Sichen

Dir kéint och nach folgende gefalen

Amazon keeft d’Rechter fir eng Herr der Ringe-Ëmsetzung – a mécht sech prett fir e Showdown mat Netflix
International Kultur dating someone significantly younger calvin dating in the dark

how much do dating coaches cost

Ech hu schonn e puer mol op dëser Plaz iwwert

D‘Damme vum VFL Bochum op Besuch beim SC Beetebuerg
International Kultur dating someone significantly younger calvin dating in the dark

D‘Damme vum VFL Bochum op Besuch beim SC Beetebuerg

Huele mir d‘Resultat direkt an de Grapp: SCB 0 –

Du drénks all Dag Kaffi, mee wéi gutt weess du iwwert e Bescheed?
International Kultur dating someone significantly younger calvin dating in the dark

Du drénks all Dag Kaffi, mee wéi gutt weess du iwwert e Bescheed?

Um Büro geet näischt ouni Kaffi. Ob To Go, Instant,

What the Fakt – de weltwäiten Dag vum Schokelasbotter

What the Fakt – de weltwäiten Dag vum Schokelasbotter

Och déi nosseg brong Crème huet sech een Éierendag verdéngt. Esou muss de 5. Februar dru gleewen, fir als Feierdag vum mat Palmenueleg gedränkte Schockelasbotter vum italieneschen Hiersteller Ferrero duerzehalen. Mee wéi koum et eigentlech zum haitegen Aktiounsdag?

D’Iddi zum weltwäiten Dag vum Schockelasbotter ass 2007 entstanen, wou déi US-amerikanesch Auteurin a Journalistin Sara Rosso an der Vakanz an Italien war. D’Ziel sollt et sinn, fir all d’Fans vun der italienescher Noss-Nougat-Crime ze animéieren, hir séiss Virléift och kreativ ze feieren.

Et ass net esou, wéi et ausgesäit!

Elo kéint een dovun ausgoen, datt dësen Aktiounsdag eng intelligent Marketing-Aktioun ass. Wéi et sech erausstellt ginn et awer richteg Nutella-Fanatiker, déi de cremege Produit veréieren an de spezielle Feierdag oprecht erhale mussen. Op der Internetsäit nutelladay.com, vum Sara Rosso gëtt den Opstrëch aus Zocker, Palmenueleg, Hieselnëss, fettaarme Kakao an verschiddenen anere Stoffer mat Gedichter a Lidder op een gëttlechen Niveau erhuewen.

Ferrero selwer huet dat Ganzt net wierklech gefall a sou krut d’Journalistin schnell d’Kënnegung. D’Madamm Rosso hat vill Kontakter mat verschiddene Ferrero-Mataarbechter, sou wéi divers Rezepter gesammelt an hir Léift mat 7000 Twitter-Follower an 40.000 Facebook-Fans gedeelt. Een Zeréck gëtt et fir d’Fra net méi an awer seet si „Ech hoffen, dir behaalt de 5. Februar an ären Häerzer a Läffelen.“

nutella

Schockéierend Resultater

Vill vun eis kënne moies net op eng gutt Schmier mat Nutella verzichten. D’Weltgesondheetsorganisatioun bestätegt, datt een esou scho fréi um Dag de ganzen Zocker zou sech geholl huet, deen een Mënsch eigentlech iwwert den Dag verdeelt konsuméiere sollt. D’Produkt, wat domadder vermarkt gëtt, datt et aus Schockela an Nëss besteet weist nieft dem héijen Taux un Zocker awer och ee geréngen Undeel un Hieselnëss (13%) un.

Dobäi kënnt schliisslech nach Mëllechpudder, fettaarme Kakao a virun allem Palmenueleg. Gutt 20% vum Fett stiechen an engem Glas Nutella, wouduerch een och soe kann datt ee Fënneftel vun dësem Schockelasbotter aus purem Fett besteet. Dozou kënnt, datt bei der Produktioun vum Palmenueleg entstinn, duerch d’Erhëtze vum Fett, geféierlech Schuedstoffer, déi schonn e klenge Quantitéiten net gutt fir de Kierper sinn.

nutella

Den Alfonso Lampen, Liewensmëttelexpert vum Bundesamt fir Risikobewäertung (BfR) bestätegt, datt d’Schuedstoffer am Palmenueleg toxesch fir d’Nieren, d’Liewer an d’Hode sinn. Aner Fettsaieren, déi bei der Produktioun entstinn, wéi beispillsweis Glycidyl, kënne souguer eng kriibserreegend Wierkung erzielen. Do sollt een et sech zwee Mol iwwerleeën, op een elo déi gëftegt Cremeg op säi Bréitche schmiere well.

Ferrero um Findel

Déi italienesch Entreprise, déi ënnert anerem och Nutella produzéiert, huet säit enger Zäit säi Sëtz zu Lëtzebuerg um Findel. Bei Ferrero International SA schaffe ronn 900 Leit, déi op verschiddene Sitte verdeelt sinn. Dëst Joer soll dann och de Chantier vum neie Sëtz mat 29.000 m² fäerdeg ginn.

D’Gebai, mat kuerzer Distanz zum Fluchhafen ass wuel déi ideal Platz fir international Reuniounen ze organiséieren an d’Equipp op geschäftlech Reesen ze schécken. An Zukunft wëll d’Entreprise wuel och nei Investissementer zu Arel maachen.

Quellen:

Ähnlech Sujeten Kriibs, Noss, Nutella, Palmenueleg, Schockelasbotter, What the Fakt
Nächsten Artikel Virrechten Artikel