 23. Mäerz 1950 duerch dës Acteuren a Kraaft getrueden ass, ass d’Organisatioun festgeluecht ginn an déi essentiell Bedeitung vun den meteorologeschen Daten op een méi héijen Niveau erhuewe ginn. Säit 23 Joer gëtt elo schonn dësen internationalen Aktiounsdag gefeiert.

Et sollt een dobäi och bedenken, datt dës Informatiounen onofhängeg vun de jeeweilege geographesche Grenzen erfaasst ginn an all Land vun der Sammlung un Date profitéiert. Och de Grand-Duché ass sech der Wichtegkeet vun der WMO bewosst an ass de 17. August 1953 der Organisatioun bäigetrueden. Säithir representéiert de Chef vum meteorologesche Service ASTA Lëtzebuerg bei der WMO.

Oh wat si mir gutt!

An dësem Kontext soll ee sech emol duerch de Kapp goe loossen, datt zu Lëtzebuerg scho säit 1907 (virun 112 Joer) den éischte Wiederdéngscht entstanen ass. An der Zäit, déi bis elo vergaangen ass, hunn d’Wiederstatiounen sech entwéckelt a goufe stänneg moderniséiert. Am ganzen ziele mir 32 Statiounen, déi eis all Dag prezis Informatiounen, virun allem zu den Nidderschléi, der Temperatur, der Loftfiichtegkeet, de Sonnestonnen an de Wandgeschwindegkeete liwweren, wat och der Landwirtschaft ee Virdeel bitt.

Virbildlech wéi mir sinn kann een um Site www.agrimeteo.lu déi meteorologesch Daten a Wiederprevisiounen an Echtzäit fannen. Donieft liwwert ASTA weider Informatiounen zu de Perioden, wou geséint a recoltéiert soll ginn, sou wéi potentiell Aläerten zu Geforen.

Donieft goufe mir och gebieden, déi enk Zesummenaarbecht vun ASTA a MeteoLux ervir zehiewen. Als Departement vun der Administratioun vun der Loft-Navigatioun liwweren si verschidde Servicer a Relatioun zum Wierder, sou wéi si sech och ëm d’Publikatioun vun Alerten un d’Ëffentlechkeet bekëmmeren. Mat hirem Standuert um Findel liwweren si divers Daten un WMO. Natierlech sollt een och um Site vu MeteoLux (www.meteolux.lu) emol laanscht kucken.

wierder

D’Thema vun 2019

Fir déi fundamental Zieler vun der Organisatioun ze representéieren hu si sech fir d’Thema „d’Sonn, d’Äerd an d’Wierder“ entscheet. D’Date vun de Wiederdéngschter hunn nämlech och ee grousse Wäert am Klimawandel. Esou konnt beispillsweis de Grupp GIEC am Oktober 2018 erausfannen, datt déi mënschlech Aktivitéiten d’Ophëtze vum Planéit ëm 1°C provozéiert hunn.

D’Statioun um Findel konnt feststellen, datt d’Joer 2018 dat Wäermst säit den éischten Opzeechnungen aus dem Joer 1947 war. Och Deeg mat extremer Hëtzt (iwwer 35°C) hunn a leschter Zäit zougeholl, woumat déi klimatesch Erwiermung quasi bewise ka ginn.

De Rapport vu GIEC weist allerdéngs, datt och wa mir s’Emissiounsziler vum Paräisser Accord befollegen, et nach Joerzéngten dauere wäert, bis d’Äerderwiermung ënnert Kontroll ass. Virun allem d’Landwirtschaft reagéiert immens sensibel op Klimaverännerungen.

Ähnlech Sujeten ASTA, Landwirtschaft, MeteoLux, weltwäiten Dag vun der Meteorologie, Wierder, WMO
Nächsten Artikel Virrechten Artikel