Sichen

Dir kéint och nach folgende gefalen

Opgepasst: Virun Héichwaasser gëtt gewarnt !
speed dating melbourne young

Opgepasst: Virun Héichwaasser gëtt gewarnt !

Ugesicht den aktuelle Wiederkonditiounen, muss uechtert d‘Land mat Héichwaasser an

https://moien.lu/cs-go-matchmaking-server-probleme/
speed dating melbourne young

over 40 dating service

Gëschter huet d’Buergermeeschtesch vun der Stad Lëtzebuerg, d’Lydie Polfer, op

money
Editorial: Wat d‘Investissementsfonge vun dir erwaarden
speed dating melbourne young

Editorial: Wat d‘Investissementsfonge vun dir erwaarden

D‘Welt verännert sech rapid an deels och ganz Brutal, op

Wuessenden Onmutt bei der Police

CGFP fuerdert eng Entrevue mam Minister

Wuessenden Onmutt bei der Police

Déi jéngsten Aussoen, déi et de leschte Méindeg am Kontext vun der Generalversammlung vun der Police-Gewerkschaft SNPGL ginn hat, hunn an der Ëffentlechkeet fir entspriechend Gespréich gesuergt.

An den SNPGL-President Patrick Ricquier huet unhand ville Beispiller, op déi Problemer opmierksam gemaach, déi et ënnert anerem bei der Ëmsetzung vun der Policereform an dem neien Aarbechtsrecht gëtt. Déi Aart a Weis, wéi derzäit den Debat gefouert gëtt, dierf awer net iwwert de Kär vun der Saach ewechtäuschen.

Opgrond vun de jéngsten Entwécklungen an dëser brisanter Ugeleeënheet hält d‘CGFP et fir ugemooss, sech elo „anzeschalten“. D‘Beruffsorganisatioun vun allen am ëffentlechen Déngscht beschäftegte rifft dréngend dozou op, déi Problemer déi et offensichtlech bei der Police, wéi och an anere Beräicher gëtt, an Rou an Zäitno zesummen unzegoen.

Op Ufro vun der Gewerkschaft vun der Force Publique (SPFP), an deem Arméi a Police vereent sinn, huet d‘CGFP rezent an engem Bréif un den zoustännege Minister fir Bannesécherheet a Verdeedegung, François Bausch, dozou opgefuerdert, sech mat de betraffenen Acteure gemeinsam un en Dësch ze setzen, fir a konstruktive Gespréicher Léisungen ze fannen.

Als verantwortungsvolle Sozialpartner gesäit sech d‘CGFP an der Flicht, fir all déi Poliziste Partei ze ergräifen, déi bei der Ausübung vun hirem Beruff dagdeeglech mat de selwechte Problemer konfrontéiert sinn. Bei der Generalversammlung huet sech den SNPGL ënnert anerem iwwer Duebelschichte beschwéiert, déi am Déngscht geleescht musse ginn.

Polizisten déi den Elterecongé zum Deel an Usproch huelen, missten trotzdeem Iwwerstonne maachen, esou e weidere Kritikpunkt. E kloren Dementi zu dësem an aneren e Méindeg genannte Fäll huet et bis ewell weder vum Minister, nach vun der Generaldirektioun vun der Police ginn. De Minister behaapt sech drop am „Team no enger Léisung“ sichen ze wëllen.

Un de Minister dann och den Appell, et net just bei enger Ukënnegung ze beloossen. Iewescht Prioritéit muss et sinn, esou séier wéi méiglech déi Efforten ze maachen, déi noutwenneg sinn fir en Auswee aus der Sakgaass ze fannen. D‘Aarbechtsweis vun der Police dierf op kee Fall onnéideg beanträchtegt ginn.

Beim ustoenden Treffen dierf dann och net ausser uecht gelooss ginn, datt et och an anere staatleche Servicer an Administratiounen ähnlech Problemer bei der Ëmsetzung vum Aarbechtsrecht gëtt, déi gläichfalls enger Léisung bedierfen.

Falls et an der Vergaangenheet versaumt gouf genuch nei Mataarbechter fir de Police-Déngscht anzestellen, da kann et net dorobber erauslafen, datt elo haseleg Konzepter ausgeschafft ginn, déi dauerhaft zu Laaschte vum aktuelle Personalbestand ginn.

D‘CGFP weist dann och nach emol ausdrécklech drop hin, datt si d‘Aféierung vun den Zäitspuerkonten nach ëmmer fir eng grouss Errongenschaft hält, och wa grad an de Verwaltungen an deene Schichtbetrib geleescht gëtt, ufänglech Problemer opgetaucht sinn. Déi sinn awer mat gesondem Mënscheverstand keng oniwwerwannbar Hürd.

matgedeelt vun der CGFP, aus dem däitschen Iwwersat, Laure Schlesser

Ähnlech Sujeten CGFP, François Bausch, Onmutt, Police, SNPGL
Nächsten Artikel Virrechten Artikel