Sichen

Dir kéint och nach folgende gefalen

Wie séngt dann do? Eng Excursioun am Naturschutzgebitt Schlammwiss
Neiegkeeten

Wie séngt dann do? Eng Excursioun am Naturschutzgebitt Schlammwiss

Am Kader vun der Campagne „En Dag an der Natur“

D’Justiz am Déifschlof…
Neiegkeeten

D’Justiz am Déifschlof…

Zënter dem 16. Mäerz leeft net méi vill op eise Geriichter, fir net

Twitter huet den Trolls de Krich ugekënnegt
Neiegkeeten

Twitter huet den Trolls de Krich ugekënnegt

Et ass net den éischte Versuch vun Twitter sech géint

Zum Wuel vum Déier: D’Veterinärsverwaltung erënnert un de Schutz

Zum Wuel vum Déier: D’Veterinärsverwaltung erënnert un de Schutz

Nodeems eréischt viru kuerzem ee Besëtzer vu Reptilien veruerteelt ginn ass, wëll en d’Déiereschutzgesetz net befollegt huet, weist d’Veterinärsverwaltung nach emol op déi Haaptpunkten zum Déiereschutzgesetz vum 27. Juni 2018 an déi groussherzoglech Reegelung vum 16. November 2018 zu den autoriséierten Déieren an de Modalitéiten zur Autorisatioun fir d’Haltung hin.

Zu Lëtzebuerg dierfe just folgend net-Mamendéiere gehale ginn:

  • Zierfësch fir den Aquarium oder Weier;
  • Ziervullen fir de Käfeg oder d’Voliére, respektiv Déiere wéi Hénger a Gänsen;
  • Net-gëfteg Anthropoden (z.B. Spannen) fir den Terrarium, sou wéi Beien;
  • Net-gëfteg Mollusken (z.B. Schlécken) fir den Aquarium oder Vivarium;
  • Net-gëfteg Amphibië fir de Vivarium oder Wier;
  • Net-gëfteg Reptilien fir de Vivarium a Weier, ausser d’Deckelsmouk Trachemys Scripta, Schlaangen déi méi wéi 3 Meter laang kënne ginn, Krokodiller, Eidechsen a Varanen déi méi wéi 1 Meter laang kënne ginn.

D’Halen vun all Spezies, déi gëfteg ass oder déi virgeschriwwe Gréisst iwwerschreit, benéidegt eng Autorisatioun vum Ministère fir Landwirtschaft, Wäibau a ländlech Entwécklung.

Huet ee scho virun dem Akraafttriede vum Gesetz eent vun de genannten Déieren gehalen, da muss ee just den Datum vun der Uschafung confirméieren. D’Autorisatioun gëtt retroaktiv accordéiert, d’Reproduktioun gëtt allerdéngs net erlaabt. An all anerem Fall muss een de Formulaire ausfëllen an den Uweisungen nogoen.

All weider Informatioune kënnt Dir HEI noliesen.

Ähnlech Sujeten Amphibien, Anthropoden, Autorisatioun, Déiereschutzgesetz, Fësch, Haltung, Lëtzebuerg, Mollusken, net-Mamendéieren, Schlangen, Spannen, Veterinär, Vull
Nächsten Artikel Virrechten Artikel