Sichen

Dir kéint och nach folgende gefalen

E Grond méi, d’Uespelter Schlass ze besichen
International Meenung Neiegkeeten

E Grond méi, d’Uespelter Schlass ze besichen

Zu Lëtzebuerg feelt et net u Buergen a Schlässer. Si

ULC: D’Präiserhéijung vum SNCT ass onverschimt!
International Meenung Neiegkeeten

ULC: D’Präiserhéijung vum SNCT ass onverschimt!

Vergaangene Freideg gouf bekannt gemaach, datt déi technesch Kontrollstatiounen am

Kann een ze vill froen?
International Meenung Neiegkeeten

Kann een ze vill froen?

Et gëtt net immens vill driwwer geschwat, mee ech hunn

WTO-Chef warnt virun de Gefore vum Handelskrich

WTO-Chef warnt virun de Gefore vum Handelskrich

All Mënsch weess datt et déi ganz Welt ass, déi am Fall vun engem Handelskrich verléiere géif, warnt op e neits de Patron vun der mächteger Welthandelsorganisatioun (WTO), Roberto Azevedo, nëmmen e puer Meter vum Wäissen Haus ewech, wou den US-President de Sträit ugefaangen huet.

De Roberto Azevedo, deen zanter 2013 d‘Geschécker vun der Welthandelsorganisatioun leed – déi wéi esouvill international Organisme vum Milliardär ugegraff gëtt – gëtt zou, datt et Reforme brauch, mee datt et net den internationalen Handel ass, deem d‘Verantwortung fir verlueren Aarbechtsplazen zouzeweisen ass, wéi den US-President ëmmer nees gäre behaapt.

„De System kéint besser sinn“, esou de WTO-Chef an enger Ried, an där hien de „gudde Wëllen“ begréisst huet, deen d‘Länner vum G20 zu Buenos Aires gewisen hunn, wéi och si sech fir eng Reform vun der Welthandelsorganisatioun ausgeschwat hunn. „Mir mussen eis vum Gedanken, datt den internationalen Handel ‚e Gewënner an e Verléierer ervirbréngt‘, trennen“, esou den Azevedo.

De Protektionismus a seng Folgen

Säit den Donald Trump un d‘Muecht komm ass (Januar 2017), huet hien sech e sëllech „unilateral Aktiounen“ geleescht. Emol huet hien en Handelsaccord einfach zerrappt, dann erëm mat sengen Douanestaxe laangjäreg Partner op d‘Palm gedriwwen. Dat ganzt mam Argument, datt dës Mesure geduecht sinn, den amerikaneschen Handelsdefizit an de Grëff ze kréien.

Dat war och ee vu villen „Argumenter“ déi de Milliardär am Wahlkampf benotzt huet, a mat deenen hien „seng Wieler“ iwwerzeegt kritt hätt, esou de Roberto Azevedo. Hien awer bleift dovunner iwwerzeegt, datt „all Mënsch vum Handel profitéiere kann“. Ausdrécklech begréisst huet de WTO-Chef, de Waffestëllstand am Handelskrich tëscht den USA a China, deen op 90 Deeg fixéiert gouf.

Hie gëtt awer ze bedenken, datt sollt et tëscht dësen zwee Handelspartner net zu engem Accord kommen, de Weltwirtschaftswuesstem bedreet ass. E Message deen esou och vum internationale Währungsfong (IMF) oder der Weltbank matgedroe gëtt. De Roberto Azevedo, huet allerdéngs och Versteesdemech fir déi Ängschten, déi an enger Ekonomie déi sech verännert, opkommen.

Wann hien och mat der Thees averstanen ass, datt et déi nei Technologie sinn, déi d‘Ursaach fir déi vill verlueren Aarbechtsplaze sinn, esou bleift den Handel en „Job-Moteur“. Seng Kapassitéiten a punkto: Produktivitéit, Innovatioun an Entwécklung vun neien Aarbechtsplazen, wieren enorm.

E Message dee weder am Wäissen Haus, nach an den US-Industriestanduerter ukënnt, déi bis ewell hir „Jobs“ gesinn hunn a Richtung Mexiko oder China ofzewanderen. De Roberto Azevedo bleift trotz allem optimistesch: „Ech sinn iwwerzeegt, datt een hei eng eemoleg Geleeënheet huet, wéi et se nëmmen emol pro Generatioun gëtt, fir de System vum Welthandel ze reforméieren.

mat AFP

Foto: De Generaldirekter vun der Welthandelsorganisatioun, Roberto Azevedo, huet wéineg Versteesdemech fir e Protektionismus, deen déi ganz Weltwirtschaft a Gefor bréngt. © Eric Piermont/AFP

Ähnlech Sujeten Donald Trump, Handelskrich, Protektionismus, Roberto Azevedo, Welthandel, WTO
Nächsten Artikel Virrechten Artikel