Sichen

Dir kéint och nach folgende gefalen

Ab dem 1. Juli ginn d‘Servicer vum SAMU verstäerkt
International Kultur itv dating show apply best dating sites to find marriage

https://moien.lu/you-and-me-dating/

De SAMU (de Service fir urgent medezinesch Hëllef) gouf zu

Anger Fest 3.0 – Headbange fir de gudden Zweck!
International Kultur itv dating show apply best dating sites to find marriage

Anger Fest 3.0 – Headbange fir de gudden Zweck!

Et war schonn déi drëtt Editioun vum Metal Festival an

LuxFoodExpress: Loosst Iech Äre Menü Heem liwweren!
International Kultur itv dating show apply best dating sites to find marriage

LuxFoodExpress: Loosst Iech Äre Menü Heem liwweren!

Dir kommt midd vun der Aarbecht an hutt keng Loscht,

What the Fakt – de weltwäiten Dag vum Wal

What the Fakt – de weltwäiten Dag vum Wal

Scho säit 1980 gëtt traditionell um haitegen Dag de Wal als gréisste Mammifère geéiert. Dobäi sinn ëmmer méi Aarte vun dësem doucen, sozialen a sensibelen Déier vum Ausstierwe bedréit. Hëllefe wëll hei den Maui Whale Festival, den mat diversen Aktiounen op dës gigantesch Mieresbewunner opmierksam mëscht.

Den déierreschen Aktiounsdag geet op eng Initiative vun Déiereschützer zu Maui am Joer 1980 zeréck. Zu Éieren vum riisege Buckelwal hunn déi engagéiert Persounen de Maui Whale Festival an d’Liewe geruff, sou datt d’Leit zu dësem Mieresliewewiesen sensibiliséiert ginn. Ziel war an ass net, d’Insel fir Touriste besonnesch attraktiv wierken ze loossen, mee d’Bewosstsinn fir déi bedreete Mieressaiger an hirem Liewensraum ze fërderen.

Esou organiséiert de Grupp un Déiereschützer ee Festival vun 3 Deeg, den säit geraumer Zäit e puer dausend Visiteuren ulackelt. Pünktlech zur Héichsaison, wou d’Buckelwalen sech a groussen Zuelen am Mier ronderëm d’Insel versammelen, organiséiert de Maui Whale Festival divers Aktivitéite mat Sensibiliséierungscampagnen, bei deenen och d’Léift zu de Mieresliewewiesen an dem Ozean als natierleche Liewensraum gesteigert soll ginn. Fir déi 39. Editioun dëst Joer soen d’Organisateure schonn am viraus „Mahalo“ fir d’Ënnerstëtzung!

E puer Fakten

Viru ronn 50 Millioune Joer hunn dës Mammifèren den Ozean erobert. Mat der Zäit huet hir Kierperform, souwéi d’Otemweeër, sou wéi och d’Blos- an Nueslächer sech esou virun entwéckelt, datt si perfekt an dat maritiimt Ëmfeld passen. Zur Stabiliséierung ass schliisslech d’Réckefloss entstanen an de Pelz gouf duerch eng wiermend Speckschicht ersat, déi deelweis bis zu 70 Zentimeter déck ka sinn.

Nach ëmmer sinn eis Weltmierer net ganz erfuerscht. Trotzdeem gëtt geschat, datt ongeféiert 80 verschidde Walaarten existéieren. Verschiddener vun hinnen si staark gefährt a stinn op der Rouder Lëscht. Eleng vum Blowal (Balaenoptera musculus), den mat 33 Meter Längt an engem Gewiicht vun 150 Tonnen net grad kleng ass, liewe weltwäit just nach 5.200 Déieren. Beim zweetgréisste Mieresliewewiesen, dem Finnwal, gëtt de Bestand op 40.000 Déiere geschat.

wal

Ee gesond Ökosystem duerch d’Waler

Déi gigantesch Mieresbewunner suergen duerch déi sougenannt „Walpompel“ fir besser gebonnene CO2 duerch d’Algen. An enger Déift tëscht 200 an 1.000 Meter iessen si Fësch, Krill an Tëntefësch. Duerch aner Drockverhältnisser kommen si un d’Uewerfläch fir hir Ausscheedungen erauszeloossen, wouduerch masseweis wäertvoll Nierstoffer aus der Déift vum Ozean no uewe kommen.

Doduerch bléie virun allem d’Algen op, déi uschléissend nees vu Krill an anere Kriibsen giess ginn. Esou entsteet een zouene Kreeslaf, deen immens wichteg fir een fonctionnéierenden Ökosystem ass.

Méi Schutz fir d’Mieresnomaden

Viru méi wéi 30 Joer ass de Walfang-Moratorium an d’Liewe geruff ginn, deen déi kommerziell Juegd vun dësen Déiere verbitt. All zwee Joer treffen sech d’Regierungsvertrieder aus 88 Memberstaaten, fir iwwert weider Mesuren zur Protektioun auszeschaffen an de Bilan vun der vergaangener Zäit ze analyséieren. Nieft der Juegd setzen si sech awer och fir Moossname géint d’Mieresverschmotzung an, wat mëttlerweil zu enger ëmmer méi grousser Belaaschtung fir sämtlech Mieresliewewiese gëtt.

Wal

Am September kënnt den Intewal døglingur op d’Färöer, wou si schonn vun de Jeeër erwaart ginn © Erik Christensen

Nach ëmmer ginn et awer verschidde Länner, déi sech strikt géint dës Mesuren zum Déiereschutz bedeelege wëllen. Dorënner ass Japan, déi d’Juegd anscheinend aus Fuerschungszwecker weider féiere mussen. Och Island an Norwegen erkennen de Moratorium net un- Zemools d’Zwergwalen ginn an dëse Länner aus traditionelle Grënn massakréiert.

Och WWF setzt sech staark fir de Schutz vun de Waler an. Tëscht 1986 an 2009 sinn ronn 33.500 Exemplare vun dësen eenzegaartege Mieresbewunner dout gemaach ginn. Wärend hirer jorelaanger Aarbecht konnten si beispillsweis 50 Millioune Quadratkilometer vun der Antarktis als Walschutzgebitt erklären. Och am nërdleche Mëttelmier sinn am Joer 1999 insgesamt 85.000 Quadratkilometer als Schutzgebitt fir 13 Aarten u Waler deklaréiert ginn. Méi dozou kann een op hirem Site noliesen.

Quellen:

Ähnlech Sujeten Déiereschutz, Juegd, Maui Wahle Festival, Rout Lëscht, Walfang, WALFANG-MORATORIUM, What the Fakt, WWF
Nächsten Artikel Virrechten Artikel