Sichen

Dir kéint och nach folgende gefalen

LAR bréicht Finanzmëttel fir Formatiounen
International Kultur wie funktioniert online dating https://moien.lu/dating-scan-at-6-weeks/

https://moien.lu/trinidad-hook-up/

Wann ee Biller vu Bëschbränn am Ausland gesäit, kënnt et

OPGEPASST: Schuedstoffer an den Eeër!
International Kultur wie funktioniert online dating https://moien.lu/dating-scan-at-6-weeks/

OPGEPASST: Schuedstoffer an den Eeër!

D’Autoritéite vun der Lëtzebuerger Liewensmëttelsécherheet informéieren doriwwer, datt d’Produiten „Nature Bio Oeufs

Chantier am Gousseler Tunnel: Opgepasst op d’Radaren!
International Kultur wie funktioniert online dating https://moien.lu/dating-scan-at-6-weeks/

Chantier am Gousseler Tunnel: Opgepasst op d’Radaren!

D’Stroossebauverwaltung informéiert doriwwer, datt Méindes, den 12. August 2019 ab

What the Fakt – de Weltdag vum Schlof!

What the Fakt – de Weltdag vum Schlof!

All drëtte Freideg vum Mäerz gëtt den internationalen Dag vum gesonde Schlof gefeiert. Nieft den Aktiounsdeeg, déi mat Iessen ze dinn hunn, sollt dësen Dag wuel ee vun de Schéinsten am Kalenner duerstellen. Ob een elo awer op der Aarbecht oder an der Schoul ëffentlech annäipe sollt, bleift ze bezweiwelen. Trotzdeem stécht hannert dem Dag vum Schlof eng interessant Geschicht!

Den drëtte Freideg vum Mäerz fält generell ëmmer op déi Zäit, wou Dag an Nuecht gläich laang sinn. Dëst Naturphenomen, wat och „Tagundnachtgleiche“ oder „Äquinoktium“ genannt gëtt, zeechent sech doduerch aus, datt d’Sonn genau um Schnëttpunkt tëscht Ekliptik (déi vun eis op der Äerd am Laf vum Joer wouer geholl Sonn um Himmel) an Himmelsäquator steet. Genau zu dësem Zäitpunkt sinn op der ganzer Welt – wéi et den Numm scho seet – Dag an Nuecht selwecht laang, wouduerch ënnert aanerem den astronomeschen Ufank vum Fréijoer agelaut gëtt. Bei der momentaner Wiedersituatioun kéint een eigentlech éischter nach un de Wanter denken.

Am Kader vum Äquinoktium an der relativ wäit verbreeter Fréijoersmiddegkeet ass et wuel keng esou schlecht Iddi, ob de gesonde Schlof hinzeweisen. Aus dësem Grond huet de Comité vun der World Association of Sleep Medicine (WASM) schonn am Joer 2008 zu dësem Aktiounsdag opgeruff. Dobäi hunn d’Initiateuren eescht Ofsiichten.

schlof

Dëst Joer steet de Weltdag vum Schlof ënnert dem Motto „Gesonde Schlof, gesond al ginn“. Genuch a virun allem gesonde Schlof kléngt no enger einfacher Aufgab, an trotzdeem stellt et sech als immens schwiereg eraus. Millioune Mënsche leide weltwäit ënnert wéineg erhuelsame Rouphasen an der Nuecht, wat beispillsweis zu Iwwergewiicht, engem geschwächten Immunsystem oder souguer Diabetis féiere kann.

De Kierper notzt tëscht 25 bis 30 Joer vum mënschleche Liewen, fir sech an den Déifschlofphasen ze regeneréieren, Schied ze reparéieren, Heelungsprozesser ze aktivéieren oder och krank an al Zellen duerch gesond Neier ze ersetzen. Doduerch gi méi wärend dem Dag zwar méi al, an der Nuecht start de Kierper allerdéngs quasi eng Verjéngerungscour. Wien also net genuch schléift, schuet net nëmmen der Gesondheet, mee altert an engems méi schnell.

schlof

Tipps fir ee besseren a méi gesonde Schlof

  • Alkohol virum schlofe goen ass kontraproduktiv. Mir näipen zwar méi schnell an, allerdéngs ass d’Duerchschlofe gefäerd.
  • Luucht aus! Wien gäre mat enger klenger Liiti un schléift, sollt dëst an Zukunft léiwer si loossen. All Liichtafloss kann de Schlof nämlech stéieren.
  • Eng ideal Temperatur schafen: Et ass essentiell, datt am Schlofzëmmer tëscht 15 an 19 °C herrschen, fir richteg gutt duerchzeschlofen.
  • Stecker zéien! Am beschte Fall sollt ee 60 Minutte virum an d’Bett falen all elektronesch Geräter ausmaachen. Dozou gehéieren natierlech den Handy, Laptop, Tablet a Fernseher.
  • Sport hëlleft enorm. Wien sech virum Owend richteg auspowert, huet besser Chancë schnell am Dramland ze landen
  • Verzicht op ze schwéiert Iessen. De Kierper ass net wierklech dofir gemaach, am Schlof ze verdauen. Besonnesch Proteiner leien Owes schwéier um Mo.
  • Am Bett soll just geschlof ginn. De Kapp sollt sech d’Schlofënnerlag als Plaz vun der Entspanung mierken. Iessen, Fernseh kucken oder och Ballerspiller sollten net an d’Bett gehéieren.
  • Déi richteg Matrass! Wichteg fir d’Gesondheet an een erhuelsame Schlof ass eng gemittlech Ënnerlag, déi am beschte Fall all 5 bis 10 Joer ausgetosch gëtt.
  • De Rhythmus bäibehalen: Fir de Schlof, sou wéi fir d’Opstoe sollt ee sech ëmmer un déi selwecht Zäiten halen, sou datt och de Kierper vun der Gewunnecht profitéiere kann.
  • De Kapp ausschalten: Wien Nuets voller Gedanke wakereg bleift sollt d’Aufgabe vum nächsten Dag opschreiwen oder och néierschreiwen, wat ee belaascht.

Quellen:

Ähnlech Sujeten Matrass, Rouphasen, Schlofen, WASM, Weltdag vum gesonde Schlof, What the Fakt
Nächsten Artikel Virrechten Artikel