Sichen

Dir kéint och nach folgende gefalen

Reider an Ritter um gréissten Mëttelalterfest an der Groussregioun
Kultur Neiegkeeten Stories

Reider an Ritter um gréissten Mëttelalterfest an der Groussregioun

D’Mëttelalter gëtt oft als grausam an däischter Epoch gesinn, an där Gesetzlosegkeet a Willkür

Fall Assange: Pressefräiheet erhalen a Whistleblower schützen
Kultur Neiegkeeten Stories

Fall Assange: Pressefräiheet erhalen a Whistleblower schützen

Déi lescht Woch ass bekannt ginn, datt déi ecuadorianesch Regierung

Déi italienesch Credem verfuusst sech a léisst d‘Salariéeën am Ree stoen
Kultur Neiegkeeten Stories

Déi italienesch Credem verfuusst sech a léisst d‘Salariéeën am Ree stoen

No 45 Joer Präsenz am Grand-Duché, huet déi italienesch Credem

What the Fakt – Haut ass de griichesche Feierdag vun der Fra

What the Fakt – Haut ass de griichesche Feierdag vun der Fra

All Joer gëtt um 8. Januar d’Fest mam Numm „Yinekokratia“, also de Feierdag vun der Fra zelebréiert. Fir d’Griichen ass et een Deel vun der Traditioun a Kultur, den bis an d’Antik zeréck geet.

Dëse Feierdag, zu Éieren vum weibleche Geschlecht, huet sech mat de Joerhonnerten entwéckelt a landeswäit etabléiert. Generell weess een, datt d’Entwécklung bis an d’griichesch Antik zeréck geet, déi eng zimlech matriarchalesch Gesellschaft gefouert hunn. Kuckt een d’Geschlechterrollen, sou ware si eis fréier schonn ee gutt Stéck viraus. An der Zäit ëm dat 8. Joerhonnert viru Christus hunn d’Griichen eng Rei Gëttinne gehat, déi weder an hirer Unzuel, nach an hirer Muecht, de männleche Gëtter hannendru gehaangen hunn.

An der Antik hunn d’Männer schnell erkannt, datt d’Fraen de Fortbestand vun der Gesellschaft garantéieren an ee si dofir respektéiere sollt. Bei jonke Meedercher war et gär gesinn, datt se eng Ausbildung maachen a spéider selwer Kanner kréien. Esou sinn si offiziell zur Härin vum Haus ginn. Och de Komödiendichter Aristophanes huet doriwwer geschriwwen, datt dat weiblecht Geschlecht deemools net ze bedauere war.

Sou ass mat der Zäit de sougenannten „Yinekokratia“, wat direkt iwwersat souvill wéi „Mammerecht“ bedeit, och nach als Matriarchat bezeechent, a Griicheland entstanen an huet sech virun entwéckelt. Wisou dëse Feierdag grad op den 8. Januar fält ass awer net gewosst.

Athena

D’Rolle gi getosch

Virun allem am Norde vu Griicheland gëtt den Dag vun der Weiblechkeet a klengen Dierfer vu bestuete Koppele gefeiert. Sou hëlt d’Fra um 8. Januar d’Roll vum Mann an, geet mat Frënn eraus an huet ee spaassegen Dag. De Mann dogéint iwwerhëlt déi alldeeglech Aufgabe vun der Fra, këmmert sech ëm de Menage an d’Kanner, kacht, botzt, a sou weider.

Et klengt immens no de Klischeeë vun den eenzele Geschlechter, an awer soll et eng Symbolwierkung hunn. Et ass een Dag, de Mann a Fra eigentlech strikt getrennt verbrénge sollen, fir esou richteg an d’Roll vum Aneren eran ze fillen. Déi meescht Regiounen huelen et awer net esou eescht a sou verbrénge Koppelen den Owend awer zesummen.

Et ass zwar eigentlech keen offizielle Feierdag, an awer freeën sech d’Griichen ëmmer op een neits, Yinekokratia ze feieren. Si selwer soen, datt den Dag fir si immens wichteg ass, wëll Männer a Fraen nees gesinn a verstinn, wéi den Alldag vum anere Geschlecht ofleeft. Esou entsteet ee gewësse Respekt an der Famill, bei der och déi, fir déi meescht Männer sou normal Saachen, nees geschat ginn.

Quellen:

Ähnlech Sujeten Fra, Geschlechterrollen, Griicheland, Matriarchat, Yinekokratia
Nächsten Artikel Virrechten Artikel