Sichen

Dir kéint och nach folgende gefalen

Aweiung vun der Kläranlag zu Gréiwemaacher
International Neiegkeeten top 10 online dating sites in canada

advice on dating a man going through a divorce

Energieeffizient an ëmweltschounend ass dat neit Klärwierk zu Gréiwemaacher, wat

dislike
Editorial: E russesche Spioun, Beschëllegungen a keng Beweiser
International Neiegkeeten top 10 online dating sites in canada

Editorial: E russesche Spioun, Beschëllegungen a keng Beweiser

Also wat do nees a Groussbritannien eng opgefouert gëtt, just

Wat huet de Franséische Wahlkampf zu Lëtzebuerg verluer?
International Neiegkeeten top 10 online dating sites in canada

Wat huet de Franséische Wahlkampf zu Lëtzebuerg verluer?

Des Fro stellt sech d’Sylvie Mischel op Facebook. D’Presidentin vun

What the Fakt – WhatsApp an Zukunft och voller Publicitéiten?

What the Fakt – WhatsApp an Zukunft och voller Publicitéiten?

Am Joer 2014 huet Facebook de Messengerdéngscht fir 22 Milliarden Dollar opkaaft. D’Konditioun vun de Grënner war et, datt wärend fënnef Joer hei keng Reklammen den Notzer solle stéieren. Genau dës Frist ass elo ofgelaf an et kann ee sech op Publicitéiten an der Applikatioun astellen!

Am Ufank war et eng simpel Iddi vun de Grënner Jan Koum a Brian Acton, déi mat enger Smartphone-App eng Alternative zur konventioneller SMS bidde wollten. D’Noriichte sollte per Internet verschéckt kënne ginn, sou datt ee weltwäit mat senge Frënn a Bekannten a Kontakt stoe kann. Bei enger Weltrees huet den Koum d’Erfarung gemaach, datt d’Netz oft limitéiert war, an engem esou immens vill Steng an de Wee geluecht gi sinn, fir iwwert Handy ze kommunizéieren.

Zeréck vu senger Rees entwéckelen déi zwee Grënner ee Service, den just aus Statusnoriichte besteet, ähnlech wéi bei ICQ. D’Resultat war een Desaster – d’Applikatioun gouf kaum genotzt. Eréischt d’Aktivatioun vun de Push-Notifikatiounen vun Apple huet et 2009 méiglech gemaach, datt d’Notzer hire Status aktiv der Communautéit matgedeelt hunn. Schliisslech gouf dunn d’Chat-Funktioun ageriicht, wouduerch WhatsApp zu dem ginn ass, wat et haut ass.

Ronn 1,2 Milliarde Leit notzen d’App a schreiwe pro Dag insgesamt ëm déi 65 Milliarden Noriichten. Fir d’Grënner Koum an Acton sollt et eng Plattform ouni Publicitéite sinn, wouduerch och d’Privatsphär vun den Notzer geschützt gëtt. Aus dësem Grond hu si beim Verkaf Verhandlunge mat Facebook getraff, datt wärend 5 Joer keng Reklamm um Service geschalt dierf ginn.

whatsapp

Elo ka Facebook lassleeë!

Mam gratis Messenger-Déngscht ka kee signifikanten Ëmsaz erzielt ginn – ee groussen Dar am Aen vu Facebook. Aus dësem Grond wëll d’Entreprise elo schnellstméiglech mat senger Errongenschaft Geld verdéngen, an dat duerch Publicitéiten. Bei dësem Schrëtt wëll Facebook awer wuel virsiichteg virgoen an den Notzer net direkt komplett mat Reklamme bombardéieren. „Wat Publicitéit ugeet, wäerte mir WhatsApp definitiv weider opmaachen“, sou den David Marcus, Messenger-Chef vu Facebook.

Esou gëtt gemunkelt, datt am Chat selwer wuel keng Publicitéit wäert ageblent ginn. An theoretesch gesi kann dëst ab haut de Fall sinn. Éischt Tester mëscht d’Entreprise elo bei enger klenger Benotzergrupp an Indien, uschléissend wäert d’Well u Reklammen och offiziell an anere Länner ugerullt kommen. Anscheinend sollt dann awer mat den USA ugefaange ginn, ier déi europäesch Notzer dru gleewe mussen.

Wéi wäert dat oflafen?

Den zwee Grënner war d’Privatsphär vun den Notzer jo immens wichteg, wat elo bei Facebook – sou wéi et ausgesäit – net méi de Fall ass. D’Entreprise wäert nämlech och d’Verschlësselung, fir datt keen den Chat matliese kann, ewech huelen. Esou kréien d’Mataarbechter Zougrëff op d’Texter, d’Fotoen an d’Videoen, déi d’User mat hire Kontakter deelen.

Deelt elo beispillsweis Persoun X der Persoun Y mat, datt seng Mikrowell futti ass, kritt d’Persoun X gezielt Offeren zu dësem Géigestand ugewisen. De Präis läit hei bei engem Betrag tëschent 1 an 9 Cent, wouduerch d’App bei 500.000 Mënschen op ee Betrag vu 45.000 Euro pro Annonce kënnt. An der Woch kéint Facebook esou Milliounen akasséieren.

Genau dëse Fait huet schonn am viraus ee vun de Grënner prophezeit. Wat elo genau geschéie wäert, gesäit een als Notzer eréischt, wann et esou wäit ass. A si mir emol éierlech: woufir gëtt et een Deinstallatiouns-Button?

Quellen:

Ähnlech Sujeten Facebook, Privatsphär, Publicitéit, Reklamm, Sécherheet, What the Fakt, WhatsApp
Nächsten Artikel Virrechten Artikel