What the Fakt – De Saturn a seng Réng

Den technesche Fortschrëtt erlaabt et eis, d’Bild vun eiser Ëmwelt, de Liewewiesen an och dem Weltraum ëmmer weider ze completéieren. Um 12. November 1980 konnt d’Raumsond Voyager 1 déi éischt detailléiert Biller vum Saturn a senge Réng liwweren an domat d’Erfuerschung vum Planéit virun dreiwen.

Schonn de Galileo Galilei ass 1610, mat engem klenge Fernrouer equipéiert, den Androck net lass ginn, datt ëm de Saturn iergendeppes Rankaarteges schwieft. Esou richteg erkenne konnt hien awer duerch mangelnd Technik net esou wierklech, wat do ronderëm de Planéit ass. 45 Joer méi spéit gesäit de Christiaan Huygens als éischte Mënsch, datt de Saturn tatsächlech vun engem Rank ëmfaasst gëtt. Schonn deemools huet hien erausfonnt, datt dëse Rank enorm dënn muss sinn, well een en duerch eng frontal Dropsiicht u wéinege Wochen all 15 Joer net gesäit.

1973 ass schliisslech d’Raumsond Pioneer 11 lass geschéckt ginn, fir de Planéit ze erfuerschen. Deemols wosst een nach net genau, wéi heftegt de Meteoritereen ass, a sou war et ee schwéiere Wee bis zum 1,5 Millioune Kilometer entfernte Planéit. Et sollt awer just als Virbereedung fir d’Voyager 1 déngen, déi e puer Joer drop op hir Missioun geschéckt ginn ass.

D’Sond konnt an enger éischter Phas beispillsweis eraus fannen, datt 7 % vum Volume vun der Uewerfläch vum Saturn aus Helium bestoen. Um Planéit konnt souguer Wand festgestallt ginn, den um Equator mat bis zu 500 Meter an der Sekonn bléist.

Generelles iwwert de Saturn

De Rank ëm de Planéit wierkt wéi een kontinuéierlecht Band. Tatsächlech besteet en awer aus Millioune Stëbskären, Äiskristaller a Steng. Dës Mëschung kreest an enger dichter Wollek ronderëm de Saturn. Anscheinend sollen sou all d’Planéiten emol ausgesinn hunn, mam Ënnerscheed, datt sech d’Wollek mat der Zäit zesumme gedréckt huet an ee Mound entstanen ass.

Um Saturn dauert een Dag just 10,7 Stonnen. En huet een Duerchmiesser vun 120.536 Kilometer an eng Schwéierkraaft vun 9 Newton pro Kilogramm. Ee Mënsch den hei 80 Kilogramm wéit ass um Saturn ganzer 6 Kilogramm méi schwéier.

Nach ëmmer ass villes op an ëm eise Planéit onentdeckt. Mir sinn op alle Fall gespaant wat d’Zukunft eis nach alles iwwert eis Ëmwelt an de Weltall erziele wäert!

Quellen: